BBC Arantia Larochette

  • News
  • Results
  • Teams
  • Practice Times
  • Gallery
  • History
  • Sponsors
  • Former Teams
  • Filano Gym
  • Larochette
  • Links
  • Contact
  • Archiv

Schaumparty @ Birkelt den 23.Mee 2009 nierwt der Haal an der Fiels organiseiert vum BBC Aranta Larochette!

Picture
Den 23. Mee organiséieren mir eng grouss Schaumparty nierwt eiser Haal op Birkelt. Ugefaang gett um 22.00 Auer an et ass riwer um 03.00 Auer. D'Musek gett vun 22.00 Auer bis 00.00 Auer vun den Crash Dummies gemach an vun 00.00 Auer bis 03.00 Auer leet den DJ SIR OLIVER op. Fir den Transport ass och gesuergt.Et fueren 4 Late Night Bussen, 2 an der Regioun Melllerdall an 2 an der Regioun Norden. Mei infoen ennert http://www.lnb.lu/agenda.php an http://www.latenightbus.info/ .
Oweskees ass 7 Euro an Virverkaaf ass 4 Euro.Happy Hour ass vun 22.00 bis 23.00 Auer!

See you there!;)

Hären: Victoiren géint Berbuerg an Péiteng

05/05/2009

An den 2 leschten Matcher vun der Saison hun d’Hären endlech erem gewonnen. No den 3 Défaiten hannerteneen géint déi direkten Konkurrenten an der Tabell, haten des 2 Matcher allerdéngs keng Bedeitung fir d’Klassement. Souwuel beim Auswärtsmatch géint Berbuerg (74-62) wéi och beim Heemmatch géint Péiteng (82-72) si mir fréi an Féierung gaangen an d’Victoiren waren nii an Gefoer. D’Equipe huet wesentlech besser an virun allem méi befräit gespillt wéi déi Wochen vierdrun an konnt zäitweis duerch déi schnell Spillweis iwwerzeegen.
An der Tabell vun der Opstiegpoule, si mir lo mat 6 Victoiren an 4 Défaiten gläich mat Mamer op der 3. Plaaz. No der iwwerzeegender Qualifikatiounsronn ass dat allerdéngs eng hefteg Enttäuschung.

Des Saison bleiwt bei den Hären virun allem duerch déi gudd Prestatiounen an den Coupen positiv an Erennerung. Mam Errechen vun der ¼ Final an der Coupe de Luxembourg, haaten mir mam Match géint Steesel an der Fiels een schéinen Highlight an mam Gewenn vun der Coupe FLBB an der Coque konnten mir dest Joer emmerhin een Titel feieren.

Fir d’Hären an Damen ass d’Saison ofgeschloss. Et bleiwen elo nach 2 Spilldeeg bei den Minis an Fillettes.

Hären: Arantia - Mamer 68-81

27/04/2009
Elo ass den Opstieg fir d'Hären definitv ofgehakt. Huet et nach virun 2 Wochen ganz gudd ausgesin, sou hun dei 3 Défaiten hannerteneen all hir Chancen op den Opstieg kascht. Géint Equipen, géint déi mir am Ufank vun der Saison nach gewonnen hun, sin an der Opgstiegpoule op eemol wichteg Matcher verlueren gaangen an well den Punktekonto erem bei null ugeet, huet den gudden Start an d’Saison net vill bruecht.

Zum Match gett et net vill Positives ze soen. Et war gewosst, dass et déi lescht Chance war fir nach kennen op eng Opstiegplaaz ze klammen an trotzdem sin mir direkt an Réckstand geroden. Den ganzen Match war Mamer liicht an Féierung bis mir zum Schluss vum dretten Véierel mat 49-48 vir komm sin. Trotzdem sollt et bis zum Schluss net duer goen, well mir hinnen ze vill einfach Schess erlaabt hun.

D'Dammen hun desen Weekend och verluer an zwar zu Wolz mat 78-57.

Nidderlag géint Hesper: 60-90

20/04/2009
Mat der zweeter Défaite an 3 Deeg hun d’Hären hir Chancen op den Opstieg erem verschlechtert. Mir konnten just am éischten Véierel mam Géigner aus Hesper mathaalen. Duerno haten mir géint déi gudd agespillten Hesper Spiller op den zwou Säiten vum Terrain keng Äntwert parat. Sou ass den Réckstand am 2.Véierel emmer méi grouss gin an et war spéitstens am Ufank vum 3.Véierel kloer un wen d’Victoire géif goen.
Evolutioun vum Score : 10’: 18-21, 20’: 30-47, 30’:45-69, 40’: 60-90

Elo bleiwen an der Opstiegpoule nach 3 Matcher ze spillen, déi mir onbedéngt mussen gewannen fir eventuell nach op eng Opstiegplaaz ze klammen.


Disappointing defeat against Grengewald! 80-65

19/04/2009
An der Reckronn vun der Poule Montée gouf et schon mol direkt een kraeftegen Reckschlaag an der Course fier dei 2 eischt Plaatzen! Mir verleieren am Grengewald mat 80-65.Et huet net schlecht ugefaang, nom eischten Veierel loungen mer 22-21 vir. Déi eischt Minuten am zweeten Veierel waren dunn och nach net schlecht,mier loungen zäiteweis mat 5 Punkten vir,mee dunn huet de Grengewalder Coach een Time-Out geholl an daat schengt gehollef ze hun! Den Grengewald huet een 20-0 hingeluecht! An der Zait haaten mier einfach näischt dagéint ze setzen! Mer loungen an der Halbzeit dunn 52-37 hannen.
Am dretten Veirel ass et och net vill besser gaang, mer krutten einfach keng einfach Schess an hannen hun mer oft an der Defense gepennt.Sou war et dunn och net verwonnerlesch dass mer nom dretten Veierel nach emmer mat 16 Punkten hannen loungen. Mee et sollt na mei schlemm kommen.Am leschten Veirel hun mer an den eischten 8 Minuten 2 Punkten geschoss! Mer loungen no 38 Minuten mat 28 Punkten hannen! Well mer awer hun missen op manner wei 22 Punkten verleieren fir den besseren direkten Verglach par rapport zum Grengewald ze hun, hun mer eis weinstens nach 2 Minuten um Rimm gerappt an hun an deenen 2 Minuten een 13-0 geschoss an hun soumat den Schued an Grenzen gehaal.
Lo geet et den Sonnden geint Hesper! Dei Hesperer sin gaanz gudd drop an et ass gewosst dass et immens schweier gett.Mee mer mussen eis einfach bewosst sin, dass et em alles geet an desen Match muss gewonn gin soss gesäit et net gudd aus. Mer hun et elo nach an eegener Hand! Also kommt eis ennerstetzen den Sonnden um 20:30!
GO FOR IT ARANTIA!!

Hären: Péiteng - Arantia 57-66

06/04/2009
An enger vun Ufank un bis zum Schluss hektescher Partie, konnten sech eis Hären auswärts géint Southside Péiteng mat 57-66 duerschsetzen. Op béiden Säiten ass sech näischt geschenkt gin, an et waren dei Péitenger déi besser an den Match fonnt hun an am éischten Véierel schon mat 20-6 vir waren. Réicht no desem dach groussen Réckstand si mir an den Match komm an hun den Géigner duerch eng haart Defense enner Drock gesaat. Mat 27-17 ass et an den 2. Véierel gaangen an den mir dann duerch Interceptiounen an der Verteidegung zu einfachen Kierf komm sin an den Réckstand ophuelen konnten. Am Ufank vum 3. Véierel hu mir dann endlech d’Féierung iwwerhol, déi mir eis bis zum Schluss net méi huelen geloos hun.

Evolutioun vum Score: 10': 27-17, 20': 35-34, 30': 47-57, 40':57-66

Scorers: Kirpach Luc 15 , Nunes Rui 14, Hansen Jérôme 12,Hansen Christian 11, Nunes Pedro 10, Silva Humberto 4,

An der Tabell stin eis Hären no der Hinronn vun der Opstiegpoule gläich mat Hesper op der 1.Plaaz.

D’Dammen hun desen Weekend mat 74-52 zu Kielen verluer während d’Espoirs doheem géint Zolwer 91-64 gewonn hun.


Hären: Win against Berbourg: 85-61!

04/03/2009
Géint den Tabellenleschten aus Berbourg war gewosst, dass nemmen eng Viictoire géif zielen.No den éischten 5 Minutten stoung et awer schon 4-12 fir d'Gäscht an réicht no engem Time-Out koum eng Reaktioun sou dat mir den éischten Véierel awer nach mat 18-13 konnten gewannen. Nom 2.Véierel war dunn kloer un ween dessen Mätch géif goen. Mir hun den Véierel mat 29-15 gewonn an waren soumat baal 20 Punkten an der Paus fier an bei Berbourg huet et net sou ausgesin wei wann se nach eng keier geifen remkommen.
Sou war et dunn och. Mir hun den Véierel 20-19 gewonn an mir konnten d'Spiller rotéieren. Den Raoul Weiler an den Mirko Martellini waren seit laanger Paus och rem dobäi an si hun hier Première am Championnat gefeiert fier dest Joer. Am leschten Veierel huet den Coach Feyerstein dunn praktesch dei ganz Starting Five vum Terrain geholl an huet den Rescht vun der Equipe spillen geloos.Si hun sech gaanz gudd geschloen an hun den Veierel mat 18-14 gewonn sou dass et zum Schluss eng kloer Victoire ze verbuchen gouf!
Elo geet et den Sonnden um 6 Auer op Peiteng wou et gellt opzepassen well Peiteng muss den Mätch gewannen fir hir Chancen op den Opstieg z'erhaalen!

Scorers: Nunes Rui 23 , Hansen Jérôme 20, Hansen Christian 11, Kirpach Luc 7, Martellini Mirko 7, Nunes Pedro 6, Silva Humberto 4, Kirpach Christophe 4, Weiler Raoul 3.

Arantia back on first place after the important Win against Mamer: 57-65!

23/03/2009
No der enttäuschender Neierlaag geint Hesper hun mer eis geint Mamer zreck kaaf an stin lo rem op der eischter Plaatz am Classement.Et war gewosst dass wann desen Mätch geif verluer goen,et geif gaanz schweier gin fier uewen drun ze bleiwen.Duerch des Situatioun sin mer gaanz konzentriert an desen Mätch gaang an mat Hellef vum Capitän Chrsitian Hansen deen no engem Mätch Paus erem um Terrain stoung, konnten mer desen wichtegen Mätch gewannen.Dei eenzeg kéier wou mer hannen waren, war wei et 2-0 stoung fier Mamer.Duerno hun mir den gaanze Mätch iwer Rou behaal.
Nom eischten Veierel stoung et 17-17,an reicht am 2ten Veirel konnten mer een Ecart erausspillen an mat 7 Punkten Virsprong an d'Paus goen.Bis dohinner haat den wichtegsten Spiller vun Mamer, den Srzic Josco schon 4 Feeler an mir hun en guer net an Spill kommen geloos.Am dretten Veierel hun mier dunn gaanz staark ugefaang an duerch en Dreier vum Jérôme an vum Rui ass eis Avance an enger Minute op 13 Punkten geklomm.Ab do hun mier desen Avantage gereiert.Wei dunn 8 Minuten virun Schluss den Srzic Josco sein 5 Feeler gepaff krutt wa den Mätch definitiv gelaaf.

Scorers: Nunes Rui 14 ,Hansen Christian 14, Kirpach Luc 14, Hansen Jérôme 13 ,Kirpach Christophe 5 ,Nunes Pedro 3, Silva Humberto 2.

Create a free website with Weebly