BBC Arantia Larochette

  • News
  • Results
  • Teams
  • Practice Times
  • Gallery
  • History
  • Sponsors
  • Former Teams
  • Filano Gym
  • Larochette
  • Links
  • Contact
  • Archiv

Coupe 1/4 Finals: Arantia 64 - Amicale 104

10/01/2009
Mat ronn 260 Zuschauer war eis Hal fir den Véierelsfinalmatch géint d’Amicale vun Steesel ganz gudd gefellt. Den Tabellenleader aus der Diekirch League ass trotz eisem 20 Punkten Virsprong als haushéichen Favorit an den Match gaangen. Mam 20 Punkte Viersprong an der Verpflichtung vum Victor Toribio war d’Spekulatioun ronderem desen Match zimlech grouss.

Wéi mir dann den éischten Kuerf vum Match geschoss hun, huet een vläit nach een Ament een spannenden Match erwaard. Déi Ufanksminutten vum Match waren nach einigermoossen ausgeglach mee dorophin huet Steesel sech besser op eis Zone-Defense agestallt an vun allen Positiounen getraff. Dernieft hun si mat hierer Press-Verteidigung vun Ufank un eis immens  Problemer beim Spillopbau bereed an sin esou duerch eis Ballverlescht emmer erem zu einfachen Kierf komm. Sou ass eisen Virsprong logescherweis emmer mei kléng gin an schon no 13 Minutten haat sech Steesel d’Féierung (35-37) erkämpft. Mat engem offensiv schwaachen 2. Véierel vun eiser Säit war den Score an der Halbzeit 42-61. Am 3. Véierel huet den Géigner säin Virsprong weider ausgebaut. Am leschten Véierel ass et dunn bei eis endlech sowuel offensif wéi och defensiv besser gelaaf sou dat mir den leschten Véierel konnten gewannen an den Ecart an engem akzeptablen Beräich haalen.

Evoutioun vum Score: 10': 35-29, 20': 42-61, 30':46-88, 40': 64-104

Scorers: Nunes Rui 13, Nunes Pedro 10, Toribio Victor 10, Hansen Christian 6, Hansen Jérôme 5

Och wann mir een gudd Stéck besser kennen spillen wéi dat wat mir an desem Match gewisen hun, war et fir eis jonk Equipe secherlech eng flott Erfahrung virun esou enger Kulisse ze spillen. D’Erwaardungen an der Coupe de Luxembourg sin mam Errechen vun der 1/4Final méi wéi erfellt gin. Fir eis Hären-Equipe geet et elo dorems am Championnat an an der Coupe FLBB déi respektiv Zieler ze erreechen.

Iwwregens bedanken mir eis  bei eisen Supportern an der Fielser Musek fir hir wertvoll Ennerstetzung während dem Match.


1/4 of the Coupe de Luxembourg at the Filano Gym!

Den 8. Januar um halwer 9 spillt Fiels an der 1/4 Final vun der Coupe de Luxembourg geint den eischten vum Land, d' Amicale Steesel ! Fiels geet mat engem Viersprong vun 20 Punkten an den Match an waert natierlech probeieren sech sou gudd wei meiglech aus desem Match eraus ze zeihen! Mat der Hellef vum Victor Toribio an en bessen chance waerten sie alles gin an probéieren der Amicale vlait een Been ze stellen, waat natirlech gaanz gaanz schweier waert gin!
Also kommt den Donneschten an d'Fiels an ennerstetzt eis esou vill wei meiglech!


Victor Toribio will reinforce Arantia against Steinsel!

Picture
Den BBC Arantia waert fier den Match geint Steesel op Hellef vum Victor Toribio zielen kennen ! Den Victor ass 26 Joer aal , 196 cm grouss an kennt aus Amerika! Heen spillt op der Positioun 3 oder 4.


Draw of the Cup 1/4 Finals: Arantia - Amicale

Picture
07/12/08
Leschten Freiden gouffen d’Véierelsfinalen vun der Coupe de Luxembourg geloust. Am Tour vun denen leschten 8 Equipen treffen eis Hären op d’Amicale vu Steesel, den aktuellen Tabellenzweeten aus der Diekirch League. Wéinst dem Coupe-Reglement, gin mir mat engem Virsprong vun 20 Punkten an den Match. Gespillt gett den 8. Januar em 20:30 an der Fiels. Mir hoffen also an dem schwéieren Match op aer Ennerstetzung zielen ze kennen!
Hei dann nach dei aner Véierelsfinalpartien :

Résidence-Contern
Etzella-Sparta
Basket Esch(+10)- T71


Seniors A: Wasserbillig 61-Arantia 71

07/12/08
Desen Weekend gett et erem eng Victoire bei den Hären ze verzeechnen an zwar ass hinnen am Retourmatch géint Wasserbelleg d’Revanche gegléckt. Mat engem gudden eichten Veirel (12-22 ,dovunner 18 vum Rui !!) huet et no enger lockerer Victoire ausgesin mee schon am zweeten Véierel huet Wasserbelleg eisen Virsprong vun 10 Punkten erem ausgeglach. Virun der Paus konnten mir eis dann erem liicht ofsetzen (28-37) an an der zweeter Halschent desen Virsprong méi oder wéineger souverän géréieren.

Scorers: Nunes Rui 27, Silva Humberto 12, Kirpach Luc 12, Hansen Jérome 11, Nunes Pedro 6, Kesler Yvan 2.


Second Win in a row against Kayl: 64-71!

30/11/08
No der Victoire (47-78) an der Coupe  leschten Mettwoch zu Kayl, hun eis Hären geschter erem missten géint den selwechten Géigner untrieden. Wahrscheinlech doweinst huet d’Motivatioun am Ufank vum Match méi grouss bei den Käler wéi bei eisen Spiller geschengt. Sou haaten mir an der éischter Halschent ganz vill Schwieregkeeten fir géint dei physech staark Equipe vun Kayl Punkten ze markéieren. Beim Score 31-25 war an der Halbzeit  awer nach näischt entscheed.
Am dretten Véierel ass et dunn offensif weider net gudd gelaaf an wéi den Christian säin fenneften Feeler gepaff krut, huet et fir eis ganz schlecht ausgesin.  Duerno hu mir awer direkt am Ufank vum véierten Véierel eng Reaktioun gewisen an hun an zwou Minutten den Réckstand vun 7 Punkten opgehol. Vun do un war et eng ganz équilibréiert an serréiert Partie wou d’Féiereung permanent gewiesselt huet  bis mir eis 3 Minutten virun Schluss liicht konnten ofsetzen an déi Féierung haalen.

Scorers: Nunes Rui 19, Kirpach Luc 17, Nunes Pedro 12, Hansen Jérôme 8, Kirpach Christophe 6, Silva Humberto 5, Hansen Christian 4.

Evolutioun vum Score: 10': 15-11, 20': 31-25, 30': 47-40, 40': 64-71

Am Classement sin eis Hären elo op der éischter Plaaz  an sin um richtegen Wee fir sech fir d’Poule-Montée ze qualifizéieren.


Larochette reaches 1/4 finals of the Coupe de Luxembourg by winning 47-78 in Kayl!

27/11/08
Fiels steet an der Véirelsfinal vun der Coupe de Luxembourg!
Virum Mätch geint Red Miners Kayl huet vill op een spannenden Mätch hingedeit: dei éischt aus der Nationale 3 Poule A, Fiels géint  Kayl, dei zweet aus der Poule A.
Am Ufaank huet et dunn och dono ausgesin.No 5 Minutten war et nach zimlech enk an et stoung 6-7 fier eis. Dunn hun mer awer an de Mätch fonnt an mat engem klengen Run vun 5-14 eng Avance vun 10 Punkten erausgespillt !
Am zweeten Véierel war dunn een equilibréierten Mätch an et den Virsprong ass och eng Kéier bis op 4 Punkten zreckgaang mä dunn awer bis an d'Paus rem op 7 Punkten liicht an d'Lucht gaang (26-33).
No der Paus wollten mer dunn direkt d'Entscheedung an mir hun daat dann och realiséiert an mat engem 16-5 an 5 Minutten den Sak zougemach, fir mam Score vun 38-59 an den leschten Veirel ze goen.
Do huet dunn den Rescht vun der Equipe nach gewisen waat se kennen fir mat 47-78 zum Schluss dach zimlech däitlech ze gewannen.
Lo geet et an der nächster Ronn géint eng Equipe aus der Nationale 1 oder 2!

Scorer: Nunes Rui 24, Hansen Jérôme 17, Nunes Pedro 11, Hansen Christian 11, Kirpach Christophe 9, Kesler Yvan 3, Klee Gilles 2, Kirpach Luc 1.

Evolutioun vum Score: 5': 6-7, 10': 11-21, 15': 18-27, 20': 26-33, 25^: 31-49, 35':46-66

Hei ass dann nach den Link zum Online-Bericht vum Quotidien: http://news.lequotidien.lu/news/128/ARTICLE/1309/2008-11-27.html

Well done Arantia!!


Very important Win against Grengewald:86-67!

22/11/08
No engem enttäuschenden éischten Véierel wou mir mat 20-26 hannen loungen,huet et net ganz gudd ausgesin fir eis.Am zweeten Véierel as et dunn ennert dem Impuls vum Rui  besser gaang an mir loungen an der Paus 43-41 vir. Am dretten Véierel ass et dem Grengewald gelong an den éischten Minutten nach eng Kéier Drock ze maan mee dunn ass et bei eis besser gelaaf an mir hun lues an lues een Virsprong rausgespillt fir mat 12 Punkten Avance an den leschten Véierel ze goen! Do hun mer näicht ubrennen geloos an mat 86-67 gewonn.
Elo gellt et nächst Woch daat naemlecht an der Achtelsfinal vun der Coupe zu Kayl ze realiseiren!

Scorers:
Nunes Rui 28, Kirpach Christophe 20, Hansen Christian 18, Hansen Jérôme 16, Nunes Pedro 4.


First Victory for Women Team and Win for Men Team against Preizerdaul!

17/11/08
Endlech war et sou wäit. Eis Damen hun hieren éischten Match geint Dikrech gewonn. Mat engem  däitlechen Resultat vun 74:35 konnten sech eis Fielser Damen geint d'Lokalequipe duerchsetzen an domadder hier éischten Victoire feiren.
Bei den Hären konnt dei 1.Equipe wei erwaart däitlech geint den Preizerdall gewannen an zwar dest mat engem Resultat vun 52:94. Dobei sin dei 2 Nunes Bridder genau sou wei den Jerôme Hansen mat hieren effektiven Distanzschess an der Offensive opgefall. Ervirzehiewen bleiwt och dass och des Keier rem jidereen Punkten geschoss huet.Leider war desen Daag an der Defense den Rebound eis Schwächt dei et ze behiewen gellt géint den Géigner vun der nächster Woch: Dem Grengenwald.

Scorer:
Nunes Pedro 18, Hansen Christian 17, Nunes Rui 17, Klee Gilles 15, Hansen Jérôme 10, Kirpach Christophe 7, Kirpach Luc 6, Kesler Yvan 4.


Men: Road Win at Mamer

Mat engem 14-2 Laaf an den éischten 4 Minutten hun eis Hären den Match ganz staark ugefaang. Duerno ass d’Lokalequipe awer besser an den Match erakomm an esou ass eisen Virsprong successiv geschrumpft. An der Halbzeit waren et dann nach 7 Punkten Virsprong (33-40). Am dretten Véierel konnten mir eis net erem ofsetzen an et koum bis zum Gläichstand (51-51). Am leschten Véierel ass et dunn offensiv erem besser gelaaf an mir hun eis Distanzschess erem getraff sou dass mir eng wichteg Victoire konnten anfueren (65-74).
Scorer: Nunes Rui 21, Hansen Jérôme 21, Nunes Pedro 15, Kirpach Christophe 10, Hansen Christian 6, Wealer Philippe 1.

D'Damen waarden weiderhin op hier éischt Victoire, den Weekend hun si mat 53-78 géint Nitia verluer.


Draw of the Cup 1/8 Finals: Kayldall vs. Arantia

Picture
Leschten Freiden gouffen d’Achtelsfinalen vun der Coupe de Luxembourg geloust. Eis Hären kruten mat den Red Miners vun Kayldall een Géigner aus der eegener Divisioun zougeloust. Den Match gett zu Kayl gespillt an dat den 26. oder 27. November.

Hei dann nach dei aner Achtelsfinalpartien :

Soleuvre (+10) - T71
Résidence - Heffingen
Péiteng (+20) - Etzella
Contern - Mersch
Bascharage - Basket Esch
Amicale  - Musel-Pikes
Pall Aarel (+10) - Sparta



Huge Win against Limpertsberg! 112-39

No der exzellenter Victoire géint Mondorf an der Coupe, gewannen eis Seniors A hieren éischten Championnatsmatch vun der Saison an dat géint den US Lampertsbierg. An enger eensäitecher Parti, gewannen si däitlech mat 112 op 39. Ervirzehiewen ass nach, dass all eis Spiller Punkten markéiert hun.  
Scorer: Kirpach Luc 22 , Nunes Pedro 18, Klee Gilles 12, Nunes Rui 11, Hansen Jérôme 10, Hansen Christian 10, Gonner Claude 9, Kesler Yvan 8, Silva Humberto 7, Kirpach Christophe 4.

Am Championnat ass elo eng Woch Paus an duerno geet et fir eis Hären den 9.November op Mamer.


Larochette blows out Mondorf (Nat.2) 87-56!!

Picture
No enger enttäuschender Neierlaag geint Waasserbelleg huet Seniors A Equipe sech mei wei zreckkaaft an gewannen geint Mondorf mat 87-56 an stin domat an den 1/8 Finalen vun der Coupe de Luxembourg.
Si sin mat engem Viersprong vun 10 Punkten an de Mätch gaang an hun duerch eng gaanz gudd defensive Leeschtung an eng gudd Offensive sech bis an Paus kennen een Viersprong vun  21 Punkten erschaffen!
No der Paus as et dunn sou weider gaang an mier hun zum zum Schluss deitlech gewonn!
Ab deser oder speitstens der nächster Woch daerf dann och den Phillippe spillen sou dass mer am Championnat lo och sou richteg lass läen kennen an hoffen kennen dass lo den Knuet geplatzt as fier dest Joer !

Evolutioun vum Score: 10':28-19, 20': 47-26, 30': 68-42, 40': 87-56

Scorer: Hansen Jérôme 18, Nunes Pedro 18, Nunes Rui 15, Kirpach Christophe 11, Hansen Christian 8, Gonner Claude 5, Kirpach Luc 2.


Still no win for Women Team!

D'Fielser Damen hun och nom Mätch geint den Lampertsbierg nach emmer keen Mätch gewonn.Sie verleiren doheem  deitlesch mat 34-78. Bleiwt ze hoffen dass sech do geschwen eppes ännert!
D'Hären B verleiren ganz knapp matt 64-66.hei as ze soen dass den Ali sein eichten Mätch fier Fiels gespillt huet! Et gett awer een erfreeleg Resultat desen Weekend, an zwar dass Minien hieren eichten Mätch gewannen.Sie gewannen ganz knapp 38-39 geint BC Mess B.


Surprising loss against Wasserbillig! 80-86

Onerwaard verleiert  Senior A Equipe doheem mat 80-86 an sin soumat schlecht an den Championnat gestart !
No enger gaanz schlechter eichter Halbzeit an der Waaserbelleg einfach alles getraff huet an mier ganz schlecht defense gespillt hun louchen ma no 10 minuten schon 16-26 hannen! Den zweeten Veierel wa net annescht an mier louchen no 20 minuten 29-48 hannen.
Am dretten Veierel hun se sech dunn gerappt, konzentreiert defense gespillt an sin och belount an loungen no 28 minuten mat 4 punkten fier.Mee dunn sin se rem onkozentreiert feeler gemach an louchen dunn no 30 minuten 1 punkt zreck.(58-59).Den 4ten Veierel war een ausgeglachenen Veierel mee mam besseren Schluss fier Waaserbelleg.Lo bleiwt ze hoffen dass sie sech rappen an geint Mondorf alles gin!

Hei as Punktenopdeelung: Nunes Pedro 23, Hansen Jérôme 17, Silva Humberto 15, Nunes Rui 10, Kirpach Christophe 6, Klee Gilles 4, Gonner Claude 4, Kirpach Luc 1.


Larochette wins hard fought game against Hesperange with 72-63!

D'Fielser Hären sin gudd an dei nei Saison gestart an gewannen an der Fiels mat 72-63 geint Hesper. De Mätch huet net imens gudd ugefaang fier Arantia.noom eichten Veirel stoung et 18-19. Defense huet net geschengt ze stemmen.Noom zweeten Veierel war de Knuet nach emer net geplatzt an dei 2 Nunes Bridder  hun se mat puer wichtegen Dreier zum Schluss vum Veierel am Mätch gehaal, fier dann mat 32-35 an Paus ze goen.Neicht war also verluer!Am dretten Veirel as et dann beser gelaaf fier d'Arantia! Ennert dem Impuls vum Humberto as et besser gaang an mier kruten och mei Rebounds! Nom dretten Veirel stoung et 47-45.Am lechten Veirel huet dunn d'Equipe seng Chance erkannt an huet sech emmer mei ofgesaat.Den Jérôme haad entlech sein Schoss fonnt an soumat d'Victoire festgehaal.Um een huet d'Arantia sech dann mat 72-63 duerchgesaat ! 

Hei sin Scorer vun der Fiels an desem Mätch:Nunes Rui 21, Nunes Pedro 18, Hansen Christian 16, Hansen Jérôme 7, Kirpach Luc  6, Silva Humberto 4.

Damen hun hier zwee eischt Championnatsmätcher verluer! Am Preizerdaul verleiren sie 94-41.
Geint Peiteng verleiren sie 41-54.
Minien verleiren och 21-54 geint Berbuerg, an Seniors B gewannen 85-53 geint Kayldall B.


Create a free website with Weebly