- News
- Results
- Teams
- Practice Times
- Gallery
- History
- Sponsors
- Former Teams
- Filano Gym
- Larochette
- Links
- Contact
- Archiv
Victoire fir d'Hären géint Bascharage 95-81
14/12/2009
Eisen Hären ass d’Revanche fir d’Défaite am Hinmatch géint Bascharage gelongen. Den Match war bis an den 3. Véierel enk an dat well den Géigner eiser Equipe virun allem ennert dem Kuerf Problemer bereed huet. Am leschten Véierel hun eis Hären deen Problem besser an den Greff kritt an konnten sech an den ésichten Minutten vun dem Véierel duerch en puer Konterattaquen definitif ofsetzen fir den Match mat 95-81 (37-38) fir sech ze entscheeden.
Mat Zolwer haten och eis Damen en schwéieren Géigner op Besuch. Trotz enger gudder Leeschtung hun si sech mussen mat 57-80 (25-35) geschloen gin.
Resultater vum Weekend :
13.12 19h30 Hären Arantia- Bascharage 95-81
13.12 18h00 Damen Arantia-Zolwer 57-80
12.12 17h00 Espoirs Aranita-Preizerdaul 118-48
12.12 15h30 Minis Arantia-Limpertsberg 41-45

Hären gewannen zu Waasserbelleg 65-80
07/12/2009
D’Hären hun zu Waasserbelleg den 5.Match hannerteneen am Championnat gewonn. Eis Hären sin ganz gutt an den Match gestart an louchen vun Ufank un an Féierung. Déi fréih Avance (18-33) huet hinnen erlaabt den Match ze kontrolléieren an den Géigner net méi an den Match kommen ze loossen. Trotzdem hun déi Wasserbelleger et emmer erem faerdegbruecht den Virsprong ze verkierzen. Och no der Paus louch den Virsprong emmer em déi 10 Punkten sou dass d’Victoire (65-80) nii wierklech an Gefoer war.
Anescht ass et eisen Damen ergaangen, déi beim Tabellenéischten Chantemelle keng Chance haten an mat 93-27 verluer hun.
Nechst Woch spillen dann béid Equipen en Sonnden an der Fiels. D’Damen spillen um 18h00 géint Zolwer an d’Hären um 19h30 géint Bascharage.

Hären: Arantia - Wiltz 75-56
30/11/2009
D’Hären konnten sech en Samsden fir hir Défaite am Hinmatch géint Woltz revanchéieren. Mat engem 32-10 am éischten Véierel war den Match fréih entscheed sou dass an eiser Equipe vill rotéiert gouf. No der Paus war d’Réussite méi schlecht wéi an der 1.Halbzeit sou dass den Match mam Resultat 75-56 (49-18) op en Enn gaangen ass.
No 7 Matcher an der Poule qualificative hun eis Hären eng Bilanz vun 5 Victoiren an 2 Défaiten an stin momentan op der 1.Plaaz.

Damen an Hären gewannen hir Heemmatcher
23/11/2009
Souwuel eis Damen ewéi och eis Hären konnten den Weekend doheem gewannen. Virun allem duerch déi gutt 1.Hallschent (30-17) hun d'Damen mat 43-38 géint Kayl gewonn. Och ouni gréisser Schwieregkeeten hun d'Hären géint Lampertsbierg mat 79-55 (41-29) gewonn. Hei dann d'Resultater vun all eisen Equipen:
24.11. 19h30 Hären Arantia-Limpertsberg 79-55
24.11. 18h00 Damen Arantia-Kayl 43-38
24.11. 16h30 Minis Arantia-Preizerdaul 39-56
24.11. 15h00 Fillettes Arantia-Résidence 20-0
23.11. 20h00 Espoirs Berbourg- Arantia 70-59

Victoire fir d'Hären, Nidderlag fir d'Damen
16/11/2009
Desen Weekend hun 4 vun eisen Equipen gespillt. D'Hären gewannen géint d'Equipe vum BBC Kehlen, déi nach ongeschloen war während d'Damen op 1 Punkt am Preizerdaul verléieren. Hei dann d’Resultater vun den Matcher an en Link op d’Tabelle vun den respektiven Equipen:
15.11. 19h00 Hären Arantia – Kehlen 74-62 Tabell
14.11. 18h30 Damen Preizerdaul – Arantia 48-47 Tabell
14.11. 17h00 Espoirs Arantia – Wiltz 84-67 Tabell
15.11. 16h15 Minis Gréngewald – Arantia 46-47 Tabell

Coupe 1/8 Final: Arantia - Gréngewald 55-65
13/11/2009
Eis Hären scheeden an der 1/8 Final vun der Coupe de Luxembourg géint Nationale 2 Equipe vum Gréngewald aus. Schon an den éischten Minutten hun eis Hären den Virsprong vun 10 Punkten verspillt an loungen nom éischten Véierel mat 15-18 hannen. Den ganzen Match laang as eiser Equipe an der Offense net vill gelongen. Einfach Schess sin net erangaangen an och aus der Distanz war d’Trefferquote niddereg. Trotzdem hun eis Hären net opgin an sin am 3. Véierel beim Stand vun 35-34 erem an Féierung gaangen. Een 0-9 Laaf vum Gréngewald an der leschter Minutt vum 3.Véierel huet awer fir eng kleng Virentscheedung gesuercht och wann eis Hären nach eemol op 6 Punkten drun komm sin.
Evolutioun vum Score: 10’: 15-18, 20’: 26-32, 30’: 37-46, 40’: 55-65

Coupe de Luxembourg 1/8 Final: Arantia vs Gréngewald
09/11/2009
No der Victoire an der Coupe de Luxembourg géint Nitia Beetebuerg, spillen eis Hären en Donneschden den 12. November um 20h30 an der Fiels geint den BBC Gréngewald fir d' 1/8 Final. Eis Hären gin mat engem Virsprong vun 10 Punkten an den Match.
Kommt an ennerstetzt eis Härenequipe an der Coupe de Luxembourg!

Victoire fir d'Hären zu Peiteng!
09/11/2009
No der knapper Défaite zu Bascharage, hun sech eis Hären desen Weekend besser geschloen an bei Southside Peiteng mat 76-81 gewonn. Während 4 Véierel konnt sech keng Equipe entscheedend ofsetzen sou dass et bis zum Schluss spannend bliwwen ass. An den 2 leschten Minutten hun eng besser Defense an eng gudd Réussite vun der Fräiworflinn eiser Equipe schlussendlech erméiglecht desen schwéieren Match fir sech z'entscheeden.
Och eis Damen hun auswärts geint Péiteng gespillt. Nemmen an den éischten Minutten war den Match ausgeglach, duerno konnt eis Equipe net méi mathaalen an huet demno mat 56-35 verluer.
Schon en Samsden haaten d’Espoirs gespillt an zu Schieren mat 72-86 gewonn.

Damen: Défaiten géint Chantemelle an Lampertsbierg
02/11/2009
An engem Weekend wou bis op d'Damen all eis Equipen spillfräi waren, hun eis Damen zwee Matcher gespillt. En Donneschden hun si an den 1/16finalen vun der Coupe géint Chantemelle gespillt an kloer mat 36-78 verluer.
Zwee Deeg méi spéit konnten si am Championnatsmatch géint d'US Lampertsbierg besser mathaalen mee et sollt zum Schluss net duergoen. Si verléieren mat 47-57 (32-31) an hun no 5 Matcher eng Bilanz vun 2 Victoiren an 3 Défaiten.

Hären verléieren zu Bascharage,Damen wannen zu Dikrech
25/10/2009
No der Victoire an der Coupe géint Nitia, hun d’Hären erem een schlechten Auswärtsmatch gebueden. Géint Bascharage war secherlech méi ewei eng knapp Nidderlaag (61-59) dran.
An engem immens physischen Match, loung eis Equipe an der 2.Hallschent liicht hannen bis si 3 Minutten virun Schluss mat 56-57 vir komm ass. Beim Gläichstand vun 59-59 an nach 12 Sekonnen ze spillen, huet awer eng offensichtlech Feelentscheedung vun den Arbitter den Match decidéiert. No engem Time-Out haat eis Equipe Aworf. Den Géigner huet doropshin op Feeler gespillt fir d’Auer ze stoppen an nach an Ballbesetz ze kommen. Onverständlercherweis as awer bei der Aktioun vum Géigner keen Feeler gepaff gin sou dat Bascharage duerch een Lay-up zur 61-59 Féierung koum. Net nemmen duerch des Entscheedung mee och duerch eng niddereg Trefferquote aus dem Feld an virun allem vun der Fräiworflinn verléieren d’Hären domat onglécklech den 2.Match am Championnat.
D’Damen hun hierersäits den 2.Match hannerteneen am Championnat gewonn. An engem Match mat wéinegen Punkten gewannen si um Enn mat 30-50 géint den BBC Dikrech. En Donneschden spillen eis Damen an der Fiels um 20h30 géint Chantemelle fir d‘1/16 Final vun der Coupe de Luxembourg.

Iwerraschung an der Coupe!! Eis Hären eliminéieren Nitia Beetebuerg mat 96-83!
21/10/2009
Am éischten Match wou den Keith Lambkin als Spillertrainer aktiv war, hun eis Hären fir eng Sensatioun an der Coupe de Luxembourg gesuergt. Mat enger staarker an équilibréierter Equipenleeschtung huet eis Equipe d’Nitia vun Beetebuerg aus der Diekirch League mat 96-83 eliminéiert.
Den Virsprong vun 20 Punkten konnt schon an den éischten Minutten ausgebaut gin (25-2). Déi Beetebuerger konnten duerno konstant ophuelen an schon an der Mett vum 2.Véierel mat 41-41 gläichzéien. Een gudden Laaf huet eiser Equipe awer nach virun der Paus Loft verschaff an d’Resultat op 58-52 erhéicht.
Am 3. Véierel wou een sech eng staark Reaktioun vum Géigner erwaard huet, huet eis Equipe den Géigner iwerrannt an den Véierel mat 25-6 gewonn! Déi Beetebuerger kruuten eist schnell Spill net an de Greff sou dat mir emmer erem zu einfachen Kierf komm sin. Mat 81-58 as et an den leschten Véierel gaangen wou mir den Virsprong geréiert hun an déi Victoire iwert Zäit bruecht hun. Ze bemierken as nach dass all 10 Spiller, déi zum Asaatz komm sin, och Punkten markéiert hun.
Gleckwensch un d’Equipe! Mir freen eis op d’1/8 Final vun der Coupe de Luxembourg, déi den 11. oder 12. November gespillt gett. D'Fotoen vum Match sin ennert der Rubrik Gallery online.
Evolutioun vum Score: 10’: 35-22, 20’: 58-52, 30’: 81-58, 40’: 96-83
Scorers: Pedro Nunes 19, Humberto Silva 18, Keith Lambkin 12, Christophe Kirpach 6, Mirko Martellini 5, Paul Winandy 4, Derek Besenius 4, Steve Tibold 4, Yvan Kesler 2, Gilles Klee 2

Victoiren fir d'Damen an Hären!
19/10/2009
Eng agréabel Iwerraschung kennt desen Weekend vun eiser Damenéquipe. An engem spannenden Match an dem si 3 Véierel laang en kléngen Réckstand haaten, konnten si sech zum Schluss awer nach mat 51-45 (25-27) géint d’Nitia Beetebuerg duerchsetzen.
Och d’Hären hun zréck op d’Erfollegspuer fonnt. Wéi d’lescht Woch zu Wolz, hun eis Hären och géint Waasserbelleg an der 1.Hallschent ganz schlecht gespillt an loungen mat 30-41 hannen. No der Paus hun si awer zou sech fonnt an den Géigner mat engem 16-0 Laaf iwwerrascht. Virun allem ennert dem Impuls vum Humberto, den mat 22 Punkten beschten Scorer war, konnten si den Virsprong soguer bis op 20 Punkten ausbauen fir zum Schluss mat 82-67 déi éischt Victoire am Championnat anzefueren.
Schon en Densden ass den néchsten Match fir d’Hären an zwar an der Fiels um 20h30. An den 1/16 Finalen vun der Coupe de Luxembourg spillen si géint d’Nitia Beetebuerg. Eis Hären gin demno mat 20 Punkten Virsprong géint den Favorit aus der Diekirch League an den Match.

Resultater vum Weekend
13/10/2009
Ouni den kompletten Kader war et fir d'Hären zu Wolz géint den selwechten Géigner wéi dei Woch virdrun en ganz aaneren Match. No engem gudden Start (11-19) ass sowuel offensif wéi och defensiv net mei vill zesummengelaaf sou dat déi Wolzer zu vill einfachen Kierf komm sin an eis Equipe vun baussen näischt getraff huet. Um Enn gouf et eng 85-55 Victoire fir d'Lokaléquipe.
Virun den Hären hun och d'Espoirs zu Wolz gespillt an knapp mat 60-65 gewonn.
D'Damen hun hierersäits am éischten Match vun der Saison mat 88-44 zu Kielen verluer.

Auslousung vun den Coupen
07/10/2009
Fir d'1/16 Final vun der Coupe de Luxembourg kruten d'Hären mat Nitia Beetebuerg een Géigner aus der Diekirch League zougeloust. Den Match gett den 21.November an der Fiels gespillt. Eis Hären gin mat engem Virsprong vun 20 Punkten an den Match.
An der Coupe FLBB spillen d'Hären an der 1/4 Final vun der Coupe FLBB den 19. oder 20. Dezember doheem géint Waasserbelleg.
Bei den Damen ass den Géigner an der Coupe de Luxembourg d'Equipe vun Chantemelle, déi ewéi eis Damen an der Nationale 3 spillt. An der 1/4 Final vun der Coupe FLBB spillen si auswärts zu Kehlen.

Coupe: Hären gewannen géint Wolz 68-47
05/10/2009
Desen Weekend hun endlech déi offiziell Matcher bei den Hären ugefaang an dat mam Qualifikatiounsmatch fir 1/16final vun der Coupe de Luxembourg an der 1/4final vun der Coupe FLBB.
Géint eng verstärkten Wolzer Equipe an an engem zum Deel hekteschen Match, konnten sech eis Hären vun Ufank un d'Féierung behaapten an sou sin se mat 12 Punkten Virsprong (35-23) an d' Paus gaangen. An der 2. Hallschent ass desen Virsprong nach ausgebaut gin, sou dass de Géigner den Match net méi spannend konnt maachen.
An den Jugendequipen gouf et eng Défaite fir d'Minis zu Bartreng während d'Fillettes doheem géint d'Equipe vum BC Mess gewonnen hun.
Nächst Woch starten dann och nach d'Damen an d'Espoirs mat Auswärtsmatcher an déi nei Saison.

Spillplang ass online
01/09/2009
Den Spillplang vun den verschiddenen Equipen ass ennert der Rubrik Results online.
D’Hären spillen am Tour qualificatif an der Poule A géint Wolz, Waasserbelleg, Bascharage, Péiteng, Kehlen an Lampertsbierg wou dei 3 éischt eng Plaaz fir d’Poule Montée secheren an dei aaner Equipen eng Poule Maintien spillen.
Bei den Damen ass den ganzen Programm fir dei nei Saison festgeluecht well do just een Tour gespillt gett.
An den Jugendequipen ass dann och nach den Programm fir September an Oktober fixéiert. An der éischter Phase spillen d’Minis an der Div. 4A an d’Fillettes an der Div. 3A.