- News
- Results
- Teams
- Practice Times
- Gallery
- History
- Sponsors
- Former Teams
- Filano Gym
- Larochette
- Links
- Contact
- Archiv
PLATZ'de BAL: Gewenner vun der Tombola
24/05/2010
1.Präis: 0216 / 2.Präis: 0187 / 3.Präis: 0201

Eischten neien Spiller fier dei nei Saison!
20/05/2010
Kuerz nom Enn vun der Saison kennen mer schon een neien Spiller fier dei nei Saison presenteiren! Den Luc Kirpach, deen sein Liewen laang an der Fiels gespillt huet an lo een Joer zu Hieffenech war kennt lo vun do zrek an wärt eis Equipe nächst Saison verstärken! Heen huet 19 Joer, spillt Positioun 2,3 an as 1,86 m grouss!

D'Hären hun den Opstieg an National 2 gepackt!!
17/05/2010
No enger Saison mat villen Ups and Downs an dei si amfong als Underdogs an desen Championnat gaang sin, hun eis Hären et schlussendlech awer gepackt den Opstieg an National 2 ze realiseiren! Et war eng deelweis chaotesch Saison wou puer domm Mätcher verluer gaangen sin an och an der Equipe selwer goufen et vill Verletzter an Spiller dei d'Equipe während an virun der Saison verloos hun! Mee si hun nie opgin an stinn lo no der 82-60 Victoire geint Schieren op der 2. Plaz an stinn soumadder als 2. Opsteiger nierwt Kayldall an National 2 fest! No engem super Endspurt wou si hun missen dei lescht 4 Mätcher gewannen, an dest och dunn op impressionant Art an Weis gemach hun,kann een soen dass et wierklech verdengt as!
Lo gellt et nächst Joer nach eng Schepp dropzeleen an natierlech as Ziel an der National 2 ze bleiwen! Fir dest ze realiseiren gett gekukt fir d'Equipe op puer Plazen ze verstärken! Waat secher as, as opjidefall dass den Derek Besinius no eng engem Joer d'Equipe rem waert verlossen weinst Studien an den USA! Mir soen him awer villmols merci fir seng Hellef!
Et bleiwt och ze soen dass et mol rem flott waert gin een Derby ze hun teschent der Fiels an Hieffnech,op daat sech wahrscheinlech vill Leit aus der Geigend freen wärten! Et steet also eng haart mee och eng voller Highlights gepaaken Saison virun der Dier!

"PLATZ'de BAL": 22. Mee am Centre Culturel an der Fiels!
12/05/2010
Zum Ofschloss vun der Saison organiséieren mir Samsden, den 22.Mee den „PLATZ'de BAL“ am Centre Culturel an der Fiels. Um 22 Auer geet et lass. Fir d'Musek suergt den DJ SIR OLIVER, den och schon lescht Joer op eiser Schaumparty fir déi passend Stëmmung gesuergt huet. Den Transport gëtt vun 4 Late Night Bussen assuréiert. Méi Infoen fannt dir op http://www.latenightbus.info/
Den Virverkaaf as 4€ an Oweskees 7€. D'Ticketen gëllen och als Lous fir d'Tombola wou et eppes klenges ze gewannen gëtt. Vun 22 bis 23 Auer ass iwwregens Happy Hour. See you there!

D'Hären stin kuerz virum Opstieg!
10/05/2010
Duerch d'Victoire géint Kayldall (98-91) hun sech d'Hären eng ideal Positioun verschaff fir sech nächsten Weekend um leschten Spilldag den Opstieg an d'Nationale 2 ze sécheren.
D'Reckronn vun der Opstiegpoule hat fir eis Hären mat der Défaite zu Kielen (74-79) net gutt ugefaangen. Déi folgend Matcher huet d' Equipe awer eng staark Reaktioun gewisen an konnt mat kloeren Succèsen géint den direkten Konkurrent Mamer (98-53) an Péiteng (79-55) iwwerzeegen.
Géint den Tabelleleader Kayldall war et awer en ganz aneren Match. Eis Hären hun missen gewannen fir déi 2. Plaz an der Tabell ze halen. Den Match war vun Ufank un haart emkämpft an eis Equipe konnt en Virsprong vun 6 Punkten (48-42) mat an d'Paus huelen. Déi 2.Halschent war dunn un Spannung kaum z'iwwertreffen.
Nodeems eis Hären mat engem Virsprong vun 10 Punkten 4 Minutten virun Schluss ewéi d'Gewënner ausgesin hun, huet Kayldall et ënnert dem Impuls vum Grotberg fäerdeg bruecht den Match ze dréinen an 30 Sekonnen virun Schluss mat 2 Punkten an Féierung ze goen. Doropshin huet op eiser Säit den Keith Lambkin mat engem Tip-in fir den Ausgläich (86-86) gesuergt an esou den Match an d'Verlängerung gerett. An deenen 5 Minutten konnten sech eis Hären dann erem ofsetzen an des Kéier och den Virsprong verteidegen fir dës wichteg Victoire (98-91) anzefueren.
Eng Victoire feelt eisen Hären nach fir den Opstieg perfekt ze man. Den Match ass en Sonnden um 17h30 géint Schieren an dat an der Fiels wou eis Hären dëst Joer nach ongeschloen sin.

Victoire geint Schieren!
D'Härenequipe setzt sech zu Schieren duerch an behällt weiderhin all hir Chancen op den Opstieg fir an Nationale 2! Mat enger gudder Equipenleeschtung an super Asaatz hun mer desen dach wichtegen Mätch kennen fir eis entscheeden. Nom éischten Véirel loungen mer well mat 21-12 vir an konnten d'Féierung bis an d'Paus bis op 12 Punkten ausbauen. Schieren schengt net mat eiser Defense eenz gin ze sin an sie haten praktesch nie eng Entfert ausser vun der Draierline opzeschäissen.
An der zweeter Halschent sin dei Schierener dunn een Moment bis op 5 Punkten erunkomm mee duerch puer wichteg Draier konnten mer eis rem bessen Loft verschaafen an hun den Match dunn mat 59-72 gewonn.
Et gellt elo weider sech sou drun ze gin an alles ze probeiren d'fier Saisonziel ze ereechen.No den éischten 5 Mätcher leien mir op der 3. Plaatz,eng Plaatz feelt eis also nach fir op eng Opstiegsplaatz!

2. Défaite an den Playoffs fir d'Hären zu Kayl!
22/03/2010
An engem gudden Mätch an deem deelweis ganz flotten Basket gespillt gin ass an deen och praktesch den ganzen Mätch iwwer spannend war, hun mer et net faerdeg bruecht den Mätch um Enn ze gewannen!Mir verléieren zu Kayl 96-84!
Den Mätch ass ganz gudd ugaang an ma loungen mat 9-4 vir, mee dunn huet Kayl duerch puer Konterattacken opgeholl an en klengen Ecart erausgepillt! Bei eis war et just den Pedro den eis am Match gehal huet! Vun deenen éischten 24 Punkten huet hen der naemlech net manner wei 21 geschoss! Dest waren 7 Dreier an 11 Minutten alleng vun him! Mee wei et sou oft ass, geet een Spiller net duer fir een am Mätch ze halen sou dass et déi Kayler Spiller waren déi bis an d'Paus een Virsprong vun 7 Punkten konnten erausspillen (47-40).
No der Paus hun mir dunn Drock gemach an sin bis op en puer Punkten erunkomm, dest duerch een Keith Lambkin deen mat puer gudden Aktiounen eis am Mätch gehaal huet.Um Schluss vum 3. Véirel sin mer awer dunn duerch puer onnéideg Feeler rem bessen distanzéiert gin sou dass mer mat 12 Punkten Reckstand an den leschten Véirel gaang sin! D'Equipe huet emmer weider gekämpft an et hat een nie d'Gefill dat si et opgin hun mee dunn huet eis den John Grotberg mat en puer Dreier an der "Crunch Time" einfach d'Geneck gebrach! Den Ecart ass emmer méi grouss gin an den Mätch war gelaaf! Mir hun awer net enttäuscht an kennen eis net wierklech een Virworf maan! Et gellt deen Teamgeescht bäizehaalen an konzentréiert weider ze spillen!

Hären hun rem an d'Erfolegsspuer fonnt
17/03/2010
No enger onnéideger Défaite leschten Weekend geint Mamer hun d'Hären desen Weekend erem gewonnen.Dest geint den Southside vun Peiteng! Et huet een gesin dass d'Spiller rondrem den Keith Lambkin erem wollten weisen dass dei Neierlaag nemmen eng Ausnaam war an dat si gewellt sin ze kämpfen! Den Mätch huet zimlech hektesch ugefaang, et sin an den eischten Minutten mol 2 Dreier op all Sait getraaf gin an et huet geschengt wei wann et een interessanten Mätch géif gin.Am 1. Veirel waren et awer d'Spiller vun Peiteng dei den Mätch domineiert hun! Si hun sech eng Avance vun bis zu 10 Punkten erausgespillt dei si och eng Zeit laang konnten haalen well op beiden Saiten oft vill Saachen gepaff gin sin dei net wierklech haetten missen gepaff gin! Dest huet dem Mätch geschued.
Dunn am 2ten Veirel hun sech d'Haeren gerappt an konnten eng kleng Avance bis an d'Paus erauspillen.Se waren an der Paus 2 Punkten vir. Daat eenzegt waat een onsecher gemach huet war dass den Jakob no 18 Minutten schon 4 Feeler hat.Am 3ten Veirel sin mir gudd aus den Vestiairen komm an et waren den Jakob an den Keith dei mat 5 respektiv 2 Punkten an enger Minutt en 7-0 markeiert hun! Et war dunn och Peiteng dei mat den Feeler ze kaempfen haaten.Mee mir konnten daat awer net wierklech ausnotzen an sin nemmen mat 5 Punkten Virsprong an dei lescht 10 Minutten gaang. Do hun mer dunn Decisioun erzwong an hun vun den villen Feeler vun Peiteng profiteiert fir dann mat den Fauten den Ecart emmer mei grouss ze maan! Sou gewannnen mer zum Schluss awer dach deitlesch mat 75-56 an placeiren eis op der 3ter Plaatz an der Tabell. Dessen Weekend geet et dann geint den eichten Kayldall !

Resultater vum Weekend
09/03/2010
D’Hären waren zu Mamer no all Véierel an Féierung mä si hun sech d’Victoire an den Schlussminutten nach huelen gelooss. Nächst Woch spillen si an der Fiels géint Péiteng.
Hei d’Resultater vun eisen Equipen:
Hären Mamer - Arantia 70-65 Tabell
Damen Arantia-Préizerdaul 23-40 Tabell
Espoirs Arantia-Mondorf 90-84 Tabell
Minis Arantia-Gréngewald 30-60 Tabell
Fillettes Telstar C-Arantia 22-46 Tabell
Poussins Arantia-Wasserbillig 36-29 Tabell

Hären: Victoire géint Kehlen
01/03/2010
D’Hären hun mat 82-67 géint Kehlen hiren éischten Match an der Opstigpoule gewonn. Nächst Woch steet en Samschden (19h00) géint Mamer en weideren wichtegen Match um Programm.
D’Damen hun hirersäits mat 49-64 géint Péiteng verluer an spillen och nächst Woch doheem an dat en Sonnden (19h00) géint den Préizerdaul.

Coupe FLBB: Hären verléieren
09/02/2010
D’Hären sin an der 1/2 Final vun der Coupe FLBB, déi si d’lescht Joer gewonn hun, ausgescheet. Mam Auswäertsmatch géint Péiteng haten si een schwéiert Lous erwëscht an mat enger ganz schwaacher Performance ass et net duergaang fir eng drette Kéier des Saison géint dësen Géigner ze gewannen. Zu kengem Moment hun eis Hären an den Match fonnt an sou hun si sech missen mat 77-53 geschloen gin.
An 3 Wochen fänkt dann bei den Hären d’Poule Montée un. Ënnert Results fannt dir den Programm vun den Matcher.

02/02/2010
Hären Limpertsberg-Arantia 59-84 Tabell Damen Limpertsberg-Arantia 50-26 Tabell Espoirs Arantia-Berbourg 78-76 Tabell Minis Arantia-Mamer B 35-47 Tabell Fillettes Contern B-Arantia 50-30 Tabell Poussins Arantia-Black Star 50-45 Tabell
Elo stinn bei den Damen an Jugendequipen 3 Wochen Paus um Programm. Nëmmen d’Hären spillen nächsten Weekend an dat fir d’1/2 Final vun der Coupe FLBB zu Rodange géint Southside Péiteng. Den Weekend vum 27./28. Februar geet et dann fir all d’Equipen weider mam Championnat.

Victoire fir Hären an Damen
25/01/2010
D’Hären haten virum Match zu Kielen hir Plaz an der Poule Montée schon secher. Mat der Victoire (54-69) hun si dann och déi 1. Plaz an der Phase qualificative kloergemaach (Tabell). Et war keen einfachen Match obwuel d’Vicotire nii an Gefoer war an eis Hären den ganzen Match iwer vir loungen.
D’Damen hun hierersäits fir déi 4.Kéier des Saison gewonn (Tabell). Ouni Problemer hun si sech mat 74-18 géint Dikrech behaapt.

19/01/2010
No der Ënnerbriechung am Championnat hun eis Damen an Hären leschten Weekend erëm gespillt. D’Damen konnten e Samschden net d’Victoire vum Hinmatch géint d’Nitia widderhuelen an verléieren mat 71 op 41.
Bei den Hären leeft et dogéint weiderhin gutt. Och géint den schwéieren Géigner aus Péiteng hun si gewonn (77-68). Am 3.Véierel hun si den Match gedréint nodeem Péiteng an der Halbzeit nach vir war (36-40). Den 7.Februar steet schon den nächsten Match fir d’Hären géint dësen Géigner um Programm an dat fir d’1/2 vun der Coupe FLBB.

Coupe FLBB: Hären an der 1/2 Final
21/12/2009
D’Hären hun sech fir d’1/2 Final vun der Coupe FLBB qualifizéiert. Fir déi drëtten Kéier dës Saison hun eis Hären géint Waasserbëlleg gewonn. Och dës Kéier waren eis Hären dem Géigner iwwerleeën an hun verdéngt mat 82-65 (42-34) gewonn. Déi méiglech Géigner an der 1/2 Final sin Schieren, Péiteng an Bascharage.