- News
- Results
- Teams
- Practice Times
- Gallery
- History
- Sponsors
- Former Teams
- Filano Gym
- Larochette
- Links
- Contact
- Archiv
93-98 Defaite an der Coupe geint Walfer!
12/11/2011
Super Lesschtung vun eiser Equipe an der 1/8 Finale vun der Coupe de Luxembourg! Daat as einfach daat manst waat een kann soen, an och wann eis Spiller noom Match den Kapp bessen haenken geloos hun wosst jidereen deen an der Haal war dass mer et amfong verdengt gehaad haeten desen super Match ze gewannnen! Faenken mer vun fier un! Motiveiert vun der eichter Minute un an ennerstezt vun den villen Leit dei de Wee an Haal fonnt hun, sin mer super an de Match komm an konnten 24-0 an Feirung goen! (Mer sin mat 20 Punkten Virsprong an de Match gaangen) Mer konnten eis Avance och beibehaalen an waren och deelweis nach mat 34-10 fier. Am eichten Veirel as et hin an hier gaang, an mer sin mat 45-27 an den 2ten Veirel gaang! En super Start also! Am zweeten Veirel dun huet Walfer eng gaanz staark Reaktioun gewisen an et war fierun allem den Thierry Abdiu deen mat 4 Dreir , Walfer an de Match bruecht huet! Sou as et och komm, dass Walfer no 19 Minuten rem gleich war, dest beim Stand vun 58-58. Mee sie sollten net fier kommen, well mat eng 7-0 an engem Kuerf vum Kennedy met der Sirene, as et mat 65-60 an Paus gaang.
Ween lo geduercht huet Walfer geif lo duerchstarten, loung falsch well et waren rem mier dei mat engem 5-0 an dei 2. Halschent gestart sin.Am dretten Veirel hun mer dunn staark dergeint gehaal an mer haaten emmer eng Aentwert parat, waat de Score vun 20-20 an deem Veirel beweist.Dest hun och dei selechen Supporter gemierkt an hun eis wei de ganzen Match fierdrun schon, super ennerstetzt an eng genial Atmosphere gebuerden.
Den 4. Veirel sollt neicht fier schwaach Nerven sin! Wei am 3., waren mer och an desem Veirel mat Walfer op enger Line, sou dass mer 5 Minuten fierun Schluss nach mat 6 Punkten fier loungen. 2 an eng hallef Minute fierum Schluss sollt dunn den Mike Jones beim Stand vun 91-89 sein ganz emstridenen 5. Feeler kreien. Dest, well sein Geigenspiller, de Gumbs, deitlesch am Aus stoung befier de Feeler gepaff gouf! Den Gumbs huet dun eng Faute verwandelt an beim Stand vun 91-90 krut de Claude 2 Fauten dei heen dunn och rangeschoss huet sou dass mer 2 Minuten fierum Enn 3 Punkten fier loungen. Jidereen haad gehofft d'Sensatioun wier meiglech! Leider huet Walfer dunn een 8-0 hingeluescht an 1,09 Min. fierum Schluss sin mer fier d'Eicht an Reckstand gerooden!.Dest war de Fall well mer onglecklesch Feelentscheedungen getraff hun an well einfach am Rebond een gefeelt huet.
Totz der Neierlaag kennen mer super stolz op eis sin well mer hun nie opgin an hun Walfer 39 Minuten an Bedraengniss bruecht!
Mer soen all den Leit merci dei komm sin, an sin frou gewissen ze hun wei mer kennen kaempfen an dass mer och kennen Basket spillen!
Hei Scoreren vun Match:
Mike Jones 30
Luc Kirpach 17
Weckering Claude 14
Pravisani Mike 10
Nunes Pedro 2
Kirpach Christophe
Henkel Luc
Mendes Christopher
Winandy Paul
Yvan Kesler

Victoire zu Wolz!
30/11/2011
Am eichten Match vun der Saison deen mier net doheem gespillt hun mee zu Wolz, hun mer missten op den Sammy an op de Christophe K. verzichten well sie weinst beruflechen Grenn net konnten dobei sin.
Hei nach een klengen Resumé:
Am 1. Veirel hun dei Welzer alles getraff an mier sin liicht an den reckstand geroden mee sin awer drun bliwen an wossten dass daat den ganzen Match secher net sou weider geif goen. Den Pravi deen eis am match gehaal huet,haat emmer eng Äntwert parat. Mer loungen awer noom 1. Veirel well 26-31 fier. Am 2. Veirel ass et dun awa besser gaang an ma konnten eis oofsetzen.Top leeschtung fum Mike Jones ,Claude an Pravi. Fir den Rescht dann huet den Mendes eng exzellent Defense gespillt sou dat d'Nummer 7 deen eis zimlech Problemer bereed huet am 1. Veirel, nemi an den Match fonnt huet.Mer hun desen Veirel och mat 37-7 fier konnten entscheeden, an de Match war gelaaf. De Luc deen jo krank war ass as am Ufank ned un rullen komm mais dono huet en mat verschidden actiounen rem gewisen wat en kann . Fir dee Rescht war et kee Problem fir eis deen Match ze gewannen och ouni den Sammy an den Christophe.Mier gewannen schlussentlesch 75-117 zu Wolz.
Scorers:
Mike Jones 35
Luc Kirpach 22
Mike Pavisani 15
Claude Weckering 15
Pedro Nunes 15
Christopher Mendes 8
Luc Henkel 7
Mirko Martellini
Yvan Kesler
Paul Winandy

Victoire an den 1/16 Finalen vun der Coupe de Luxembourg an am Championnat!
26/10/2011
Am Match geint Kordall Steelers aus der National 2, konnten mer eis ouni weider Problemer 102-71 duerchsetzen!An enger schwaacher Partie haaten mer io 10 Punkten Viersprong, dei och nie an Gefohr komm sin! An der Paus stoung et well 60-34. Mer waren um Enn vum 3. Veirel souguer 43 Punkten fier.
Hei sin Marqueuren vun eis:
Mike Jones 32
Weckering Claude 13
Kirpach Christophe 12
Pravisani Mike 10
Kirpach Luc 8
Henkel Luc 6
Nunes Pedro 6
Lizardo Sammy 3
Mendes Christopher 2
Kesler Yvan
AM Championnat hun mer eis och kloer 103-48 geint Mamer duerchgesaat. No engem 7-0 no 50 Sekonnen war deen Match schon baal entscheed, well Mamer as nie zrek an den Match komm. Hei huet dunn och rem dei gaanz Equipe gespillt, sou wei an all Match an deser Saison, waat natirlech eng super Saach as!
Scorers:
Mike Jones 41
Nunes Pedro 11
Pravisani Mike 10
Kirpach Luc 9
Lizardo Sammy 8
Weckering Claude 6
Winandy Paul 5
Yvan Kesler 4
Henkel Luc 4
Mendes Christopher 3
Kirpach Christophe 2

Weider Victoire am Championat!
17/10/2011
An enger net wieklech iwerzeegender Partie setzen mer eis 83-54 geint Avenir Berbuerg duerch!
D'Resultat as zwar zimlech deitlech mee an der eichter Halschent war et wiaklech net ganz gudd. An der Defense stoungen mer net gudd an mer hun am Rebound och meechtens net gudd ausgesin. No 20 Minuten stoung et nemen 33-31. An der zweeter Halschent hun mer dunn awer zu eisem Spill fonnt an mier hun dei dunn och 50-23 gewonn. Jidereen as rem zum Asaatz komm. Hei as d'Evolutioun vum Score:
21-17 / 12-14 / 23 - 13 / 27 - 10
Mike Jones 33
Luc Kirpach 17
Mike Pravisani 9
Mendes Christopher 6
Weckering Claude 5
Lizardo Sammy 5
Pedro Nunes 4
Henkel Luc 2
Kesler Yvan 2

Gudden Start an der Coupe an am Championat!
03/10/2011
Eis Senioren konnten sech an der Coupe 137-37 geint een iwerfuerderten Geigner vun Dikrech duerchsetzen. No deser Victoire stin mer an der 1/4 Finale vun der COUPE FLBB an an der 1/16 Finale vun der Coupe de Luxembourg.
Am Championat hun mer eis 108-55 geint Waaserbelleg duerchgesaat an sin also och gudd an d'Saison gestart.
An beiden Matcher sin all eis Spiller zum Asaatz komm sou dass lo jidereen wärt op der Heicht sin fier dei nächst Mätcher,dei wärten kommen!
Et bleiwt och nach ze bemierken dass mer den 20. Oktober am Filano um 20.30 Auer geint Kordall Steelers aus der National 2 spillen, dest am Kader vun den 1/16 Finalen vun der Coupe de Luxembourg. Mier gin hei mat 10 Punkten Avance an de Mätch. Desen Sonnden den 9. Oktober spillen mer och am Championat am Filano. Desen Match geet um 17.30 Auer un! Bis hoffentlech geschwenn! ;)

Nouvellen zu der 1. Equipe!
30/08/2011
An den leschten Wochen haaten mer io Nouvellen ugekennescht waat eis 1. Equipe betrefft. Lo kennen mer dann entlech soen waat sech do gedoen huet. Fier d'eicht wellen mer 2 Leit merci soen dei des Saison net mei wärten dobei sin. Dest as den Gilles Klee (N.6) an den Humberto Silva (N.14). Beid Spiller haalen op mat spillen an mier soen hinnen villmols merci fier hier Efforten dei sie Woch fier Woch verbruecht hun! Mier hoffen sie dann nächst Joer op der Tribün remzegesin an dass sie eis do kennen mat hieren Spillanalysen an der Buvette weiderhellefen ! ;)
Kommen mer dann zu den Nouvellen dei nei wärten sin d'nächst Joer.
Ugefangen mam Trainer.Dest as een aalen Bekannten an der Fiels mam Jérôme Hansen. Heen war vierun 3 Saisonen schon bei eis actif, mee deemols als Spiller. Fier heen geet lo een neien Challenge un well mier sin seng eicht Trainer Statioun bei den Hären! Hien wärt versichen mat eiser Equipe sou schnell wei meiglech rem den Opstieg ze packen, waat ganz kloer eist Ziel as dest Saison! 2. dann kennen mer vermellen dass mer nach een Joer konnten mam Mike Jones (N.15) verlängeren! Den ganz sympateschen "Texasboy" vun Dallas haat no 2 Meint jidereen an Härz geschloss an mier sin frou heen rem nächst Saison mat un Bord ze hun, well heen natirlech och een super Basket Spiller as wann een bedenkt dass heen lescht Joer an 6 National 2 Mätcher een Duerschnet vun 36,2 Punkten haad (Source: Basketnews.lu), kann een ganz kloer soen dass heen eng riesen Verstärkung as! Mat him wärten mer dann och versichen an beiden Coupen sou weit wei meiglech ze kommen an do op eis opmierksam ze maan! Kommen mer dann bei eis nei Letzebuerger Spiller. Hei kennen mer net manner wei 4 nei Spiller vermellen! Ugefang mam Mike Pravasiani , heen huet schon bei der Etzella an dei lescht 2 Joer zu Schieren gespillt an huet och schon etlech Titelen mat der Etzella gesammelt sou dass heen eisen jonken Spiller wärt etlech kennen hellefen!Heen as haaptsächlech een Forward mee kann awer och d'Positioun vum Guard spillen! Den nächsten Spiller as den Sammy Lizardo, deen sein ganzt Lierwen zu Waaserbelleg , lescht Joer awer am Grengewald an der National 2 gespillt huet. Heen as een Guard an gett haaptsächlech op der Positioun 1 an 2 agesaat. Den Luc "Lucky" Henkel an den Claude Weckering sin dann den 3. an den 4. neien Spiller. Beid kommen vum Black Star vun Miersch an sin praktesch op all Positioun ansetzbar. Beid Spiller maachen, genau wei den dei 2 aaner Verstärkungen eis Equipe vill mei onberechenbar an hierwen den Niveau vun der Equipe, waat natirlech gaanz erfreelleg as ze gesin.
Schlussendlech kann een soen dass mer dest Joer eng Equipe mat engem gudden Mix vun jonk an aal do stoen hun,mat engem Trainer deen eng nei Erausfuerderung ungeholl huet an genau wei d'Equipe versichen wärt des Saison sou erfollegraich wei meiglech iwert Bünn ze brengen sou dass mer eis an Zukunft vleicht eng Keier kennen an der National 2 etableiren. Conditioun also : Opstieg 2011/ 2012! Let's go for it!

Trainer mat neien Funktiounen!
10/08/2011
An den verschiddenen Equipen gin et Changementer waat d'Traineren ungeet.
Den Mirko Martellini as neien Damen Trainer an bleiwt och Filles-Scolaires Trainer.
Den Pedro Nunes bleiwt Poussins an Mini Trainer, kritt awer dest Joer d'Ennerstetzung vum Ali Ilbegi.
Den Hären Trainer wärten mer an den nächsten Wochen och hei presenteiren.

Assemblée générale ordinaire
31/05/2011
Déi jäerlech Generalversammlung vum BBC Arantia fënnt Freiden, den 10.Juni um 20 Auer am Centre Culturel an der Fiels statt. All d'Membren an Sympathisanten vum Veräin sin wëllkomm.

Emfro iwwert den Lëtzebuerger Basket
31/05/2011
Maacht mat bei der Emfro vun der FLBB iwwert den Lëtzebuerger Basket.

Hären gewannen leschten Match vun der Saison
20/04/2011
No der Néierlaag géint den Gréngewald (80-102) hun d'Hären d'Saison mat enger 89-80 Victoire géint Kayl ofgeschloss. Domadder hun d'Hären 2 vun 6 Matcher am Playdown vun der Nationale 2 gewonn wat allerdengs net duergaangen ass fir den Ofstieg ze vermeiden.
Eis Hären hun awer iwer déi ganz Saison gudd Matcher geliwwert an konnten mat all den Géigner mathaalen. Leider konnten si hiert Ziel net erreechen an an der Divisoun dranbleiwen.
D'Saison bei den Hären ass deemno eriwer. Et bleiwen elo nach Matcher ze spillen bei den Damen an den Jugendéquipen.