Wellkomm op der Säit
vum

BBC Arantia Larochette!

Resultater vum Weekend

02/02/2010

Hären       Limpertsberg-Arantia        59-84      Tabell                                                 Damen     Limpertsberg-Arantia        50-26      Tabell                                                   Espoirs     Arantia-Berbourg             78-76      Tabell                                                 Minis        Arantia-Mamer B             35-47      Tabell                                                        Fillettes    Contern B-Arantia            50-30      Tabell                                                        Poussins  Arantia-Black Star           50-45      Tabell

Elo stinn bei den Damen an Jugendequipen 3 Wochen Paus um Programm. Nëmmen d’Hären spillen nächsten Weekend an dat fir d’1/2 Final vun der Coupe FLBB zu Rodange géint Southside Péiteng. Den Weekend vum 27./28. Februar geet et dann fir all d’Equipen weider mam Championnat.

Victoire fir Hären an Damen

25/01/2010

D’Hären haten virum Match zu Kielen hir Plaz an der Poule Montée schon secher. Mat der Victoire (54-69) hun si dann och déi 1. Plaz an der Phase qualificative kloergemaach (Tabell). Et war keen einfachen Match obwuel d’Vicotire nii an Gefoer war an eis Hären den ganzen Match iwer vir loungen.
D’Damen hun hierersäits fir déi 4.Kéier des Saison gewonn (Tabell). Ouni Problemer hun si sech mat 74-18 géint Dikrech behaapt.

19/01/2010

No der Ënnerbriechung am Championnat hun eis Damen an Hären leschten Weekend erëm gespillt. D’Damen konnten e Samschden net d’Victoire vum Hinmatch géint d’Nitia widderhuelen an verléieren mat 71 op 41.
Bei den Hären leeft  et dogéint weiderhin gutt. Och géint den schwéieren Géigner aus Péiteng hun si gewonn (77-68). Am 3.Véierel hun si den Match gedréint nodeems Péiteng an der Halbzeit nach vir war (36-40). Den 7.Februar steet schon den nächsten Match fir d’Hären géint dësen Géigner um Programm an dat fir d’1/2 vun der Coupe FLBB.

Coupe FLBB: Hären an der 1/2 Final

Picture
21/12/2009

D’Hären hun sech fir d’1/2 Final vun der Coupe FLBB qualifizéiert. Fir déi drëtten Kéier dës Saison hun eis Hären géint Waasserbëlleg gewonn. Och dës Kéier waren eis Hären dem Géigner iwwerleeën an hun verdéngt mat 82-65 (42-34) gewonn. Déi méiglech Géigner an der 1/2 Final sin Schieren, Péiteng an Bascharage.


Victoire fir d'Hären géint Bascharage 95-81

14/12/2009

Eisen Hären ass d’Revanche fir d’Défaite am Hinmatch géint Bascharage gelongen. Den Match war bis an den 3. Véierel enk an dat well den Géigner eiser Equipe virun allem ennert dem Kuerf Problemer bereed huet. Am leschten Véierel hun eis Hären deen Problem besser an den Greff kritt an konnten sech an den ésichten Minutten vun dem Véierel duerch en puer Konterattaquen definitif ofsetzen fir den Match mat 95-81 (37-38) fir sech ze entscheeden.

Mat Zolwer haten och eis Damen en schwéieren Géigner op Besuch. Trotz enger gudder Leeschtung hun si sech mussen mat 57-80 (25-35) geschloen gin.

Resultater vum Weekend :

13.12   19h30   Hären     Arantia- Bascharage   95-81
13.12   18h00   Damen   Arantia-Zolwer            57-80
12.12   17h00   Espoirs  Aranita-Preizerdaul    118-48
12.12   15h30   Minis     Arantia-Limpertsberg   41-45