Saison 2025/26 – Merci!
D’Saison ass fir eis Hären eriwwer – leider méi fréi wéi erhofft, no der Eliminatioun an der Véirelsfinal géint den T71 Diddeleng.
Eis Hären hunn zwee ganz knapp Matcher verluer, no intensiven Dueller géint e staarke Géigner, deen eiser Equipe alles ofverlangt huet an an de decisive Momenter e bëssen méi glécklech war.
Gratulatioun un den T71 Diddeleng fir d’Qualifikatioun an déi nächst Ronn.
Trotzdem bleift et eng historesch Saison:
Gewënn vun der Coupe de Luxembourg
Bescht Bilanz an der Veräinsgeschicht: 18–4
E grousse Merci un all eis Supporter fir d’Ënnerstëtzung iwwer déi ganz Saison – doheem an auswäerts.
Och e ganz grousse Merci un all eis Bénévolen an all déi Leit, déi am Hannergrond zum Erfolleg vun dëser Saison bäigedroen hunn.
Mir huelen dat Positivt mat a kommen no der Summerpaus méi staark zréck.
#AllezFiels #DefendTheCastle #EnovosLeague

HÄREN - PLAYOFFS
Playoffs Time!
Eis Hären starten als 3.Plazéiert an d’Playoffs a treffen an der Véirelsfinal vum Championnat op de 6.Plazéierten, T71 Diddeleng – gespillt gëtt an enger „Best of 3“-Serie!
Markéiert iech d'Datummer am Kalenner a kommt eis Equipe ënnerstëtzen, fir zesummen den Schratt an d’Halleffinall ze packen!
#Playoffs #EnovosLeague #AllezFiels #DefendTheCastle

CADETS - Coupefinal
Eis Cadets spillen den 19. Abrëll d'Coupe-Final an der Coque!
Kommt si ënnerstëtzen!
ARANTIA EASTER SKILL CAMP 2026
Ready to take your game to the next level this Easter?
Join us at the Arantia Easter Skill Camp and train with the coaches of the 2026 Cup Winner team!
30.03 – 31.03.2026 → Kids born 2012–2015
01.04 – 02.04.2026 → Kids born 2016–2018
Every day from 9:30 – 16:00
- Intensive skill development
- Fun competitions & team challenges
- Star guests guaranteed
- Camp T-Shirt included
- 1 lunch per day included
- 120 EUR (Arantia players: 100 EUR)
This camp is all about:
Learn. Improve. Have fun.
Spots are limited – secure yours now!
Register: https://arantia.zapier.app/easterskillcamp2026
HÄREN - COUPE DE LUXEMBOURG GEWëNNER 2026
Historesch!!
No 56 Joer si mir erëm d'Gëwenner vun der Coupe de Luxembourg.
Gléckwonsch a Respekt un d'Equipe a Staff souwéi un all Persoun déi zu dësem Erfolleg bäigedroen huet.
Dës Coupe gehéiert der ganzer Arantia-Famill.
Artikel vun der Presse:
RTL - Tageblatt - Tageblatt - Quotidien
Fotoen: www.fotosio.lu
FINAL - COUPE DE LUXEMBOURG: ETZELLA - ARANTIA
Coupe de Luxembourg – FINAL
E Samschden steet e ganz besonnesche Moment an der Geschicht vum BBC Arantia un: Eis Hären spille hir 4.Coupefinal an der Veräinsgeschicht.
Déi lescht Final läit véier Joer zeréck (2022), an bis haut konnt just déi 1.Final gewonnen ginn – 1970, wat nach ëmmer de gréisste Veräinserfolleg ass. 56 Joer drop bitt sech elo d’Chance, dëse Succès ze widderhuelen.
Géint d’Etzella Ettelbréck gouf et am Championnat auswäerts eng kloer Néierlag, mee eis Equipe kënnt mat vill Vertrauen an dës Final. Am Kalennerjoer 2026 sinn eis Hären bis elo nach ongeschloen.
Wéi schonn an der Halleffinal zielt d’Equipe op äre Support vun den Tribünen. Als 6.Mann kënnt dir – wéi schonn an der Halleffinal – den Ënnerscheed maachen.
Tip-Off: Samschden, 07.02.2026 – 20h15
Coque Arena, Kirchberg
Dresscode: Final-T-Shirt oder Roud!
Kommt an d’Coque an ënnerstëtzt eis Equipe vun der éischter bis an déi lescht Minutt!
Defend the Castle. Conquer the Coque.

Coupe de Luxembourg - 1/2final - Sparta 78:79 arantia
WHAT A GAME!!
De Start an de Match war net gutt, de Réckstand ass ëmmer méi grouss ginn mä d'Equipe huet net opginn.
No 19 Punkten Réckstand am 3.Quarter (35-54), dréien eis Jongen op sensationnell Manéier de Match a gewannen d'Halleffinall géint d'Sparta an enger ausverkafter Coque!
Eng super Teamleeschtung an der 2.Halbzeit gouf mam Michael Carter sengem Game-Winner 15 Sekonnen viru Schluss belount an eis Fans konnten feieren!
Gratulatioun un d'Equipe an un eis Fans déi d'Equipe nonstop gepusht hunn
SAVE THE DATE: 7.Februar, Final an der Arena vun der Coque géint d'Etzella!
Artikel Tageblatt Halleffinal:
lwww.tageblatt.lu/Sport/Fels-dreht-Partie-und-folgt-Ettelbrueck-ins-Pokalfinale-23990.html
Artikel Tageblatt Edson de Silva Sousa a Preview Halleffinal: www.tageblatt.lu/Sport/Edson-de-Sousa-Silva-Aus-der-eigenen-Jugend-auf-die-grosse-Buehne-23956.html
Match RTL Replay: play.rtl.lu/shows/lb/rebound-de-ganze-match/episodes/r/3444155
hÄREN B - COUPE FLBB Gewënner 2026
Eis Häre B bréngen d'Coupe FLBB eng 5.Kéier an d'Fiels!
An engem vun ufank un enke Match setze si sech um Enn mat 61-57 géint Contern B duerch.
Merci un eis vill Zuschauer déi d'Equipe vun der Tribune aus ugefeiert hunn.
Mir gesinn eis e sonnden rëm am Gymnase vun der Coque fir d'Halleffinal vun den Hären A!
Artikel Tageblatt:
https://www.tageblatt.lu/Sport/Der-besondere-Sieg-von-Pedro-Nunes-und-Malik-Wilson-24030.html
Trainingsplang youth 2025/2026
Hei den Trainingsplang vun nächster Saison.
Mir wënschen all eisen Jugendequipen eng flott Pre-season.
Wanns du Loscht hues, dann gef och du Deel vun der Arantia.
Mir wënschen all eisen Jugendequipen eng flott Pre-season.
Wanns du Loscht hues, dann gef och du Deel vun der Arantia.
ARANTIA AN DER COQUE!
Béid vun eisen Hären-Equipen stinn och dës Saison an de Coupe-Ronnen an der Coque – markéiert iech d’Datumer elo schonn an ärem Kalenner!
Freideg, 9. Januar – 21h00
Coupe FLBB – Final: Hären B vs Contern B
Sonndeg, 11. Januar – 17h30
Coupe du Luxembourg – Halleffinal: Hären A vs Sparta
Tickets:
Eisen Deel vum Presale ass schonn ausverkaf!
Wien am viraus nach ee Ticket kafe wëll, kann dat iwwer de folgende Link maachen:https://www.ticket-regional.lu/stage_4092.php?timeID=1085084
Supporter-Bus:
Mir stellen erëm ee Bus fir eis Supporter zur Verfügung – et sinn nach Plazen iwwreg!
Mellt iech iwwer dëse Formular un: https://forms.gle/wHQ7HNqqKVmeJmuf6
Départ & Arrêten:
Départ 16h00: an der Fiels hannert der Schoul
Zousätzlechen Arrêt: Angelsbierger Schoul

Balla balla tounroi 2025
Et ass nees esou wäit! Den 20. Dezember 2025 steet eisen 4-on-4 Basketstournoi fir Fräizäitspiller ouni aktiv Basketslizenz un.
All Equipe vu Kolleegen, Betriber, Jeunessen, Veräiner asw. si wëllkomm.
- Samschden, 20.12.2025
- 17:00–23:00
- Equippen: 4–6 Spiller
- 40€ pro Equipe
Aschreiwung & Infoen: [email protected]
Zéckt net ze laang, d'Plazen si begrenzt!