soiree bbc arantia @ asport
|
Léif Memberen a Frënn,
Mir wëllen Iech Merci soen, datt Dir gëschter esou zuelräich bei eisem Event beim Asport dobäi waart. Är Präsenz huet zu engem flotte Moment bäigedroen, wou mir eis Kollektioun op eng gemittlech Aart a Weis presentéiert hunn. E speziellen Merci geet och un eis Sponsoren Asport sports + performance an Domaine L&R Kox fir hir Ënnerstëtzung an d’Organisatioun vun dësem Event. Dank hirer Hëllef konnt den Owend esou gutt verlafen. Mir hoffen, Dir hutt den Owend genoss a mir freeën eis, Iech geschwënn erëm ze gesinn. |
Balla Balla Tournoi
Direkt no de Chreschtdeeg, den 27.12, organiseieren mir eis zweet Divisoun vum Balla Balla Tournoi, eisem flotten 4 geint 4 Baskettournoi fir all Leit ouni aktiv Basketslizens.
Fir Equippen vun 4-6 Spiller fennt dee Spaass dann Freides Owes vun 17 bis 23 Auer bei eis am Filano statt.
Fir Iessen a Gedrenks ass gesuergt.
Weider Infoen an Aschreiwungen gin et beim Gaby Hoffmann.
[email protected] oder +352 621 239 086
Fir Equippen vun 4-6 Spiller fennt dee Spaass dann Freides Owes vun 17 bis 23 Auer bei eis am Filano statt.
Fir Iessen a Gedrenks ass gesuergt.
Weider Infoen an Aschreiwungen gin et beim Gaby Hoffmann.
[email protected] oder +352 621 239 086
soiree bbc arantia @ asport
|
Léif Memberen an Frënn,
Mir hun den 20/12/2024 en Event beim Asport am Buttik an mir lueden Iech all an dohinner ze kommen fir en flotten Owend mat eis ze verbrengen! Dir kënnt d'Kleeder vun eiser Kollektioun unmoossen a bestellen. Ausserdeem profitéiert Dir vun 20% op ärem Akaaf vum Asport (ausser op rout Präisser, Fitnessgeräter an Arantiakollektioun) Fir Gedrénks, Snacks an Musek ass och gesuergt Zesummen kennt Dir matt de Spiller aus der éischter Ekipp Fotoe an enger Fotobox maachen oder är Autogrammkaart matt Ënnerschreften fëllen Mir freeën eis op iech! |
Victoire zum joeresofschloss
Zum Ofschloss vum Joer huet Equipe nach eng Keier alles gin. Mat nemmen engem Amie hun sie vun Ufank un alles gin an hu gekämpft bis zum Emfallen. Victoire ass verdengt an haard erkämpft an Equipe kann an dei wuelverdengten Wanterpaus goen.
Grousse Merci un den Luc Jemming fir stëften vum Matchball geint Mamer.
Grousse Merci un den Luc Jemming fir stëften vum Matchball geint Mamer.
14. spilldag
Leschten Heemmatch vum Joer ass schon dessen Mettwoch Owend, Tip-Off am Filano ass em 20h30.
Op Besuch kennt Mambra vu Mamer.
Nach eng leschte Keier gelt et fir 2024 um an nierwend dem Terrain alles ze gin!
De Matchball geet vum Luc Jemming gesteft, e grousse Merci.
Op Besuch kennt Mambra vu Mamer.
Nach eng leschte Keier gelt et fir 2024 um an nierwend dem Terrain alles ze gin!
De Matchball geet vum Luc Jemming gesteft, e grousse Merci.
Wantermaart 2024
Eise Wantermaart war e volle Succès!
All deene Leit déi eis déi 3 Deeg gehollef hunn e grousse Merci an e spezielle Merci dem Tania Brosius
All deene Leit déi eis déi 3 Deeg gehollef hunn e grousse Merci an e spezielle Merci dem Tania Brosius
Coque Final 4
An domadd ass den Final-4 ausgeslout, Sonndes geet et geint den Basket Esch an der Coque
derbysieger
27 Punkten waren mer hannen an et huet aussichtslos geschengt MEE Fielser dei gin NIIMOLS op! Wat ee Comeback, wat ee Kampf, wat eng Leeschtung. DERBYSIEGER!!!
13. spilldag
IT'S DERBYTIME!!!
Leschten Auswäertsmatch vum Joer brengt eis bei den Nopper op Hiefenech. Tip-Off ass em 20h00 an fir desse Match brauch een keen mei ze motiveieren.
Dofir maachen mer Samsden all zesummen een Heemmatch aus dessem Match!
An fir dass dest, passend zur Zäit och gudd ausgesäit, wär et flott wann jiidereen eng roud Kleesechers Mutz kinnt undoen. Ween keng huet, kann sech virum Match eng bei Gaby Hoffmann siichen goen.

u10 Championnat
Déi 1. Phase vum U10 Championnat ass eriwwer! An eisen 3 Equippen hunn iwwert déi lescht 4 Weekender méi wéi 40 Kanner mat Motivatioun, Spaass a Kënnen hiert Bescht ginn. Merci och den Eltere fir d‘Ënnerstëtzung an d‘Hëllef nieft dem Terrain!
etzella bleift ongeschloen
Leider missten mer eis no gudden Fight den Owend geint dei ongeschloen Etzella geschloen gin.
Nächst Woch geet et weider mam Derby zu Hiefenech
Grousse Merci un Josiane Scholer fir stëften vum Matchball geint Etzella.
Nächst Woch geet et weider mam Derby zu Hiefenech
Grousse Merci un Josiane Scholer fir stëften vum Matchball geint Etzella.
save the dates
An de nächste Wochen stinn niewent de Basketsmatcher och eng Rei aner flott Events bei eis um Programm. Drot dës Datumer also fest an äre Kalenner an! Mir zielen op Är Präsenz an hoffen op Är Ennerstëtzung. Weider Informatiounen zu den eenzelnen Events wäerten nach nokommen.
we want you - join us
12. spilldag
Englesch Woch geet Samsden Owend weider mam Opatk vun der Reckronn, dei ongeschloen Etzella vun Ettelbreck kennt op Besuch an den Filano.
Tip-Off ass em 20h00.
Mat eisen Supporter am Reck probeieren mir dat wat nach kengem gelongen ass des Saison, an zwar eisem Geigner dei eischt Neierlag beizefügen.
De Matchball geet vum Josiane Scholer gesteft, e grousse Merci.

Coque mir kommen
No 2022 heescht et erem "Let's shock the coque". No der souveräner 103-76 Victoire geint Musel Pikes stin mir erem am Final 4 vun der Coupe. Am neien Joer geet et also erem an Coque wou Etzella, Steesel oder Esch als Geigner waarden.
Eng super kollektiv Leeschtung vun der Equipe wou jiidereen zum Asaz kum.
Grousse Merci un Ferny Ginter fir stëften vum Matchball.
Eng super kollektiv Leeschtung vun der Equipe wou jiidereen zum Asaz kum.
Grousse Merci un Ferny Ginter fir stëften vum Matchball.
Coupe FLBB Final
No eisen Hären A an der Coupe de Luxembourg, hunn sech och eis Hären B an der Coupe FLBB duerchgesat an spillen am neie Joer dee selwechten Weekend am Gymnase vun der Coque.
No der 91-47 Victoire géint de Préizerdall an der Halleffinall, spillen eis Hären B de freiden vum 17.Januar d'Final géint de Racing B.
Virun 2 Joer gouf et déi selwecht Final an eng 82-73 Victoire fir eis Hären B.

Kleeschen ass komm
|
Leschte Samschden haten eis jéngsten Spiller vum Butzebasket de Kleeschen a seng Gesellen op Besuch. D'Kanner hunn dem Kleeschen gesongen an hunn eng Tiitchen mat heem kritt.
Merci un eis Jugendkommissioun fir d'Organiséieren vum Besuch |
coupe de Luxembourg 1/4-Finales
En Mettwoch Owend geet et well weider am Filano. Tip-Off vun der Veierelsfinal vun der Coupe de Luxembourg ass em 20h30.
Mir treffen hei op Musel-Pikes mat eisem Ex-Trainer Brian Carroll. Eis Equipe ass virgewarnt, hun mir am Championnat op der Musel verluer. Des Keier wellen mir Revanche an der Coupe huelen an domadder erem de Wee an de Final 4 an der Coque fannen.
Dofir kommt all en Mettwoch Owend an den Filano an ennerstetzt Equipe op dessem Wee.
De Matchball geet vum Ferny Ginter gesteft, e grousse Merci.

gudd gekämpft mee knapp verluer
Leider gouf et geschter eng Neierlag doheem geint Walfer. No groussem Reckstand ass Equipe an der Schlussphas zereck komm, mee et sollt leider net durgoen.
Grousse Merci un den Pit Wies fir stëften vum Matchball geschter geint Residence Walfer.
Schon Mettwoch geet et am Filano weider mam Coupe Match geint Musel Pikes.
Grousse Merci un den Pit Wies fir stëften vum Matchball geschter geint Residence Walfer.
Schon Mettwoch geet et am Filano weider mam Coupe Match geint Musel Pikes.
U8-Tournoi
Haut hate Kanner an d’Elteren immens vill Spaass beim U8 Tournoi. Kanner konnten hiert Talent a Begeeschterung um Terrain weisen
E besonnesche Merci geet un all déi, déi gehollef hunn an un all d’Equipen dei dobäi waren. Merci fiert kommen!
E besonnesche Merci geet un all déi, déi gehollef hunn an un all d’Equipen dei dobäi waren. Merci fiert kommen!
11. spilldag
No der Lännermatchpaus geet et en Samsden Owend am Filano weider mam 10. Spilldag. Tip-Off ass em 20h00 geint Residence Walfer.
Eis Equipe well do weider uschleissen wou se virun der Paus ugefangen hun an dei 3t Victoire um Steck huelen. No der Erhuelung kann elo erem jiidereen Gas gin an Equipe no fir peitschen fir dest ze realiseieren.
Dofir alles en Samsden Owend op den Plateau Birkelt!
De Matchball geet vum Pit Wies gesteft, e grousse Merci.