SPill em platz 3
pre season match result
pre season
Bevir et de Meindeg offiziell mat der Preparatioun ugeet, fannt dir hei de Programm vun de Preseason Matcher.
De 24.8 fänken mir auswäerts zu Zolwer un.
Dann kënnt de WE drop Neufchâteau aus der 2. belscher Liga bei eis op Besuch.
De 6. an den 8. September spillen mir dann souwuel Freides wei och Sonndes doheem géint de Racing respektiv Saarlouis.
De Weekend vum 14./15. September si mir dann um internationalen Tournoi zu Contern wou mir Samsdes géint d‘Kangaroes Mechelen aus der 1. belscher Divisioun spillen. Sonndes spille mir entweder géint den AB Contern oder d‘Fellbach Flashers aus Däitschland.
Op dëser Plaz ee grousse Merci dem AB Contern fir d‘Invitatioun!

mechelen
Muer um samschdeg spillen eis Hären um 16h zu Contern um Torunoi géint d’Kangaroes Mechelen.
Passend dozou erënnere mir un en historesche Moment aus eiser Veräinsgeschicht: d'Partien géint dëse Géigner (deemols Racing Bell Mechelen) am Europapokal vun de Pokalgewënner viru méi wéi 50 Joer.
SAVE THE DATE: Am Kader vum 60-Joer-Jubiläum vun eisem Veräin organiséieren mir den 9. November eng Ausstellung am Centre Culturel «Kleederfabrik» an der Fiels, déi eis Geschicht vun de leschte Joerzéngten dokumentéiert.
Méi Détailler kommen nach!

Viru méi wéi 50 Joer huet Arantia Fiels, sensationelle Coupegewënner 1969/1970, international am Europapokal vun de Pokalgewënner gespillt! Dat wor den 3. Dezember 1970 um Fetschenhaff, an de Retourmatch wor den 10. Dezember 1970 zu Mechelen. Zwar verléiert d’Arantia géint de Racing Bell (85-106 an 108-48), ma ënnert dem Coach René Besenius wor et eng besonnesch Experienz fir d’Ekipp.
|
Am Kader vun der Ariantia Fiels géint Racing Bell vu Mechelen stoungen am Europapokal vun de Coupegewënner am Dezember 1970 um Terrain: Gilbert Becker, Bryan Crist, Carlo Damgé, Georges Feyerstein, Jean-Pierre Flies, Nico Flies, Paul Flies, Jeannot Greis, Nico Heuschling, Vladimir Mandel, Ferdi Prim, Raymond Schmit, Roby Schwirtz. Coach: René Besenius
|
Am Virfeld vum Match géint de Racing Bell vu Mechelen stoung an der Revue vum 17. Oktober 1970: „Die Felser werden die große Masse anziehen, ihre vielen Supporter alarmieren, die mit Trompeten und Posaunen ihre Lieblinge anfeuern werden.“
|
victoire am test
Pre season game
pre season home game
Sonnden Nometten 17h00, eisen zweeten Pre Season Match vun der neier Saison.
Mat Neufchateau kennt eng belsch Equipe op Besuch an den Filano.
Mat Neufchateau kennt eng belsch Equipe op Besuch an den Filano.