Game ball sponsor
Wëllt Dir eise Veräin ënnerstëtzen?
Stëft e Matchball fir 150€ op engem Hären-Match!
Dat kritt Dir dofir:
- 2 gratis Entréeën
- Äre Numm gëtt, falls erwënscht, bei der Spiller-Presentatioun an op de soziale Medien mat enger Foto vun iech mam Matchball ernimmt.
Kuckt Iech d'Matcher op der Foto un a sicht iech den Datum eraus, deen iech am beschten passt.
Umellungen gëlle souwuel fir Privat-Persounen wéi och fir Firmen.
Mellt iech beim Gaby Hoffmann oder op engem vun eisen Hemmmatcher fir ee Matchball ze stëften!
Mir soen iech villmols merci am viraus an freeën eis Iech geschwënn am Filano dierfen ze begréissen!
Allez Fiels!

Dauerkaarten 25/26
Och dës Saison kënnt dir eng Dauerkaart fir d’Hemmatcher vun eisen Hären sécheren!
Fir 130€ kritt dir:
🏀 Zougang zu all Heemmatch am Championnat
🔥 Spannend Basket-Action a gudder Stëmmung an eisem Filano
🥤 2 Gedrénksbongen am Wäert vun 20€ fir d’Buvette
👉 Sou kommt dir un är Dauerkart:
- QR Code op der Affiche scannen a direkt per Payconiq bezuelen
- Oder de Montant iwwerweisen op: BGL – LU96 0030 0227 6807 0000
Vermierk: „Dauerkaart 25-26“
🎟️ Är Kaart kritt dir beim éischten Heemmatch géint d'Sparta (20.September).
Villmools Merci u jiddereen, deen eis op dësem Wee ënnerstëtzt! 🔴⚪️

new jersey alert
Hei ass ee klenge sneak peek vun…?
Stay tuned fir updates am Laf vun der nächster Woch!

duebelen testweekend
De Weekend geet et weider mat der Preseason vun den Hären an dat direkt mat 2 Matcher am Filano!
Um freiden ass déi däitsch Equipe vun de Saarlouis Royals op Besuch an e sonnden d'AS Zolwer.
Och fir dës Matcher ass d'Entrée gratis an d'Buvette op!

Preseason Schedule
Di éischt Geleeënheet fir eis Hären dës Saison an Aktioun ze gesinn ass den 21.August am Filano géint de Noper vun Hiefenech!
Dono stinn nach weider Frëndschaftsmatcher um Programm bis d'Saison den 20.September ofiziell lassgeet!

Testmatch geint iserlohn
Geschter war Equipe zu Iserlohn op engem Testmatch deen sie mat 85-79 gewannen konnten.
Welcome Walter
Mat der Verflichtung vum Walter Williams ass de Kader vun eisen Hären komplett!
De Walt huet lescht Saison bei AC Papagou a Griichenland gespillt an huet och schon virun 3 Joer a Lëtzebuerg an der Nationale 2 fir Schieren gespillt wou en mat staarke Leeschtungen iwwerzeege konnt.
Mir begréissen de Walt bei eis am Veräin a freeën eis hien dës Saison an Aktioun ze gesinn!

Welcome Jonas levickas
Gëschter haten eis Jongen den éischten Training vun der neier Saison. Mat dobäi een neit Gesiicht an der Fiels: den 1,98 m grousse Center Jonas Levickas kënnt vu Bramsche an Däitschland, a bréngt vill Erfarung a Kämpfermentalitéit an eis Ekippe!
Mir freeën eis drop, hien an eiser Ekippe ze gesinn an zesumme gi mir alles fir eng staark an erfollegräich Saison!

welcome kevon godwin
Den 25 järegen Amerikaner deen op der 1 spillt kennt aus Spuenien vun Iraurgi.
Dovirdrun war hien 4 Joer um Angelo State College.
Hei sein Highlight Video aus Spuenien.
Mir begreissen den Kevon bei eis am Veräin.
📸 ISB Iraurgi