Historique

De Veräin ass am Januar 1964 ennert dem Numm BBC Arantia Larochette gegrennt gin. Gespillt gouffen eis Heemmatcher deemools an der Fiels am Schoulhaff. No enger Saison an der véierter Divisioun bei den Hären, huet den Veräin sech mat jonken Spiller verstärkt an sou hun mir eis progressiv vun Divisoun zu Divisoun gesteigert.

Ufanks vun den 70er Joeren konnten mir dann eng ganz staark Equipe presentéieren an zu genereller Iwwerraschung hun mir an der Saison 1970/1971 d’Coupe de Luxembourg géint d’Etzella vun Ettelbréck an der Finale gewonn. Dat Joer drop waren mir erem an der Finale vertrueden, hun awer géint d’Amicale vu Steesel verluer. An denen Joeren haaten mir och auslännesch Spiller an eisem Kader wéi den Tschech Vladimir Mandel oder den Amerikaner J.R.Gidding, den vun der amerikanescher Universitéit UCLA koum. Et war dann och an denen Joeren, dass mir eis eenzeg offiziell international Matcher gespillt hun an zwar 1971/1972 géint BVV Brno (CZE), géint déi mir zweemol verluer hun: 65-111 an 85-113. Eng Saison méi spéit haten mir et dunn mat den Belge vum Racing Basket Antwerp ze din. Och hei gouffen et mat 85-106 an 48-108 zwou Défaiten.

No den 70er Joeren hu mir weiderhin zur Elite vum nationalen Basket gehéiert virun allem duerch dei traditiounell Manifestatiounen an den Ruinen vun eiser Buerg (Buergfester), déi um finanziellem Plang ganz wichteg fir den Veräin waren. Nom Verschloss vun der Buerg duerch den Staat war et spéiter schwéier fir eis sech uewen weiderhin z’etabléieren. Sou hun sämtlech wichteg Spiller den Veräin verloos an mir sin en puer Divisiounen gefall.

An den 90er Joeren hun mir dann erem en puer Titel konnten verzeechnen an zwar bei den Dammen déi zweemol hannerteneen d’Finale vun der Coupe FLBB géint d’Alesia vun Stroossen gewonn hun. Zu deser Zäit hun sech eis Hären an der Nationale 3 geschloen bis hier Equipe sech am Joer 2000 opgeléist huet. 2 Joer drop hu mir dann erem eng Hären-Equipe ugemellt mat virun allem Spiller aus der eegener Jugend, déi sech lues a lues weiderentweckelt hun. 2005/2006 si mir dann Nationale 3-Champion gin an hun den Opstiig an d’Nationale 2 gepackt, do konnten mir dann awer nemmen 2 Victoiren verzeechnen an sin dann erem an d’Nationale 3 gefall.

Momentan befannen sech eis Hären an Dammen an der Nationale 3. Bei den Hären kennen mir eng ganz jonk an dynamesch Equipe presentéieren, déi virun allem aus Spiller besteet, déi am Veräin selwer forméiert gouffen. Mat desem Kär vun jonken Spiller an mat der Verstärkung vun den Hansen-Bridder an denen leschten 2 Joer, kennen mir also hoffen geschwenn op méi héichem Niveau matzespillen.