NEW SIGNING - JOSHUA MCCLARY
Mir freeën eis de Joshua McClary als neie Spiller beim BBC Arantia Larochette begréissen ze kënnen.
Den 23 Joer ale amerikanesche Guard (1,89 m) huet déi lescht Saison fir Casino Ginásio Figueirense a Portugal gespillt wou hien am Duerchschnëtt 21,6 Punkten, 4,3 Assists an 3,8 Rebounds opweisen konnt.
Viru senger Profikarriär huet de Joshua véier Joer fir Roanoke College gespillt, wou hien ënner anerem als ODAC Defensive Player of the Year ausgezeechent gouf an an d'All-Conference Équipe gewielt gouf.
Mir freeën eis, de Joshua an eisen Faarwen ze gesinn, a wënschen him vill Erfolleg bei eis am Veräin!
Welcome to Larochette, Joshua!
NEIE BASKETTRAINING ZU MIEDERNACH!
Neie Baskettraining zu Miedernach!
Loscht op Basket? Da kommt laanscht a probéiert et aus!
Ab der Saison 2026/2027 bidde mir e neie Training fir eis klengst Basketballtalenter un.
Éischten Training: 19. September 2026
Samschdes moies: 10:00 – 11:00
Fir Kanner gebuer 2017–2024
Baskethal Miedernach
Egal ob Ufänger oder schonn e bësse Erfahrung – jidderee ass häerzlech wëllkomm!
Kommt laanscht, entdeckt de Basket a verbréngt eng flott Stonn mat Frënn!
Bei Froen: [email protected]

new youth coach
Wëllkomm an der Arantia-Famill, João!
Mir freeën eis, de João Guerra als neie Youth Coach beim BBC Arantia Larochette begréissen ze kënnen.
Den 34 Joer ale Trainer kënnt aus Portugal a bréngt vill Passioun an Engagement fir d'Aarbecht mat jonke Spiller mat. An der nächster Saison wäert hien zwou vun eise Jugendequipen trainéieren a gläichzäiteg eng wichteg Roll an der Weiderentwécklung vun eisem Jugendprogramm iwwerhuelen.
Mir wënschen him e gudde Start, vill Erfolleg a freeën eis op déi gemeinsam Zukunft!

NEW MEN COACH
De BBC Arantia ass frou, den Daniel Brandão als neien Head Coach vun eiser Härenekipp virzestellen.
Den Daniel ass am Lëtzebuerger Basket kee Friemen. Hien huet schonn ënner anerem bei Hiefenech, Bascharage an Amicale Steesel gecoacht, wou hien an der Saison 2023/24 de Championstitel mat Amicale gewonnen huet. Mat senger grousser Erfarung am nationale Basket kennt hien d’Liga an d’Spillkultur zu Lëtzebuerg ganz gutt.
Nieft der Härenekipp wäert den Daniel och eng wichteg Roll am Jugendprogramm iwwerhuelen an eis U22 an U18 Jongen Equipen betreien.
Mir freeën eis op déi nei Zesummenaarbecht a wënschen him vill Erfolleg bei eisem Veräin.

WOMEN TEAM 2026/27
Mat grousser Freed kënne mir Iech matdeelen, dass de BBC Arantia Larochette no 5 Joer nees mat enger Dammenequipe am Championnat wäert vertrueden sinn.
Dëse wichtege Schrëtt ass d’Resultat vun der Jugendarbecht, déi an de leschte Joren am Meederchersberäich geleescht ginn ass, an op déi mir immens houfreg sinn.
Als Trainer vun eiser neier Dammenequipe wäert den João Osório iwwerhuelen, deen déi lescht Joren schonn eis weiblech Jugendequipen betreit huet.
Mir freeën eis immens op dëst neit Kapitel an wënschen eiser Equipe an dem Staff vill Erfolleg fir déi kommend Saison!

U22 ESPOIRS - CHAMPION 2026/2027
Eis Espoirs hunn den 1.Mee d'Final mat 77-69 géint de Gréngewald gewonn a sinn domat Champions 26/27!
Gléckwonsch un d'Spiller an de Staff!
Fotoen: https://www.flickr.com/.../antpi.../albums/72177720333417032

New team collection
Déi nei BBC Arantia Larochette Kollektioun ass elo online: https://absolute-teamsport.lu/col.../bbc-arantia-larochette/
Während eise Skillcamps (3. bis 6.Bovember) an um Heemmatch vun eiser A Equipe Sonndes, den 2.November um 17h30, kënnt dir se am FILANO umoossen an direkt online beim Asport bestellen!