Stroossemaart ee vollen Erfolleg
De Stroossemaart an der Fiels leeft!
Bei der Arantia kritt dir een herrleschen Gin, super Burgers a mir maache Facepainting.
An eiser klenger Lounge kennt dir iech Plaz huelen an ee gemitllechen Nomëtteg bei eis an der Fiels verbrengen!
Bis geschwen!

Stroossefest 2018
Dir wollt schon emmer eng Keier een gudden OPUS Gin schmaachen?
Dir wollt schon emmer op engem Stroossemaart eng Auswiel vun 3 Hamburger (300 Gramm) hun?
Dir wollt schon emmer een alkoholfreien Cocktail geneissen?
Är Kanner wollten schon emmer eng Keier een flotten Face Painting (Gratis vun 10-14h)?
Dann profiteiert desen Sonnden vum Stroosenmaart an vun der Kiermes an der Fiels.
Kommt einfach den 22 Juli an d'Fiels, dir fannt eis nierft der aaler Gemeng.
Mir freeen eis op ären Besuch.

Thanks Xavier
Eischt News zu den Non-Jicl Positiounen. Leider kum et mam Xavier net zu enger Verlängerung vum Kontrakt. Hien wiesselt nämlesch an Schweiz bei Tigers Lugano.
Mir soen Merci fir sein Engagement lescht Joer an wenschen him vill Gleck op sengem weideren Wee.

Champes League 2018
De Weekend hatten mir erem zu Uewerkuer op der Champes League eng Equipe am Asatz. Bei herrlechem Wierder hun sie vun 7 Matcher der 4 konnten wannen.
Geigner an den Fussballmatcher dei jeweils 8 Minutten gedauert hun waren:
Telstar Hesper, AS Zolwer Oldies, BC Mess aus dem Basket, den Handball Scheffleng, Kordall an Fengeg aus dem Deschtennis esou ewei den Tennisclub vun Diddeleng.
Equipe:
Stoend vun lenks no riets: KIRPACH Christophe, HANSEN Jerome, DECKER Maurice, HARPES Kevin, NUNES Rui (Co-Trainer), NUNES Glen (Coach) ;)
Kneiend vun lenks no riets: NENNIG Philippe, NUNES Pedro, MENDES Christopher, KIRPACH Luc.
Equipe seet nacheenmol Merci den Organisateuren fir deen flotten Tournoi an se freen sech schon op dei 15 Editioun am Joer 2019.
Foto: Ant Deister

Generalversammlung
Total League Hären Spillplang
Nationale 2 Dames Spillplang
Héije Besuch an der Fiels
Leschte Freiden, waren den Grand-Duc, Grand-Duchesse an weider Memberen vum Staatsrot zu Besuch an der Fiels. Et war een Volleksfest.
Impressiounen fannt dir op RTL oder am Wort.
(op dei jeweileg Medie (blo) drecken).

Ofschlossfest 2018
Mam Ofschlossfest leschte Sonnden ass Saison 2017-2018 dann och endgülteg spilleresch op en Enn gaan. Just nach Generalversammlung steet mur, Mettwoch um Programm an dann kann een endgülteg een Strech ennert dei al Saison setzen an dei nei Saison starten.
Et war een erfollegräicht Ofschlossfest, wou den Spass am Virdergrond stung. Jugendequippen hatten Moies an am freien Nometten hir Freed, am speideren Nometten war et dann un deenen groussen. Dem Ray Hoffmann wellen mer erem een groussen Merci gin fir dei flott Fotoen.

An 3 Wochen ass erem den Stroossemaart an der Fiels. Och dest Joer hun mir erem een Stand, dest Joer awer net mei am Schoulhaaf mee bei der aler Gemeng.
Dest Joer bidden mer fir dei grouss eisen BBC (Beers, Burgers and Cocktails).
Fir dei kleng geet et vun 10-14 Auer een gratis Face Painting.
Lass geet dat gaanzt och schon em 10 Auer, also kommt bis laanscht an drenkt een mat eis.

Transferts JICL
No der Saison geet dann Transferzäit un. Séier hate mer eng Eenegung mat eisem Trainer Jérôme Hansen op Verlängerung. Ewéi mir dunn nach de Mike Jones als Co-Trainer gewanne konnte si mir elo frou dass mer Ronn ee Mount nom Enn vun der Saison Iech déi éischt Spillertransferts op de JICL Positioune virstelle kennen. Dräi nei Spiller kenne mer zur neier Saison begréissen, dorënner een alt bekannte Gesicht.
Awer fir éischt wëlle mir Iech matdeelen, dass mir den DJ Wilson no enger Saison als ausgeléinte Spiller elo fest verpflicht hunn. Den DJ huet, trotz dem ganzen Unistress eng gutt éischt Saison fir ons Faarwe gespillt. Hien ass all Match besser ginn an huet ëmmer méi seng Positioun am Veräi fonnt. Defensiv war et vun Ufank un eng enorm Verstäerkung, mee och Offensiv huet hien ëmmer méi d’Verantwortung iwwerholl. Am Play Off huet hien mat 13 Punkten am Schnëtt gewosst ze iwwerzeegen.
Als éischten Transferts kenne mir dann een ale Bekannten erëm am Veräin begréissen. Nodeems en fir ee Joer zu Miersch eng nei Erausfuerderung gesicht huet, huet den Elisio Delgado sech erëm decidéiert de Fielser Trikot unzedoen. Eigentlech wollt en scho virun 2-3 Joer seng Karriär beenden, mee d’Freet um Basket spillen hënnert hien dorunner. Mat vollem Kierperasaz erwaarde mer eis defensiv ewéi offensiv eng Präsenz vun him ënnert dem Kuerf. Hien wäert mat senger Erfahrung de jonke Spiller secher kennen de richtege Wee weisen. Welcome back Elisio.
Komme mer elo zum éischten neie Gesicht. Wéinst der Uni huet en ee Joer Paus gemaach, mee elo spillt en erëm mat sengem Brudder an engem Veräin. Riets ass vum Malik Wilson, dem jéngere Brudder vum DJ. Seng ganz Karriär huet hie bei der Ettelbrecker Etzella verbruecht. Mat sengen 1.90 m kennt hien op der Positioun 1 an2 zum Asaz, wou hie mat senger staarker Defense an aggressive Spillweis ze iwwerzeege wees. Mat sengen 23 Joer stécht nach vill Potential am Malik. Déi meescht Spiller kennt hien net nëmmen als Géigner mee och als Matspiller. De Malik wëlle mer häerzlechst bei eis an der Fiels begréissen a wënschen him ganz vill Gléeck a Spaas.
Last but not least komme mer dann zum leschten Transfert op der Jicl Positioun. No der schwéierer Blessur vum Oly, dee vermuttlech och déi ganz nei Saison leider ausfalle wäert, hunn mir eis op Sich gemaach fir ee Spiller op deene grousse Positiounen ze fannen. Nierwt dem Elisio si mir op de Pit Elcheroth getraff. Well déi Ettelbrécker op senger Positioun ganz stark besat sinn, koum hie leider net esou oft zum Asaz ewéi erhofft. Trotzdeem war hien ëmmer mat villen Engagement dobäi an hatt mat Undeel un der excellenter Saison vun den Ettelbrécker. De Pit, genee ewéi de Malik 23 Joer jonk, huet scho vill Erfarung a kann mat sengen 195 cm a gudder Sprongkraft ënnert dem Kuerf fir Akzenter setzen. Pit, welcome to the Arantia family.
Domadder hellt eise Kader fir déi nei Total League Saison esou lues a lues Form un. Stay tuned op eiser Facebook Säit oder Website fir weider Infoen zum Veräin.

Interview mam Neizougang Malik Wilson
Direkt no senger Ennerschreft stung den Malik eis dann och fir een Interview zur Verfügung.
1. No engem Joer Studienpaus, wei kumm et dozou deng Karriär bei eis an der Fiels elo weider ze feiern?
Ech hun ee Joer an Holland gespillt an eenger méi niedereger Divisioun an hun et einfach ze vill vermesst op eengem héije Niveau ze spillen. Dobai muss ech fir meng Studien d'nächst Joer ee Stage am Ausland maachen an do sin ech op d'Idee komm deen nobäi ze maachen fir rem d'Meiglechkeet ze hun fir op deem Niveau ze spillen. Firwat Fiels? Ech hun schon mat der Halschent vun der Ekipp gespillt a mir gefaellt d'Atmosphere an der Ekipp extrem. Dobai hun ech och erëm d'Meiglechkeet fir mat mengen Bridder (nierwent dem DJ consideieren ech Leit wei de Charel, Sam an Elch (Pit Elcheroth) och meng Bridder;) ) ze spillen an denken dass ech och an hiere Spillstil passen!
2. Wat sin deng Stärken an wou muss du dech nach verbessern?
Meng Staerkten giff ech soen wier meng Iwwersicht a Leadership als Point Guard um Terrain! Meng Haaptstäerkt oder eischter op waat ech am meeschten Wert drop leeën ass nach emmer meng Defense! Waerend deems meng Schwaechten nach eischter beim Scoren/Schéissen leien, mais dofir hun mer ioo genuch aaner Leit!
3. Wat erwaards du dir dei nei Saison mat denger neier Equipe? An wat sin deng Ziller an där neier Saison?
Als Opsteiger erwaarden ech mir dass mir als Underdog an all Match ginn, waat fir eis ee Virdeel keint sin! Mat de Charakteristiken wou mir an der Ekipp hun sin ech mer secher dass keen Geigner een einfache Match geint eis wäert kréien, zumols am Hexenkessel. Ziller? Top 6 an dann weider kucken!