BBC Arantia Larochette
Zesummen haalen, Zesumme feiern, Dat si mir d'ARANTIA! Ee klenge Veräin, Eng grouss Famill!!
  • Home
  • Teams
    • Hären
    • Hären B
    • Hären C
    • Espoirs
    • Cadets A+B
    • Scolaires
    • Filles Scolaires
    • Minis A+B
    • Fillettes A+B
    • Poussins
    • Poussines
    • Prépoussins
    • PrePre-Poussins
    • Butzebasket
    • Equipen lescht Joeren
  • Training
  • Games
  • Photos
    • 2022-2023 >
      • Hären B - Racing B (Coupe FLBB Final)
      • Poussins B - Diddeleng
      • Hären - Steesel
      • PrePre Poussins - Etzella
      • Hären - Sparta
      • Hären - Hiefenech
      • Kleeschen @ Filano
      • Zolwer - Hären
      • Hären - Contern
      • Hären - Diddeleng
      • Hären - Musel Pikes
      • Hären - Etzella
      • Hiefenech - Hären
      • Hären - Esch
      • Teampräsentation
    • 2021-2022 >
      • Minis - Etzella (Coupe Final Coque)
      • Scolaires - Steesel (Coupe Final Coque)
      • Hären - Esch (Coupe Final Coque)
      • Hären - Etzella (1/2 Coupe Coque)
      • Hären - Hiefenech
      • Contern - Hären
      • Hiefenech - Hären
      • Tournoi pour Prepoussins et Preprepoussins
      • Wallpapers
      • Photoshooting
    • 2020-2021 >
      • Diddeleng - Hären (Play-In)
      • Hären - Contern
      • Contern - Hären
      • Hären - Etzella
      • Hären - Hesper
      • Hären - Esch
      • Hären A Profiles
    • 2019-2020 >
      • Cadets - Mamer B
      • Poussins - Racing
      • Poussines - Sparta
      • Pre Poussins A - Zolwer
      • Pre Poussins B - Sparta B
      • Hären - Sparta
      • Hären - Racing
      • Scolaires - Steesel (Coupe)
      • Hären - Musel Pikes
      • Hären - Diddeleng
      • Minis - Etzella
      • Poussins - Zolwer
      • Butzebasket - Etzella
      • Sparta - Hären
      • Hären - Esch
      • Kleeschen op Besuch
      • Minis B - North Fox
      • Minis - Grengewald
      • Cadets - Racing B
      • Minis - Sparta
      • Minis B - Mess
      • Hären - Etzella
      • Zolwer - Hären (Coupe)
      • Hären - Contern
      • Cadets - North Fox (Coupe)
      • Pre Poussins Tournoi @ Esch
      • Hären B - Walfer B
      • Minis - Grengewald (Coupe)
      • Minis B - Mess
      • Minis - Sparta B
      • Minis - Zolwer
      • Minis B - Munneref
      • Etzella - Fillettes
      • Etzella - Minis
      • Hären A Profiles
      • Photoshooting
    • 2018-2019 >
      • Wibbel an Dribbel
      • Grengewald - Poussines
      • Poussins - Sparta B
      • Poussines - Etzella
      • Etzella - Minis
      • Hären - Walfer (Rui Endgame)
      • Tournoi pour Pre-Prepoussins et Prepoussins
      • Sparta - Poussines
      • Scolaires - Mess
      • Mess - Dames
      • Deckkäpp
      • Hären - Kordall (Play Down)
      • Hiefenech - Hären (Play Down)
      • Hären - Musel Pikes (Play Down)
      • Pre Poussins B - Diddeleng C
      • Walfer - Hären
      • Hären - Musel Pikes
      • Steesel - Hären
      • Dames - Hiefenech (Coupe FLBB)
      • FLBB Camp
      • Hären - Diddeleng
      • Dames - Preizerdall
      • Scolaires - Kordall
      • Hären B - Contern B
      • Filles Scolaires - Miersch
      • Dames - Sparta (Coupe)
      • Hären - Steesel
      • Dames - Hiefenech
      • Scolaires - Mamer
      • Etzella - Hären
      • Hären - Racing
      • Dames - Kielen
      • Dikrech - Poussins Mixtes
      • Walfer - Hären (Coupe)
      • Schieren - Dames
      • Hären - Kordall
      • Dames - Pirates
      • Presentation Equipes
      • Hären A Kader
    • 2017-2018 >
      • Ofschlossfest
      • Tournoi pour Pre-Prepoussins et Prepoussins
      • Etzella - Pre Poussins
      • Kordall - Hären
      • Hären - Contern
      • Sparta D - Pre Poussins B
      • Pre Poussins B - Sparta C
      • Minis - Mess
      • FLBB Camp
      • Hären - Zolwer
      • Preizerdall - Dames
      • Hären - Hesper
      • Preizerdall - Pre Poussins
      • Sparta - Pre Poussins
      • Kleeschen @ Filano
      • Fiels - Bascharage
      • Pre Poussins - Musel Pikes
      • Walfer - Pre Poussins
      • 9 Joer ZAK
    • 2016 - 2017 >
      • Tournoi Europeen De Basket - 14° Edition
      • Tournoi pour catégories débutants
      • Preizerdall - Dames
      • Dames - Miersch
      • Jugendtournoi
      • Contern - Hären
      • Etzella - Hären
      • Bascharage - Hären
      • Pre Poussins - Hiefenech
      • Pre Poussins Tournoi @ Esch
      • Musel Pikes - Hären
    • Thank you Mister Mike Jones
    • 2015 - 2016 >
      • Jugendausfluch
      • Ofschlossfest
      • Colmar Schoul
      • Hären - Bascharage
      • Contern - Hären
      • Hären - Mess
      • Hären - Zolwer
      • Journee nationale du Basket 2015
      • Hierkefest 2016
      • Kleeschen
      • Tournoi pour Pré-Poussin(e)s et Pré-Pré-Poussin(e)s
      • Bascharage - Hären
      • 3. Tournoi d'Ouverture "Rene Besenius" 2015
    • 2013-2015 >
      • Total League Impressions
      • All Star Games
      • Kleeschen am Filano 2014
      • Tournoi d'Ouverture "René Besenius" 2014
      • Tournoi Prépoussins 2014
      • Sparta - Hären (04.04.2015)
      • Contern - Hären (28.02.2015)
      • Contern - Hären (17.01.2015)
      • Sparta - Hären (09.01.2015)
      • Zolwer - Hären (23.11.2014)
      • Zolwer - Hären (26.01.2014)
      • Sparta - Hären (2014)
      • Stessel - Hären (2014-Coupe)
      • Hären - Amicale (2013)
      • Walfer - Hären (2013)
      • Contern - Hären (2013)
      • Hären - Diddeleng (2013)
      • Hären - Zolwer (2013)
      • Etzella - Hären (2013)
      • Total League Debut
      • Pre Poussins - Etzella
    • 2012 - 2013 >
      • Ofschlossfest '13
      • Mondorf - Hären (Opstig)
      • Coupe FLBB Final '12
      • Tournoi Bettembourg '12
    • 2009 >
      • Coupe FLBB Final '09
      • Strasbourg 09
      • Hären - Nitia
      • Hären - Amicale
      • Hären - Miersch
      • Hären - Mess
      • Hären - Etzella
      • Hären - Racing
  • Videos
  • Sponsors
  • Shop
  • Historique
  • Filano
  • Contact
  • Archiv
    • Januar 2023
    • 2022 >
      • Dezember 2022
      • November 2022
      • Oktober 2022
      • September 2022
      • August 2022
      • Juli 2022
      • Juni 2022
      • Mee 2022
      • Abrell 2022
      • März 2022
      • Februar 2022
      • Januar 2022
    • 2021 >
      • Dezember 2021
      • November 2021
      • Oktober 2021
      • September 2021
      • August 2021
      • Juli 2021
      • Juni 2021
      • Mee 2021
      • Abrell 2021
      • März 2021
      • Februar 2021
      • Januar 2021
    • 2020 >
      • Dezember 2020
      • November 2020
      • Oktober 2020
      • September 2020
      • August 2020
      • Juli 2020
      • Juni 2020
      • Mee 2020
      • Abrell 2020
      • März 2020
      • Februar 2020
      • Januar 2020
    • 2019 >
      • Dezember 2019
      • November 2019
      • Oktober 2019
      • September 2019
      • August 2019
      • Juli 2019
      • Juni 2019
      • Mee 2019
      • Abrell 2019
      • März 2019
      • Februar 2019
      • Januar 2019
    • 2018 >
      • Dezember 2018
      • November 2018
      • Oktober 2018
      • September 2018
      • August 2018
      • Juli 2018
      • Juni 2018
      • Mee 2018
      • Abrell 2018
      • März 2018
      • Februar 2018
      • Januar 2018
    • 2017 >
      • Dezember 2017
      • November 2017
      • Oktober 2017
      • September 2017
      • August 2017
      • Juli 2017
      • Juni 2017
      • Mee 2017
      • Abrell 2017
      • März 2017
      • Februar 2017
      • Januar 2017
    • 2016 >
      • Dezember 2016
      • November 2016
      • Oktober 2016
      • September 2016
      • August 2016
      • Juli 2016
      • Juni 2016
      • Mee 2016
      • Abrell 2016
      • März 2016
      • Februar 2016
      • Januar 2016
    • 2015 >
      • Dezember 2015
      • November 2015
      • Oktober 2015
      • September 2015
      • August 2015
      • Mee 2015
      • Abrel 2015
      • März 2015
      • Februar 2015
      • Januar 2015
    • 2014 >
      • Dezember 2014
      • November 2014
      • Oktober 2014
      • September 2014
      • August 2014
      • Juli 2014
      • Juni 2014
      • Mee 2014
      • Abrell 2014
      • Januar 2014
    • Results >
      • Results 21-22
      • Results 20-21
      • Results 19-20
      • Results 18-19
      • Results 17-18
      • Results 16-17
      • Results 15-16
      • Results 14-15
      • Results 13-14
      • Results 12-13
      • Results 11-12
      • Results 10-11
      • Results 09-10
      • Results 03-04

Weldiessen 2019

Picture
Sonndes, 03.11.2019 organiseiern mir eist jährlecht Weldiessen.

Ab 11 Auer fennt dat gaanzt an der Fiels am Centre Culturell statt.

Ewei lescht Joer geet et als Haaptplat gudden Ragout vun der wëller Sau mat Beilaagen (26€), fir dei dei net esou frouh sin mam Weld geet et alternativ Paschtéit mat Bäilagen (18€). Fir Kanner kascht Wëldiessen (16€), Paschteit (13€).

Plats à emporter:
Wann dir elo keng Zäit huet de ganzen Metten am Centre Culturel ze verbrengen, kennt dir Iech eis Platen och bestellen an mat Heem huelen.

Umellungen gin ab elo bis den 28.10 op folgend Nummer: Sven Dhamen - +352 691 661 603
Wichteg ass et natierlech beizefügen wat een Iessen well.

Natierlech kennt der Iech och op engem Match bei engem Member vum Comite umellen.

Mir freeen eis iwert all Besucher.



Away in Dudelange

Picture
No der batterer Neierlaag am Derby zu Hiefenech, geet et en Samsden am 3ten Auswäertsmatch um Steck (Coupe agerechnet) op Diddeleng bei den T71.

Diddeleng konnt leschte Weekend beim Comeback vum Tom Schumacher zu Steesel den eischten Saisonerfolleg feiern. Domadder huet all Equipe an der Total League mindestens 1 Victoire an ausser Esch huet all Equipe och schon mindestens 2 Matcher verluer.
Eng gaanz ausgeglachen Saison bis elo an et gesäit no engem enken an haarden Rennen em Play Off Plaatzen aus.

Eis Equipe well erem zereck an Spuer fannen an et bei dem engem Ausrutscher belossen. Bis elo haaten sie nemmen staark Matcher gewissen, mee leider am Derby een schwaarzen Daag erwescht. Sou Deeg huet jidereen eng Keier. Equipe wäert awer alles gin fir dass et just bei dem engem schwaarzen Daag des Saison bleift.

Mir geingen eis iwert all Supporter freen, deen eis  am Süden vum Land ufeiern kennt.


Weekend Games

Picture
Bessen mei rouegen Weekend fir Jugend trotzdeem deen een oder anneren interessanten Match steet um Programm.

Samsdes, 26.10.2019:

Mersch 15h30 Scolaires (Coupe) 0-20 (forfait)
Dames 18h00 Racing
Diddeleng 20h30 Hären

Sonndes, 27.10.2019:

Minis 15h30 Grengewald (Coupe)
Hären B 17h00 Walfer B
Hären C 18h30 Käl B


Batteren Owend zu Hiefenech

Picture
1.Veierel: 18-12; Nervösen Match mat villen Turnover op beiden Säiten. Hiefenech trefft besser aus dem Feld an geet mat 6 Punkten Virsprong an 2t Veierel.
Halbzeit: 33-27; Hiefenech domineiert de Rebound an kannsech sou 2t an suguer 3t Chancen erausspillen. Trotz villen Turnovers kennen mer de Reckstand op net manner ewei 4 rofsetzen.
3.Veierel: 61-46; Equipe ass na emmer net am Match dran. Vill Freiworf laanscht geschoss konnt de Max Schmit 3 Dreier treffen. De Reckstand ass op iwer 10 ugewues, deen konnten mir bis elo net verkiirzen.
Endstand: 90-78; Zwee mol konnt sech Equipe na berappeln an bis op 10 verkiirzen. Mee 2 mol gouf dessen Run vun Hiefenecher Time Outs ausgebremst an dono konnt Hiefenech erem op 15 erheischen. Um Enn eng batter a verdengten Neierlaag!

Scorer: Cooper 22, Avery 16, Freimann 13, Wilson D. 11, Goetzinger 5, Rocha 5, Kirpach 4, Wilson M. 2.

Picture

Hären C klappen Wolz B

Picture
Auswäertserfolleg fir eis Hären C zu Wolz geint hir B. Beim Comeback vum Luc Henkel, deen och direkt den eischten Kuerf vun der Equipe scheissen konnt, huet Equipe no engem ausgeglachenem Optakt nach virun der Paus sech een Ecart rausgespillt. Dessen hun se an der 2ter Halschent konnten verteidegen! Mendes huet seng gudd Form vun der Dreierlinn gewissen, no 10 Dreier zu Schieren huet hien der haut weider 5 drop geluescht.

Scorer: Nunes 18, Mendes 15 (5 Dreier), Hansen 14, Schmit 9, Henkel 8, Berna 6, Winandy 4, Mputu 4, Brancaleon 2.



Familyday

Picture
Familyday vun der FLBB an der Coque.

Groussen Merci fir hir Hellef un Lynn an Laura Pletschette, Rita Nunes, Gaby Hoffmann, Christopher Mendes, Dylan Rocha Pires an Terry Winn.


Instagram

Picture
Op eiser Instagram Säit präsenteiern mer, seit puer an och dei nächst Deeg, all eis Hären A Spiller, mat hirer Favorite List, an der Story.
Op eisem Profil kennt dir dest awer och emmer erem an den Story Highlights nokucken.



Next Round

Picture
Nodeems Equipe de Reckstand seier opgeholl haat, no 7 Minutten dei eischte Feierung, huet Käl bis zur Paus nach gudd matgehaaln. An der Paus waren mer 10 fir. Dono huet bei Käl besse Konditioun gefeelt an mer konnten de Virsprong erheichen. Am 3ten Veierel hun mer Käl bei 4 gehaalen an haaten 25 Virsprong.
All Spiller kruet haut seng Spillzäit an huet och getraff! Just den Oly kruet no Blessur um Knöchel weider eng Paus.

Scorer: Winn 23, Avery 15, Rocha 14, Nunes 8, Goetzinger 8, Wilson M. 7, Ferreira 6, Kirpach 6, Wilson D. 5, Elch 4, Freimann 3.



It's Derbytime

Picture
Derby deel 2.

48h nom Match zu Käl, geet et fir eis Hären weider zu Hiefenech. No 6 Joer heescht et erem Derbytime an der Total League Qualifikatiounsronn.

Upaff: Samsdes 19.10.2019 - 20h00 @ Hiefenech

No 2 Victoire an 2 Heemmatcher geet et auswäerts bei den Noper op Hiefenech dei hirerseits, hir bis elo eenzeg Victoire am eenzegen Heemmatch (geint den T71 Diddeleng) feiern konnten.

Ewei et et sech fir een Derby geheiert wäert dest een enken an serreierten Match gin. All Ennerstetzung geet gebraucht fir desse Match erfollegreich ze gestalten.

Hei nach eng Noricht vun eiser treier Supportergrupp, den Holy-Gäns Larochette:
Leif Kollegen, Famill a besonnesch eis Fans vum Fielser Basket!

Mir sinn an eng grandios Saison gestart wat déi wéinegst an der Lëtzebuerger Basketszene geduecht hunn.
Mat Zesummenhalt a Kampf sti mir elo bei 2 Victoiren an 3 Matcher!

Mee MUER UM 20:00!!! bei eise léiwen Noperen ass et wou et zielt!
Dofir en Opruff un Iech:
 
Muer ass et nämlech nees sou weit!
Ee vun de wichtegste Matcher fir eis des Saison 19/20!!!
Et ass ëmmer ee Match mat heichem Stellungswert fir eis!

Et geet net nëmmen em gewannen!
Mee och em Éier, Prestige an em Kampf! Esouwuel um Terrain wei och op da Tribün!
Et geet drëms eis direkt Konkurrenz op Distanz ze halen am em Course fir de Klassenerhalt/Play Off Grupp!
Dofir bieden ech Iech als Capo vun de Fielser Hooligäns alles fir EQUIPE,FIR FIELS AN FIR DEN VERÄIN ze gi bis déi lescht Sekonn!

Egal wei et steet op 20 vir oder 20 hannen,kämpfe musse mir an houfreg drop sin eise Logo op da Broscht an am Häerze kennen ze droen!

Hëlleft eis w.e.g. Equipe no fir ze peitschen an hinnen ze weisen dass et nëmmen an eng Richtung ka goen!

Ugefouert vun eisem Kämpfer "El Capitano" Luc Kirpach wäert eis Equipe alles ginn,esou wei MIR och all zesummen wäerten alles ginn!

Well zesumme si mir een!

Zesummen halen, Zesumme feieren, Dat si mir d'ARANTIA!
Ee klenge Veräin, Eng grouss Famill!!


Ahuuu!!!

H-G L 11"



Weekend Games

Picture
Weider geet et mat den vollgepaackten Basketsweekender.

Nierwend deenen 2 Coupematcher stin nach 9 Championnatsmatcher de Weekend um Programm.

Samsdes, 19.10.2019:

Zolver 15h30 Scolaires
Wolz B 16h00 Hären C
Filles Scolaires 16h30 Hiefenech
Dames 18h00 Pirates
Hiefenech 20h00 Hären

Sonndes, 20.10.2019:

Minis 14h30 Sparta B
Contern 15h30 Fillettes
Minis B 15h45 Mess
Diddeleng B 18h00 Cadets


All eenzel Equippe geif sech iwert besse Support freeen.

Mir wenschen op desser Plaatz all den Equipen vill Gleck.


2t Plaatz an der Tabell no 3 Spilldeeg

Picture
1.Veierel: 25-29; Des Keier huet Equipe denn Ufank net verschlof. Ouni Oly an Winn (allen beid verletzt) sin mer duerch Dreier vum DJ an Adarius a Feierung komm. Sparta konnt dest seier emdreinen an sech een Virsprong erausspillen. Besonneg den Williams ass net ze stoppen.

Halbzeit: 49-48; Jongen kämpfen! Sie spillen richteg gudd zesummen. Den Williams haaten sie elo besser am Greff an dem Robinson konnten mer 3 Feeler unhaften! Hir vill Dreier haalen sie am Match. Op eiser Säit konnt den Adarius mat 2 Alley Oop fir weider Highlights suergen. Den Jo Freimann kum fir sein Debut ran, vun Nervösiteit huet en sech neischt uweisen geloos. Eischten Ballkontakt Dreier ran, huet hien dono dem Koster een Dreier an Gesiicht geschoss. Staark Debut an eisen Faarwen.

3.Veierel: 74-69; Weider emmer weider! 2 Attacken um Steck konnt den Dylan mat 3 ofschleissen an de Virsprong bis op 11 ausbauen. Desse konnt Sparta an deenen leschten 2 Minuten samt Buzzer Beater verkiirzen.

Endstand: 96-87; Direkt no puer Sekonnen kruet den Robinson sein 5ten Feeler. Mir hun dono den Virsprong erem op 11 ausbauen kennen mee puer Lay Up a Fauten laanscht an Sparta war erem run op 3 mat 1 Minut op der Auer. Dun konnt den DJ mat engem immens wichtegen 3er de Match 30 Sekonnen virun Schluss entscheeden. Absolut Eskalatioun op der Tribün. 3 Matcher 2 Victoiren an ongeschloen am Filano geet et nächst Woch bei den Nopper op Hiefenech!

P.s. Adarius feelt 1 Assist fir een Triple Double.

Scorer: Avery 26 (12 Rebounds; 9 Assists), Cooper 24 (16 Rebounds; 3 Steals), Rocha 11, Wilson D. 11, Wilson M. 10 (6 Assists), Freimann 6 (7 Rebounds), Elch 6, Nunes 2.




Dames setzen sech duerch

Picture
3te Match, 2t Victoire. Weider ongeschloen doheem! Am eischten an leschten Veierel hun Dammen den Ennerscheed gemaa, 2t an 3t sin ausgeglach ausgaan!

Scorer: Bettendorff 21, Braquet C. 15, Gomes M. 8, Gomes E. 4, Fuchs 4, Aquilares 2, Majerus E. 2, Pletschette Laura 2.



Hären B 137 Punkten

Picture
4te Mätch die Hären B an 4 Victoire. Sie sin weiderhin um Wee Titelverteidegung.

Am speiden Nometten konnten sei sech ouni greisser Problem geint, bis dohinn ongeschloen Escher (2/2) duerchsetzen!

Direkt am eischten Veierel gouf Entscheedung erbei gespillt, mat 29 Punkten Ennerscheed (44-13) goufen dessen fir eis Faarwen decideiert. Et war een groussen Team Effort mat 5 Spiller dei zweestelleg treffen konnten, dovunner 4 iwer 20 Punkten

Scorer: Jones 32, Rocha 28, Weckering 21, Nunes P. 20, Nunes R. 16, Becker 9, Mendes 6, Kirpach C. 5.



Hären C 2t Victoire am 4ten Match

Picture
No den Hären B war et dann am freien Owend un eisen Hären C. Och fir sie stung den 4ten Spilldaag um Programm an et gouf dei 2ten Victoire. An engem iwer weit Strecken ausgeglachenen Match konnten sie sech den Ecart zur Victoire am leschten Veierel erausspillen. Besonneg staark war am Reussite vun der Dreierlinn, net manner ewei 17 Dreier konnten sie verwandeln.

Scorer: Nunes R. 31, Hansen 28, Mendes 16, Mergen 6, Muller 6, Kirpach C. 6, Schmit 3.


Minis kennen hir Partie wannen

Picture
No engem besse nei schwachen Weekend mat villen Auswäertsmatcher lescht Woch,war et dess Woch een staarken Weekend bei villen Heemmatcher. De Filano gouf zur Festung gemaa. Minis A konnten sech ouni Problemer ennert hirem neiem Trainer Pit Hoffmann geint Zolwer duerchsetzen.
Minis B geint Munneref hun 29-29 gläich gespillt.


Coupe de Luxembourg @ Käl

Picture
Upaff: Donnesdes, 17.10.2019 - 20h00 @ Käl

Coupe de Luxembourg steet erem virun der Diir. Nodeems lescht Joer schon dei eischt Ronn zu Hesper Endtstatioun war, hoffen mir et dest Joer besser ze maachen.
Mir sin zu Gaascht beim nei opgebauten Veräin vun Käl, dem BBC Kayldall. Als Nationale 3 Equipe kreien sie een Virsprong vun 20 Punkten.
No 3 Spilldeeg an der Nationale 3 hun sie sech all Match gesteigert an konnten desse Weekend dei eischte Victoire doheem geint den Dall feiern.
Weinst den 20 Punkten Reckstand gelt et fir eis Equippe vun Ufank un konzentreiert ze sin an de Reckstand esou seier ewei meiglech opzehuelen.


LaLux Ladies Cup vs Hiefenech

Picture
Des Woch ass net nemmen den Ufank an den Coupe Wettbewerber mee zur Gläich och Derby Woch.

Den Optakt maachen do eis Dammen am Lalux Ladies Cup.

Upaff: Mettwochs, 16.10.2019 - 20h00 @ Filano.

Keen einfach Lous fir eis Dammen, spillen sie geint bis elo nach ongeschloen Hiefenecher Dammen. Mee eis Dammen hun gudd Leeschtungen bis elo gewissen an wellen weider doheem ongeschloen sin.
Mädecher ronderem hirem Trainer Sven Dhamen hoffen op Ennerstetzung an dessem Match, fir dass sie et an dei nächsten Ronn (1/8 Final) packen kennen.


Heemmatch vs Sparta

Picture
En Samsden Owend ass den 3te Spilldaag an der Total League, eisen 2ten heemmatch. Et geet geint dei ongeschloen Sparta vu Bartreng.

No engem staarken Comeback doheem geint Steesel an enger knapper an onglecklecher Neierlaag zu Esch, well Equipe op dei gudd Leeschtung opbauen an zesummen mat den Zuschauer am Reck een weideren gudde Match weissen.

Sparta kennt mat vill Selbstvertrauen an Fiels, ugefang mat enger Auswäertsvictoire zu Diddeleng, haaten sie leschte Weekend doheem keng Problemer geint den Opsteiger vu Contern.

Net nemmen um Terrain geet et een interessanten Match mee och op der Tribün, wou Sparta vun hirem Supporterclub "Spartinaikos" ennerstetzt gin. Mir zielen op all eenzelen Supporter an hoffen, dass Leit zesummen mat den Holy Gäns fir eng top Ambiance suergen wäerten.

P.s. ween net nemmen Hären well gesin deen kann ab 14h00 an den Filano kommen, 5 Matcher stin um Samsden Nometten an der Fiels um Programm:

Scolaires 14h00 Hesper
Cadets 15h30 Racing B
Filles Scolaires 17h00 Contern B
Dames 18h30 Preizerdall
Hären 20h30 Sparta

Picture

Weekend Games

Picture
Een weideren voll gepaaktenen Weekend mat 10 Matche rum programm. Ausser Fillettes dei den Optakt desse Weekend maachen, spillen all eis Equippen doheem am Filano. Besonneg Samsdes keinnt een vun 14 Auer un 5 Matcher um Steck gesinn. Sonndes dären 4 ab 14h15.

Samsdes, 12.10.2019:

Etzella 13h15 Fillettes
Scolaires 14h00 Hesper
Cadets 15h30 Racing B
Filles Scolaires 17h00 Contern B
Dames 18h30 Preizerdall
Hären 20h30 Sparta

Sonndes, 13.10.2019:

Minis 14h15 Zolwer
Minis B 15h30 Munneref
Hären B 17h00 Esch B
Hären C 18h30 Käerjeng C


Top Leeschtung gouf net belount

Picture
1.Veierel: 29-21; No guddem Optakt (10-8) hun mer eis mat 3 Turnovers (Steals vun Esch) den Reckstand bis op 10 uwuessen geloos. Zwee seier Time Outs vum Coach Carroll an Equipe ass erem bessen erwescht. Highlight een 360 Grad Dunk vum Adarius.
Halbzeit: 46-45; 1 hannen zur Paus. Jongen hun de Reckstand seier opgeholl mee hun och profiteiert vun Escher Noleissegkeeten. 4 mol sin sie alleng op den Kuerf gelaaf, 4 mol konnten sie net punkten. Highlight an dessem Veierel een Alley Oop Dunk vum Charles Cooper.
3.Veierel: 67-64; Weider sin mer hei zu Esch am Rennen fir Victoire. 3 Reckstand sin et no 30 Minutten an Equipe spillt mat 100% Asatz an Kampfgeescht. Keen Ball gin se op! Hei ass nach alles dran!
Endstand: 94-89; Um Enn ass et net durgaan, trotzdem eng richteg staark Leeschtung vun eiser Equipen 2 Minutten virum Schluss nach 80-86 fir huet Esch 3 Dreier um Steck getraff. Dono waren sie secher op der Fautenlinn. Mir sin oft gudd zum Kuerf gezunn mee gouf leider net mat Freiwerf belount. Trotzdem brauch Equipe den Kapp net hänken ze lossen an kann op des Leeschtung opbauen.

Scorer: Avery 29 (10 Rebounds; 4 Steals), Cooper 23 (14 Rebounds), Wilson D. 13, Elch 8, Wilson M. 8, Goetzinger 2, Ferreira 2, Kirpach 2, Rocha 2.

Picture

Hären B - Winning Streak

Picture
Zur Paus 3 fir huet Equipe Victoire am 3ten Veierel gesechert. Phänomenal an on fire war erem den Mike Jones mat bal der Halschent vun den Punkten.

Scorer: Jones 43, Weckering 13, Becker 10, Schumacher 9, Mendes 7, Nunes R. 5, Sequeira 1.



Trainingsprogramm 2019/2020

Picture
Hei dann nach den Trainingsprogramm vun der neier Saison.
Wann dir Loscht op Basket huet, dann einfach eng Keier laanscht kommen oder sech am Virraus bei engem Responsablen mellen.


Basket mescht Spaass

Picture
Ab dëser Woch fänken och eis allerjéngst Equipen mat hirem Training un.

Fir déi nei Saison wiere mir frou nei jonk Spiller begréissen ze kënnen fir eis Equipen ze vergréisseren.

Hei fannt dir d'Trainingszäiten vun den verschiddenen Kategorien.

Bei Interessi kënnt dir eis gären kontaktéieren oder einfach mat ärem Kand op dee jeeweilegen Training kommen.


New on Instagram

Picture
Mir sin ab elo, nei, och op Instagram ze fannen.

Einfach eis Säit abonneiern an anner Andreck vun eisem Veräin gesin


Away in Esch

Picture
Opgepasst: Upaff Sonndes 06.10.2019 - 16h45

No der Victoire doheem geint Steesel, geet et fir eis Hären weider op Esch, bei een Matfavorit op Meeschterschaft. Keen einfachen eischten Auswäertsmatch.
Esch hat genee esou een schwachen Start an dei nei Saison ewei mir, sie lungen direkt heich zu Contern beim Opsteiger hannen, konnten sech awer och erem zereckkämpfen an no Verlängerung de Match dreinen a wannen.
Nierwend dem Clany Rugg, hun sie mam Miles Jackson-Cartwright een neien Amerikaner, deen lescht Joer nach mam T71 Diddeleng an der Final vum Championnat stung. Ambitiounen vum Minettsveräin sin kloer, sie wellen em dem Champion spillen.
Eis Equipe well op dei staark 2t Halschent vum Steesel Match opbauen an mat der selweschter Leidenschaft probeiern zu Esch fir eng Iwerraschung ze suergen. Zesummen mat den Supporter ass weiderhin alles meiglech, duerch dei gudd Stemmung hun sie leschte Weekend dofier gesuergt, dass mam 6te Mann am Reck alles meiglech ass.


Weekend Games

Picture
Ab elo ass et eriwwer mat den rouegen Weekender, bis Chreschtdaag geet et elo Schlag op Schlag.
Och dessen Weekend stin erem eng Reih Matcher um Programm, an dei sin all Auswäerts.
Eenzegen Heemmatch hätten eis Fillettes geint Wolz gehaat, mee dessen wannen sie Forfait.
Opgepasst, de Match vun den Minis B zu Reuler ass op 15h verluescht gin!

Samsdes, 05.10.2019:

North Fox 15h00 Minis B (@ Reuler)
Etzella 13h30 Minis
Schieren 16h15 Filles Scolaires

Sonndes, 06.10.2019:

Bascharage B 15h00 Hären C
ZAK 16h00 Cadets (@ Clausen)
Zolwer 16h00 Dames
Esch 16h45 Hären
Racing B 18h00 Hären B


1/16 Final Coupe de Luxembourg

Picture
Picture
Dei eischt Coupe Ronnen goufen de Moien gezunn. 1/16 Finalen an der Coupe du Luxembourg. Beid Partien gin den 16/17.Oktober gespillt, de genauen Datum gidd dir mat Zäit gewuer.

Fir Hären geet et auswäerts bei der neigegrenntener Equipe vum BBC Käldall aus der Nationale 3.

Eis Dammen kreien et direkt doheem am Derby geint Hiefenech ze din.

Comeback Win

Picture
1.Veierel: 19-30; Keen gudden Start an dei nei Saison. Duerch vill Dreier konnt Steesel sech seier een Laach erausspillen, 11 Reckstand no 10 Minutten stin op der Tafel.
Halbzeit: 40-51; Zweet Veierel an Equipe weist Kampfgeescht. Steesler Dreier fallen elo net mei am Sekonnentakt dofir haaten mir no enger Onsportlecher bei 10 Reckstand Chance den Virsprong extrem ze verkiirzen, mee 2 Fauten laanscht, Offensivfeeler an 2 Dreier vun Steesel hun Euphorie kuerz gebrach. Weider huet Equipe sech net opginn an ass zum Schluss nach eng Keier op 11 rukomm. Gaanz staark op eiser Säit, den Adarius Avery!
3.Veierel: 60-64; Equipe weisst absoluten Kampfgeescht. De Reckstand hat sech bei 10 agependelt, mee Steeseler Zillwasser ass rofgaan an duerch gudd Defense sin mer op 4 rukomm. Mir haaten Chance ewell puer mol mee leiwer speit ewei nie. Nach sin 10 Minutten ze goen an zesummen mat den Supporter kennen mir desse Match hei nach dreinen.
Endstand: 90-86; We did it! We came back! Teamspirit! No bal20 Punkten Reckstand zur Paus huet Equipe sech erem gerappt, niemols opginn, een absoluten Kampfgeescht gewissen an ugefouert vum neien Kapitän Luc Kirpach de Match gedreint. No schwaachem eischten Veierel hun sie Fans erem mat an de Match geholl an zesummen mam 6te Mann konnten mur dessen, elo zum Optakt schon, extrem wichtegen Match wannen.

Scorer: Avery 33 (17 Rebounds, 4 Steals), Cooper 28 (10 Rebounds, 6 Steals), Kirpach 9, Wilson M. 9, Wilson D. 6 (3 Steals), Goetzinger 5.


Häre B sin a Form

Picture
Zweeten Match, zweet Victoire. Hären B maachen do weider wou se lescht Joer opgehaaln hun. Des Victoire konnten sie sech direkt an der eischter Halschent erausspillen. Zur Paus waren sie schon mat 19 Punkten fir an deen Virsprong hun se an der zweeter Halschent verteidegt. Gaanz staark waren dei perseinlech Leeschtungen vum Mike Jones an Claude Weckering. Fir den Sebastian Schumacher, deen och eng staark Leeschtung gewissen huet, war et zäitgläich Career High am Arantia Trikot.

Scorer: Jones 37, Weckering 31, Schumacher 18, Nunes P. 11, Nunes R. 8, Hansen 4.



First game - first win

Picture
Eis Dammen kennen den eischten Match vun der neier Saison no enger super Leeschtung gewannen. Besonneg dei zweet Halschent war extrem staark.

Generalprouf Donnesden zu Treier konnten sie och schon erfollegräich gestalten.

Mir wellen hei och profiteiern an dem Lynn Pletschette gudd Besserung no enger Scheller Operatioun wenschen.

Scorer: Bettendorff 31, Majerus Lisi 10, Monteiro 10, Pletschette Laura 9, Gomes 8, Nunes 4.



Fillettes wannen op der Musel

Picture
An engem gaanz knappen Match wannen eis Fillettes op der Musel geint Pikes. No der Forfaits Victoire leschte Weekend geint Esch hun se elo och an hirem eischten gespilltenem Match dei zweete Victoire fir Saison agefouert.


Welcome Charles Cooper

Picture
Picture
Leider bleift Verletzungspech eis des Saison bis elo trei.

Nodeems den Terry sech virun 2 Wochen zu Diddeleng no enger onglecklecher Aktioun um Fouss verletzt huet, an hien fir den wichtegen Optaktsmatch haut geint Steesel na net fit gin ass, missten mir reageiern.

Mam Charles Cooper hun mer dun een Ersatz fonnt, deen eis direkt zur Verfügung stung.

Den Charles huet 25 Joer an ass 1.93m grouss. Hien huet 2 Joer op der University of Wisconsin gespillt an konnt do an 66 Matcher 13 Punkten an 5 Rebounds opleeen.

Lescht Joer war dun sein eischt Joer als profi, dest heut hien bei engem fir eis mei bekannten Veräin verbruescht, dem Benfica Lissabon. Do huet en mat staarken Zuelen iwerzeecht (14 Matcher - 28 Punkten - 8 Rebounds).


Highlight Video

Seng zweet Saison als profi probeiert hien elo bei eis ze relanceiern an mir wenschen him vill Gleck bei dessem Challenge an dass en eis haut geint Steesel hellefen kann eng wichteg Victoire anzefeiern.

Den Terry bleift weider bei der Equipe an mir hoffen, dass hien sech vun senger Veletzung erhellt.
Vue que dass Verletzungspech och eis Letzebuerger Spiller betrefft, hoffen mir, dass dest fir de Rescht vun der Saison besser geet an mir schon alles schlemmes hannert eis hun.

All Spiller wenschen mer eng gudd an schnell Besserung, fir dass sie eis des Saison um Terrain weiderhellefen kennen.

Virberichter zum Total league Optakt

Picture
Picture
Picture
Picture
Powered by Create your own unique website with customizable templates.