❗️Breaking News❗️
Een Dag virum Deadline day an dem Transfertschluss kënne mir ukënnegen, dass mir um Transfertmarché nach eng Kéier konnten zouschloen. An wéi! Mam Mykolas Maindron kënnt ee vun de gréissten Talenter aus dem Land an d’Fiels! De Mykolas huet 17 Joer a spillt mat sengen 185 cm op der Positioun vum Point Guard a Shooting Guard.
Mam Mykolas hu mir eisen absolute Wonschspiller rekrutéiert mat deem mir secher ganz vill Spaas wäerten hunn!
Domadder ass dann d‘Zesummestellung vun de Jicl-Spiller ofgeschloss.
Nouvellen zu de Non-Jicl Spiller kommen an de nächste Wochen.
Allez Fiels! 🔴⚪️

Jugendtournoi a. Diedert

Um Sonndeg hunn 5 vun eisen Jugendéquipen um Tournoi A.Diedert vun der Résidence Walfer deelgehol.
No villen Mätcher moies an nomëttes konnten eis Prépoussins, Poussins, Poussines, Fillettes a Minis den Tournoi mat enger Top 3 Plazéierung an hirer Kategorie ofschléissen.
Merci un dëser Plaz un d'Résidence Walfer fir deen flotten Tournoi!

PréPré-Poussins zu Contern um Tournoi
Eis Prépré-Poussins waren de Weekend och op engem Tournoi, fir sie ass et op Konter gaanen. Op engem flotten Tournoi, wou jidereen vill Spaass haat hun sie déi éischte Plaz gemaach.
João Pedro Osorio new youth coach
Mir wollten dësen Feierdag notzen fir mat eisen Arantia Kollegen och zesummen eppes ze feieren.
An zwar war et virun der leschter Saison, dem Comité säin absolute Wonsch fir nächst Saison een professionellen Jugendtrainer ze engagéieren. Op dëst Zil hu mir d‘ganz Saison higeschafft a konnten eis schlussendlech dësen Dram erfëllen!
Mam João Pedro Osorio hu mir nämlech eise Wonschtrainer fonnt! De João soll eis hellefen am Jugendberäich ee weideren Schratt no fir ze machen an eisem Zil, eng Dammenekipp op- an Jugendspiller an d’Härenekipp anzebauen. De João huet 5 Joer Sport studéiert an huet ee B-Trainerschäin, wat all eise Spiller secherlech wäert ze gutt kommen fir sech weider ze verbesseren.
Nierwt dem Jugendberäich wäert de João och Kraft- a Konditiounstrainer vun der 1. Ekipp ginn, wouduerch mir eis natirlech dann och ee weider Schrëtt no vir erhoffen.
Mir soen dem João merci fir säi Vertrauen an eise Projet an freeën eis eng schéin Zukunft mat him!
Wei eng Jugendekippen de João wäert iwwerhuelen gëtt an de nächste Wochen definéiert, wa mir een 2. qualifizéierten Trainer fonnt hunn no deem mir nach sichen.
Hei ee klengen Statement vum João:
„It was with great pleasure and ambition that I accepted the invitation to move to Larochette next season. The project is very exciting and detailed with well-defined long-term goals. The bet on very versatile skills in terms of training will undoubtedly be an asset for our athletes. At the top of the pyramid, the use of strength & conditioning workout with our men's first team will certainly be a success factor and differentiator that will allow us to increase success during training and matches.“
Welcome João and let‘s go Arantia!:)