First post Lockdown Training
Eischten Training no der Corona Paus gouf geschter Owend ofgehaaln.
Spiller waren all motiveiert war et zugläich och den eischten Training vun eisem neien Head Coach Christophe Ney present. Donierwend war et och den eischten Training an der Fiels vun eisen zwee Neizougäng Gilles Poos an Chidi Delhommais. Mir sin och frou dass fir dessen Training 2 Cadets (Eliam an Tim) ropgeruff goufen.
Een groussen Merci un Filano Gemengen, dass Hal erem op ass an fir den Training genotzt dierf gin!
Et gouf sech un all Hygienemossnahmen gehaalen an mer hoffen all dass lues a lues emmer mei Normaliteit zereck kennt an erem Matcher mat Zuschauer stattfannen kennen.
#stayhealthy

Thank you Shaun and Good Luck
De Shaun Willett wiesselt an dei 2. Deitsch Bundesliga Pro A an verstärtk Wiha Panthers Schwenningen. Mir wenschen dem Shaun vill Gleck bei senger nächster Statioun an soen him Merci fir sein Asatz lescht Saison.
In der vergangenen Saison hat Shaun Willett in Luxemburg bewiesen, dass er auch im europäischen Basketball seine Qualitäten umsetzen kann. In seinem ersten Profijahr legte er für Arantia Larochette unglaubliche 29,8 Punkte und 13,6 Rebounds auf und krönte sich zum Topscorer der Liga. Bei den wiha Panthers möchte der athletische Forward den nächsten Schritt in seiner Karriere machen und sich in der ProA beweisen.
Alles zu unserem Neuzugang findet ihr in der offiziellen Pressemitteilung! (vun Schwenningen)

Jugendtrainer gesiicht
Say no to racism
Where are they now? - Dez Williams
"Where are they now?"
Des Keier mat engem Spiller, wou nach virun net all ze laanger Zäit an der Fiels gespillt huet.
Saison 2018/2019 kum den Dez Williams am Oktober bei eis an huet de rescht vun der Saison fir eis gespillt. Leider an der Schlussphas verletzt, huet hien awer groussen Undeel dorun dass mer an der Total League bliefen sin.
Onvergiesslech wäert nierwend dem Terrain seng gudd Laun sin an um Terrain seng Geschichtsträchteg Leeschtung an der Coupe zu Walfer, wou hien net manner ewei 52 Punkten geschoss haat.
Mir hun mam Dez Williams geschwaat an gefrot wou en de Moment drun wär:
"Since I’ve left Larochette I came back to the states and I’m currently in school again (Nursing School)."
Seng Zäit an der Fiels huet en Genoss ewei en eis erklärt huet:
"One of my best memories is hanging out with the team after practices and definitely the team trip we took to Belgium 🇧🇪. Was a dope experience trying so many beers out there and having fun."
Mat engem laachen huet en eis dann nach gesoet wat en aus Letzebuerg vermesst:
"I miss the delicious kebabs !!!"
Mir soen dem Dez Williams Merci fir dee klengen Interview an dass en un deser Serie deel geholl huet. Mir wenschen him vill Gleck an weider eng gudd Gesondheet an hoffen dass hien de Sprong zereck bei eng Basketequipe fennt. Mat sengem Talent an seng Liewensfreed ass hien eng Bereicherung fir all Equipe.
Thanks Dez!

Where are they now? - Mike Pravisani
Starting five beim allereischten Total League Match an der Fielser Geschicht. Opsteiger aus der Nationale 3.
Den Mile Pravisani haat een wichtegen Undeel un der Fielser Basketgeschicht.
"Where are they now?" heescht eis nei Rubrik während der Corona Kries an den Mike huet eis erzielt wat him sou an der Fiels gefall huet an weieng Challengen hien no senger Carriär an Ugreff geholl huet:
"Ech hat d‘Éier gläich 2 mol fir Fiels duerfen ze spillen, déi éischte Kéier wär dat de Fall 2011/2012, wou mir vun der National 3 an National 2 marschéiert sinn ouni eng eenzeg Defaite an der kompletter Saison a mir eis Leeschtung mat der Coupe FLBB gekréint hunn. No där erfollegräicher Saison hunn ech mech haaptsächlech wéinst mengem Beruff entscheet op Schieren ze wiesselen, allerdéngs hunn ech séier realiséiert dat et ee Feeler wär Fiels ze verloossen an hunn duerfir Saison drop meng Basketsschung nees fir Fiels gestreckt. Dobäi well ech betounen dat dëse Schratt meng wichtegsten Decisioun a menger Carrière war well Saison 2013/2014 mat Ofstand déi schéinsten an emotionaalste Saison a menger kompletter Carrière war, an dat obwuel ech verletzungsbedéngt kee Match méi an de Play-offs sollt spillen.
Dat eenzegst wat ech iwwert de Fielser Basketveräi viru menger Zäit do wosst, war dat et do ee gouf deen all seng Schëss mam Briet ragehummert huet an dat souguer vun der Fautenlinn an deen sech selwer gären als NuNash bezeechent huet (😂) an da gouf et nach den Humberto deen seng eegen Interpretatioun vu Basket hat, déi mech immens faszinéiert huet an zum Ofschloss Gebridder Kirpach déi wuel alles gin hätte fir den Trikot vun der Arantia ze verteidegen🙂.
Mäin sportlechen Highlight wär et direkt zum Optakt vun der Saison 2013/2014 als groussen Underdog zu Bartreng a Woch drop Doheem géint Etzella ze gewannen an onvergiesslech bleiwen natierlech Momenter wou Holy-Gäns de Vestiaire gestiermt hunn nom Heemerfolleg géint de Rivale vun Hiefenech a mat der kompletter Equipe euphoresch gefeiert a gesongen huet🙂.
Et wär eng speziell Atmosphär deemools an der Equipe, wei ech se seele virdrun erlieft hunn well Jiddereen alles duerfir ginn huet fir dem Basket a Lëtzebuerg ze weisen dat se Rechnung ze fréi an ouni eis gemaach haten an dozou koum dat mir wuel dee perfektsten Trainer (Helge Patzak) fir déi Saison haten deen een sech virstelle konnt well hien et verstanen huet wei keen aneren ee bis an Hoerspetzt ze motivéieren, woubäi Motivatioun schoun ouni sein Speech virum Match ganz héich war!
Et ass erstaunlech an zugläich beandrockend wat aus deem klengen Duerfveräi gin ass an et ass schéin ze gesinn dat ee „klengen“ Veräin et bis an National 1 gepackt huet an sech mëttlerweil do etabléiert krut dorop kennen all déi Leit déi dee Veräi geformt hunn immens houfreg sin👏🏻!
Wann ech zeréck un meng Zäit an der Fiels denken, da gin et do nëmme positiv Momenter an dat ass de Grond wisou ech nach ëmmer gäre wann Zäit et zouléisst de Wee an de Filano machen a Jongen ënnerstëtzen, och wann der net méi vill iwwreg bliwwe sinn vun de Jongen aus der Saison 2013/14🙂!
Nodeems ech verletzungsbedéngt hätt missten ophale mam Basket, muss ech gestoen dat de Basket wärend +/- 3 Joer keng grouss Roll méi a mengem Liewe gespillt huet an ech menger 2ter Passioun dem Beachvolleyball nogaange sinn, bis ech op eemol eng onerwaarten Ufro virun 2 Joer krut an dat fir den Trainerpostë vun enger Dammenequipe am Basket ze besetzen, dee Schratt huet et mir erméiglecht déi Sportaart déi ech säit mengem 4ten Liewensjoer gespillt hunn aus engem komplett anerem Wénkel kennen ze betruechten an ech bereien dee Schratt absolut zu kengem Moment well ech doduerch een neie Challenge fonnt hunn iwwert deen ech immens frou sinn.
Flott sinn Momenter wann een op Ex-Matspiller trefft déi der selwechter Passioun mëttlerweil noginn, sou sinn ech desöfteren op Fielser Legend de Mike Jones oder dem fréiere Co-Trainer Nigel Garth getraff an et konnt een sech iwwert de Basket austauschen.
Ech starten als Dammentrainer vum Black Star Miersch a meng 3ten Saison a sinn immens motivéiert an engagéiert des Saison änlech gutt wei déi lescht ofzeschleissen🙂.
Vläit kennt et jo nach eemol zu engem Comeback an der Fiels awer sécherlech net méi als Spiller duerfir streikt de Kierper zevill😅.
Ech soen op dëser Platz Merci dat ech gefrot gouf fir meng perséinlech Story iwwert de Fielser Basket duerfen ze schreiwen an ech wënschen dem Veräi vill Gléck an Erfolleg an der nächster Spillzeit💪🏻.
Bleift gesond😷!"
Groussen Merci un den Mike, sein Asatz an Equipegeescht wäert emmer an Erennerung bleifen an mer wenschen dem Mike bei sengem neien Challenge beim Nopper Miersch vill Gleck. Seng Dammen wäerten nämlech an der Nationale 2 openeen treffen, also wäerten mer den Mike demnächst och erem am Filano, wou en emmer welcome ass, begeinen.
Merci Mike!

Where are they now? - Nigel Tolentino
Een klengen Veräin,
Eng grouss Famill!
"I allways loved that when I first saw it in the gym" dest seet eisen nächs Persoun bei:
"Where are they now?",
eis nei Rubrik fir dei Basketfräi Zäit ze iwerbrecken geet weider. Des Keier mat engem deen zwee Joer Co-Trainer bei eis war. Seng eischt Amtszäit hat hien an der legendärer Total League Debut Saison ennert dem Helge Patzak, dono kum hien ennert dem Mike Smith zereck fir der Equipe am Play Down deemols ze hellefen.
Den Nigel Tolentino ass gemengt, an och hien huet eis seng Fielser Geschicht erzielt an erklärt wou seng Basketcarriär en iwerall hibruescht huet:
"When Helge contacted me in the summer of 2013 to ask if I wanted to be his assistant with Arantia Larochette for the coming season, there was no hesitation. I said yes right away.
I was just starting my coaching career with Wasserbillig, coaching Espoirs and Cadets at the time, but I felt like I could not miss the chance to join him in “shocking the country”.
All through the preseason I saw a group of guys who loved playing with each other, who listened and were extremely coachable. We had fun in practices while keeping the level of competition high and the chemistry unbelievable. It was like walking into a family that welcomed you with open arms.
Oh man… there are a lot of special memories of that magical season. When we added Reggie Evans to the team midway in the preseason, we as coaches felt that the combination of Mike Jones and Reggie was going to be explosive. And explode we did!
Everyone in basketball already said we were going to relegate before the season started, so we were determined to prove everyone wrong.
Oh man…the memories are endless!
That first win vs Sparta stands out! Reggie’s windmill of course but just the electricity of that first total league win! The first home game where the crowd was just incredible and made you feel proud to be part of something intimate and special.
Rui Nunes going off with multiple 3s on Etzella was also something I will always remember.
Lastly, the fans coming in the locker room after we secured a Play-Off spot at home. That was a loud crazy happy fun time. The drinks were flowing, and the songs and chants lasted till pherhaps 4 in the morning.
I also just wanted to mention the organization, the committee and most specially the incredible family of Fiels fans. The best fans in Luxembourg! We succeeded in rocking the country that season and it was because everyone, players, coaches, committee and fans all came together for the perfect season.
After that year I started on my own coaching journey that led me to Wiltz, BC Mess and Bascharage.
Over that time I have found myself coaching against Arantia, or coming back to help the team under Coach Mike Smith in the Play-Downs.
Everytime, the fans were always great. Even if I would return as an opposing coach or as a returning assistant.
Right now, I am coaching in Schieren. Another small club that feels like family. I hope to someday replicate with the Black Frogs what we had in Arantia. It is a long road, but we are taking it one step at a time.
Even so, Arantia has always been close to my heart. I still watch games when I have the chance. I am always in contact with the guys, like Mike Jones, Luc Kirpach and Rui Nunes. My own son Rohan, who was born during that season is now part of Arantia too. At some point, maybe, I will return to Arantia in some capacity or another. But hey… a piece of my heart will always be proudly Arantia! ❤🏀💪
Kevin, thanks for the opportunity to reminisce. Continue doing great work! Good luck for the upcoming season, Christophe Ney and I are good friends and I told him to be prepared for a great experience. I cannot wait to come by and support the team as a member of the best fans in Luxembourg. ALLEZ FIELS!!!"
Häerz op der richteger Säit an Fielser Vergangenheet wäert hien nie vergiessen. Dem Veräin ass en och emmer trei bliefen, an ewei erwähnt traineiert sein Bouf bei eisen klengsten mat.
Mir freeen eis den Nigel erem bei eis an der Hall op een Patt begreissen ze kennen.
Thank you Nigel!

Where are they now? - Gilles Kayser
Komme mer haut zum zweeten Deel vun eiser Rubrik „Where are they now?“. Nom Helge lescht Woch, steet haut ee vu sengem deemolege Spiller am Mëttelpunkt.
De Gilles Kayser ass an eisem zweete Joer Total League 2014 a d'Fiels komm. Wärend enger Saison huet hie fir eis Gas ginn, leider war et keng erfollegräich Saison mee trotzdeem ass hein eis net nëmmen duerch säin ëmmer gefleegte Baart an Erënnerung bléife mee och duerch säin 120% Asaz deen hien ëmmer um Terrain bruecht huet.
De Gilles huet eis seng Geschicht geschriwwen:“Wärend der Saison 13-14 hunn ech um Gréngewald gespillt a si bei all Méiglechkeet an d’Fiels gefuer fir bei den Heemmatcher kënnen dobäi ze sinn. Ech war scho länger frustréiert vun deem ville Geld dat an den Amateur Basket zu Lëtzebuerg gefloss ass. Spiller déi just an deem Veräi spillen deen hinnen de gréisste Betrag op de Kont iwwerweist an doduerch vu Club zu Club pilgeren.
Wat dunn di Saison an der Fiels geschitt ass war ganz Besonnesch. En klenge Famillje Veräin huet et fäerdeg bruecht ee grousse Veräin nom aneren ze schloen.
Duerch en gudde Kontakt mam Rui Nunes ass et dozou komm dat ech d’Entscheedung getraff hunn vir d’Saison 14/15 an d’Fiels ze wiesselen. Dëst war déi zweet Saison Total League fir de klenge Veräin aus der Fiels.
Sportlech ass d’Saison leider net esou gutt verlaf ewéi di éischt Saison Total League, mee ech hunn awer vill schéin Erënnerungen un des Zéit. Kollegialitéit ënnert de Spiller ass immens gutt gewiergt, et ass een no engem Training an der Hal bliwwe fir nach een zesummen ze drénken an eppes an Duerf iesse ze goen. Ech hunn och net oft een um Training fonnt fir ze streiden :)
An der Fiels waren eng rei Spiller och am Comité an et huet ee gespuert dat hei net einfach politesch Decisioune vun Uewen erof decidéiert goufen. Eppes wat ech natierlech net vergiesse wäert ass den Asaz an d’Passioun vun de Fans, duerch Sie ass all Heemmatch zum Avantage ginn. Deen Grad vu Fanatismus a Begeeschterung hunn ech virdrun an och dono net méi erlieft. Hinnen op allefalls en grousse MERCI. Insgesamt war et eng ganz schéin Zäit, net nëmmen um Terrain mee och ausserhalb goufe Frëndschafte geknëppt.
Prägend war et och mam Mike Jones ze spillen, deen dem ganze Land gewisen huet dat hien sech um héchsten Niveau bewäerte kann.
Eng weider schéin Erënnerung war et dat ech d’Chance hat um All Star Game deelzehuelen.
No der Saison hunn ech mech aus perséinleche Grënn decidéiert zeréck op de Gréngewald ze goen an hunn dunn no enger Saison mat mengem Kolleeg dem Christophe Torres d’Schlappen un den Nol gehaangen.
Säitdeem hunn ech guer net méi gespillt an ech strecken d’Schong och just nach fir endlech eng leschte kéier géingt de Pedro Nunes 1 géingt 1 ze spillen.
De Basket verfollegen ech éigentlech och guer net méi.
No dem Basket hunn ech vill vun der Zäit profitéiert fir kennen ze reesen a Fotoen ze maachen. Nieft dem Liesen an Dart spille sinn dat déi 2 Saachen déi am Meeschten Zäit a mengem Liewen an Usproch huelen.
Als lescht well ech dem Kevin Harpes Merci soe fir säi groussen Engagement a fir dat ech bei dëser Serie duerft dobäi sinn..“
Mir wëllen dem Gilles Kayser och Merci soe fir dat eent Joer ënnert eise Faarwen, dass hien un dëser Serie mat deel geholl huet an hoffen hien déi nei Saison erëm eng Kéier an eiser Hall begréissen ze kennen.
Merci Gilles.

Where are they now? - Helge Patzak
Genee ewéi um FLBB Site hate mir och Idee fir eng nei Serie ze starte wou mer mat fréieren Trainer oder Spiller, déi net méi direkt mat eisem Veräi verbonne sinn schwätzen.
„Where are they now?“ nenne mer dëst Rubrik.
Ufänke wollte mer mat eisem Play Off Trainer vun 2013 Helge Patzak. Hien stoung es wärend enger Stonn an engem Videochat zur Verfügung woufir mir him scho mol direkt ee grousse Merci wëlle soen.
Nom Opstiig an Total League am Joer 2013 koum den Helge Patzak vu Waasserbëlleg bei eis a wollt Aventure Total League mat eis ugoen.
Seng éischt Andréck ware folgend, Helge: „Es war eine Cinderella Story, eine Mannschaft, die den Durchmarsch schaffte von der Nationale 3 bis in die Total League. Als Neuling in der TOTAL League war es für alle Beteiligten eine große Herausforderung – auch für mich. Ich war überzeugt davon, dass wir gemeinsam etwas erreichen können, auch wenn man nicht das talentierteste Team hatte. Aber dieses mangelnde Talent wurde durch unbedingten Willen und Einsatz einer verschworenen Truppe weggemacht. Es waren 12 Jungs, die vom ersten Tag mit einer tollen Einstellung an einem Strang zogen. Und dann gab es diese verrückte Halle mit den großartigen Fans, was für niemanden zu unterschätzen war. Ich glaube jeder freute sich in Larochette zu spielen. Die Atmosphäre und alles war fantastisch - ich würde behaupten, die beste Stimmung in Luxemburg.
Heimspiele mit Larochette waren vergleichbar mit der Zeit als Spieler in Trier in der Bundesliga in unserer Schulturnhalle (Mäusheckerweg). Immer bis auf den letzten Platz gefüllt und es war familiär, weil man jeden kannte und nach den Spielen sich auf ein Bier in der „Buvette“ traf. Dann kam die Ausweitung, dass es auch Auswärts durch die Fans mit den Trommeln ein Gefühl wie bei einem Heimspiel gab. Das familiäre Umfeld zwischen Verein, Spielern und Fans war einmalig. Es ist immer noch bemerkenswert was dieser kleine Verein immer und immer wieder erreicht.“
Wat hien vermësst an op en nach ëmmer un déi Zäit zeréckdenkt sot den Helge folgendes:
„ Die gleiche Frage wurde mir kürzlich in einem Podcast vom Trierer Hallensprecher Chris Schmidt gestellt. Die Spieler- und Coaching-Zeit bleiben immer in bester Erinnerung. Prägend waren die beiden Pokalsiege als Bundesligaspieler mit Trier, aber auch die Europapokalspiele. Doch auch die Zeit in Luxemburg war eine sehr spannende Zeit, an die ich gerne zurückdenke.
Mit Trier spielten wir einmal Europapokal in Saloniki (Griechenland), ein Hexenkessel mit 12.000 Leute, aber das verrückte war, die Atmosphäre war vergleichbar mit der in Larochette wo nur 400 Leute waren.“
Nodeems seng Zäit bei eis riwwer war ass hien awer nach 1 Saison am Land bliwwen a bei den AB Contern gewiesselt: „Ein logischer Schritt nach vorne zu einem Team mit besserer Struktur und Trainingsmöglichkeit in einer modernen Halle.“
No der Gebuert vu sengem Meedchen am Abrëll 2016 huet den Helge sech decidéiert aus dem aktive Basket zeréckzezeien a fir säi Meedchen do ze sinn. Mee dem Basket ass en nach ëmmer trei bliwwen: „Ich schaue mir noch immer Basketball als Zuschauer an, z.B. im Ruhrpott die Phoenix Hagen (Pro A), wo ich alte Weggefährten treffe, oder in Düsseldorf in der Pro B (wou mam Kevin Magdowski en Ex Total League Trainer ass). Auch bin ich regelmäßig in Trier bei den Spielen meines Heimatvereins, den Gladiators und treffe alte Mitspieler und Freunde. Den Luxemburger Basketball verfolge ich regelmäßig und schaue mir Ergebnisse und Statistiken an. Mit Luc Kirpach habe ich mich vor einigen Wochen in Köln zum Essen getroffen und mich über die neusten Entwicklungen im Luxemburger Basketball ausgetauscht. Ich begrüße auch den Weg von Arantia, einem jungen, hungrigen Luxemburger Trainer das Vertrauen für die neue Saison zu schenken.
Ich blicke mit sehr viel Stolz, Demut und Dankbarkeit auf 25 Jahre Basketball zurück, aber ich bin froh nach all den Jahren eines terminlich fremdgesteuerten Sportlers jetzt passiver Beobachter zu sein und mehr Zeit für meine Tochter Charlie (4 Jahre) zu haben.
Ewéi et him elo geet a wou en wunnt sot den Helge: „Ich lebe und unterrichte seit 2 Jahren in Köln und liebe das Großstadtleben hier mit meiner Familie. Ein spannendes Leben in einer geilen Stadt.“
Zum Ofschloss vum Interview sot den Helge dunn awer nach „Wenn ich mal wieder in Trier bin, dann schaue ich, wenn es passt und komme mal wieder zu einem Arantia Spiel vorbei.“
Ee flotten Interview mat engem erfollegräichen Trainer an der Fielser Basketgeschicht. Mir wenschem dem Helge alles Guddes fir Zukunft, dass en wieder Gesond bleift a freeën eis hien erëm bei engem Fielser Match begréissen ze kennen.
Danke Helge.

Buerg ass erem op
Gudd News no der erneiter Declaratioun vun eisem Premier.
Fielser Buerg as ab e Sonndeg rem all Daag op vun 10-18h 🥳🏰🍻

Support your local duerfveräin
Sportfunder
Léif Supporter vum Fielser Basket, De BBC Arantia Larochette ass ee Veräin, deen immens vun de Léit lieft déi eis Woch fir Woch ënnerstëtzen. Sief dat duerch Consomatiounen an der Buvette, Entrée vun Heemmatcher oder duerch de Support op Fester déi mir organiséieren. Duerch de Coronavirus, si béi eis dës Saison 5 Heemmatcher, een Ofschlossfest an ee Poussinstournoi wechgefall, déi fest ageplangt waren an de Finanzen vum Veräin. Dëst waren Recetten déi immens wichteg waren fir d'Plangen vun der neier Saison. Wëll déi elo wechfalen, hu mir decidéiert nei Weeër ze goen. Mir hunn dofir decidéiert eng Aktioun ze lancéieren, wou dir, Supporter vum BBC Arantia Larochette, eis elo schonn en Vue vun der nächster Saison kënnt ënnerstëtzen. Dat Ganzt ënnert dem Slogan : Support your local Duerfveräin! Duerch verschidde Packagen, déi dir héi kënnt kafen, vereinfacht dir d'Plangen vun der Saison 2020/2021 fir eis ENORM an bitt eis eng gewëssen finanziell Sécherheet déi eis d'Liewen an de nächsten Méint vereinfacht. Et dierf een awer net vergiessen, dass dës Packegen iech och Avantagen bidden ( z.B. Entrée'en op Matcher, Trainigsséancen mat Profispiller, Bongen am Arantiashop, etc.) Mat dëser Aktioun bieden mir Iech also eis an dëser schwéierer Zäit ze ënnerstëtzen fir eng erfollegräich Saison ze garantéieren an dem Veräin souwéi hire Spiller ze hëllefen. Mir soen Iech elo schonn ee risegrousse MERCI fir är Ënnerstëtzung, Ee klengt Duerf, eng grouss Famill! |
Sportfunder
Chers supporters, Le BBC Arantia Larochette doit son succès principalement à ses fans, de par votre soutien moral bien sûr, mais aussi par votre soutien financier. En effet, le club vit grâce aux consommations à la buvette, aux entrées des matchs à domicile et votre participation aux autres événements régulièrement organisés par le club. Au vu des mesures prises suite à la propagation du coronavirus, nous avons été contraints d’annuler 5 matchs à domicile, un tournoi Poussins et notre fête de clôture de la saison 2019/2020. Toutes ces recettes étaient cependant bel et bien prévues au budget, des recettes qui sont d’une importance cruciale pour planifier la saison à venir. Voilà pourquoi, nous avons décidé de faire appel à votre solidarité pour permettre au club de surpasser cette période incertaine. Vous, chers supporters du BBC Arantia Larochette, pouvez dès à présent nous soutenir grâce à une action que nous avons mis en place, portée par le slogan suivant : Support your local Duerfveräin ! Nous vous donnons la possibilité d’acheter plusieurs packages afin de nous permettre d’organiser la saison 2020/2021 et d’assurer une certaine sécurité financière au club pour les mois à venir. Cela vous permettra de bénificier de nombreux avantages lors de la prochaine saison (entrées gratuites à des matchs à domiciles, séances d’entraînement avec un joueur professionnel, bons d’achat au shop etc.). En ces temps difficiles, nous vous REMERCIONS d’ores et déjà de tout cœur de votre générosité et soutien qui contribueront activement à une saison couronnée de succès. Un petit village, une grande famille ! |