Zu Gaascht um Holleschbierg
Samsdes, 24.02.2018 - 20h30 @ Hesper um Holleschbierg
Nodeems mer am Play Down elo 2 Neierlaagen hannerteneen geint Total League Equippen krueten, geet et en Samsden erem geint eng Nationale 2. Et geet geint deen direkten Konkurrent vun Hesper, dei mat 7 Punkten Retard op der eischter Net Opstiigsplaatz stinn.
Fir eis Equipe, ass et Chance mat enger Victoire fir eng Virentscheedung am Opstiigsrennen ze suergen, well et dann 8 Punkten Virsprong wären bei nach 10 Matcher.
Och mat deenen villen verletztenen Spiler (Sam, Oly an Charel) kennen mer weiderhinn ongeschloen geint Nationale 2 Equippen des Saison bleifen.
Hesper hat leschte Weekend iwer 3 Veierel den Match zu Contern geint den ABC ausgeglaach gehaaln, mee am leschten Veierel (33-4) ass hinnen Loft ausgaan an sie missten sech geschloen gin. Trotzdem wäerten sie Top Motiveiert an den Match goen, fir hir, wahrscheinlech, letzten Chance ze netzen.
Kommt all op den Holleschbierg an ennerstetzt dei eischt Arantia Hären Equipe, fir dass mer den Opstiig sou frei wei meiglech kennen kloer maachen.

Weekend Overview
De Weekend ass erem mei vollgepaakt, wou Jugendequippen no der Föösvakanz den Spillbetrieb erem ophuelen. Ausser Minis trieden dobäi alleguer Equipen auswäerts un.
Samsdes, 24.02.2018:
Steesel 14h15 Poussins
Mess B 17h15 Fillettes
Sonndes 25.02.2018:
Sparta D 14h30 Pre Poussins B
Diddeleng B 15h00 Hären B
Minis 17h30 Zolwer
Allen Equippen wenschen mer vill Gleck an mer hoffen op puer schein Victoiren.

De Racing war ze staark
1.Veierel: 19-19; Ausgeglaachent eischt Veierel. Keng Equipe konnt sech een Ecart vun iwer 2 erausspillen. Bei eis den Tabb, bei hinnen den Fuller mat 2 Feeler belaascht.
Halbzeit: 37-47; Racing konnt direkt zum Ufang een Virsprong erausspillen an deen hun se dun gehaaln. Mir hun probeiert runzekommen mee Racing hat emmer eng Änwert parat. Besten Mann bei eis ass kloer den Tabb, deen elo schon erem een Double-Double verbuchen kann (13 Rebounds).
3.Veierel: 55-75; An Racing konnt weider erheichen. Puer diskutbale Decisiounen dei eis aus der Bunn geheit hun mee mir mussen weider spillen an weider kämpfen. Dylan seier mat 5 Feeler raus. Dei 20 Punkten ennerscheed maan Letzebuerger am Moment.
Endstand: 73-92; Jongen hun am Ufank nach eng Keier alles gin an sin kuerz rukomm op 12 mee Racing huet dun erem eng Änwert fonnt. Den Ennerscheed hun Letzebuerger gemaach. 38 Punkten vun den Racinger 11 bei eis.
Kordall wennt zu Hiefenech op 22 an helt 1 Punkt op ( 3 Punkten Reckstand op eis). Hesper huet zu Contern laang matgehaaln mee ass am leschten Veierel agaan (weiderhin 7 Punkten). Och Mess konnt sech doheem geint Walfer net durchsetzen.
Scorer: Xavier 32, Tabb 30 (21 Rebounds), Jovet 6, Torres 3, DJ 2.

Mei knapp geet et net
Wat een spannenden Match haut um freien Nometten am Filano. No enger gaanz staarker Equipeleeschtung hun Dammen Nerven gehaaln. Anne-Catherine Hoffmann konnt 3 Sekonnen virum Schluss deen eentscheedenden Kuerf zur Victoire treffen.
All agesaaten Spiller konnt treffen, an engem Match wou sech iwer 40 Minutten keen kloer ofsetzen konnt. All Veierel war vun Ufank un emkämpft.
Scorer: Lynn P. 13, Rita 9, Hoffmann 8, Michels 6, Laura P. 6, Majerus 6, Bettendorf 4.

Testmatch zu Diddeleng gegleckt
Nom schlechten Match vum Samsden konnt eis Equipe eng Reaktioun weissen. Beid Equipen hatten Personalproblemer, bei hinnen sin den Schumacher T. (Nationalequipe), Johnson (krank) an Muller, bei eis hun Sam, Charel an Oly (verletzt) esou ewei Schumacher S. gefeelt.
Zum Matchverlaaf:
1.Veierel: 24-13; war net gudd, Diddeleng kum gudd ran (11-2 Start) an konnt direkt een Laach vun 10 Punkten maachen.
Halbzeit: 41-37; Erem schlechten Start vun eiser Equipe an Diddeleng konnt op 18 fortzeihen. Dun no 15 Min an beim Stand vun 40-25 verletzt sech hiren M'Putu (Cut um Hannerkapp). Dat huet iergendwei zu engem Broch an hirem Spill beigedroen an mir konnten bis zur Paus op 4 verkiirzen. Den Xavier huet Verantwortung iwerholl mat 12 Punkten.
3.Veierel: 58-72; Des Keier huet Equipe dat gaanzt Veierel gudd ugefang. Dylan mat vill Asatz an den DJ deen gaanz staark Offensiv (13 Punkten) gespillt huet. Highlight een heichen Alley Oop deen den Tabb verwandeln konnt. Ze erwähnen ass, dass mer keng Equippefeeler dest Veierel hatten.
4.Veierel: 74-91; Diddeleng konnt erem gudd ufänken an seier op 74-79 verkiirzen. Dono war et do awer eriwwer. Mir konnten dei lescht 3 Minutten mat 12-0 den Match beenden an no gudden 30 Minutten hei gewannen. Equipe huet dei richteg Reaktioun no der Neierlaag an den Verletztenproblemer gewissen.
Scorer: Xavier 27, Tabb 25, DJ 17, Dylan 10, Jovet 6, Luc 3, Jean 2, Steven 2.

Nächst Total League Equipe um Rendez-Vous
No der eischter Neierlaag am Championnat geint Walfer an den Verletzungen vum Oly an Charel, kennt dessen Samsden den Stater Racing op Besuch.
Upaff am Filano ass ewei gewinnd em 20h30.
Dei Racinger sin an hirer Play Down Tabell Eischten an et gesäit fir de Moment gudd aus, dass se hirt Zill (an der Liga ze bleifen) erreschen.
Des Saison goufen et schon zwee Frendschaftsmatcher geinteneen an wann een dei freier Matcher teschend beiden Equipen kuckt, kann een vun engem Angschtgeigner schwetzen. Emmer huet Equipe sech schweier gedoen an oft ass den Racing als Gewenner vum Terrain gaan. Trotzdem well eis Equipe am Filano ongeschloen bleifen an mat enger gudder Equippeleeschtung ass natierlech alles dran.
An der Tabell huet Neierlaag geint Walfer neischt geännert. Hesper konnt hiren Match doheem geint Hiefenech net wannen, an och den Kordall huet iwerraschend doheem an engem spektakulären Match geint de BC Mess verluer.

2 Heemmatcher um Sonnden
Nach emmer hun eis Jugendequippen Paus, dofir Spillen en Sonnden ab 16h30 eis Dammen an Hären B hannerteneen am Filano.
Dammen kreien Besuch vun Zolwer an wellen, ewei zu Zolwer am Aller Match eng gudd Leeschtung weissen.
Direkt dono Spillen eis Hären B an wellen no enger Neierlaag geint Musel Pikes erem den Uschloss zur Tabellespetzt hirstellen. Sie kreien Besuch vum Basket Esch.

Catalogue Saison 2017 / 2018
Chreschtdaag ass zwar eriwwer mee eisen Kataloge geet et weiderhin. Och Saachen fir unzemossen gin et na emmer an wärten op all eisen Heemmatcher vun der Härenequipe ausgestallt gin.
Bei weideren Froen kennt der eis hei op Facebook eng Message schreifen, Leit aus dem Comite an den Trainer froen oder der Kontaktpersoun Sven Dhamen eng Mail schreifn op [email protected]
Fir Leit dei schon bestallt an natierlech bezuelt hun ass dei eischt Commande bei eisem Fournisseur ofginn an Saachen sin an der Maach.

Loscht op Basketball?
Offre Proxycenter / Petro-Center
De Wanter steet virun der Dier!
Dir braucht Mazout, wellt dem BBC ARANTIA hellëfen a gläichzäiteg vun enger Remise profiteieren?
Dann hu mir dei richteg Leisung fir iech!
Zesummen mat eisem Sponsor Proxycenter/Petro-Center kennen mir Iech eng gudd Offer ubieden an zwar kennt dir 15-20€ op 1000l spueren.
Alles wat dir maachen musst ass den +352 8002 31 31 uruffen, Mazout bestellen an soen dass dir den "BBC Arantia Larochette" ennerstezt. An schon kennt dir vun enger gudder Remise profiteiern an eisen Veräin ennerstezten.
Weider Detailer gesidd dir op den Flyeren.
Sidd prett fir den Wanter an maacht et Iech gemitterlech doheem am waarmen.

Offre Gulf - Reiff Masutt / Luxpellets
No der Werbung vum Proxycenter hun mer nach eng anner Offer vun engem anneren Sponsor.
Wann dir an der Vergangenheet mam Masutt Reiff geschafft huet oder bei engem anneren an elo dohinner wiesselen wellt kennt dir dat maachen an eisem Veräin hellefen. Dir spuert bei 1000l 10€ an ennerstetz domadder och nach den BBC Arantia. Alles wat der maachen musst ass den Numm vun eisem Veräin bei der Bestellung ze erwähnen. Mei Infos kritt der och per Telefon um +352 92 92 92-1.
Wann dir awer keen Masutt braucht mee mat Brennholz schafft kennt dir op Offer vun Luxpellets zereckgräifen. 1 Tonn Brennholz an dir spuert 5€ an ennerstezt och esou eisen Veräin. Mei Infos oder Bestellung ofginn kennt der ennert dem +352 26 90 53 1.

Frendschaftsmatch zu Diddeleng
En Donnesden spillen Hären een Frendschaftsmatch zu Diddeleng geint den T71. Een Match geint eng Total League Play Off Equipe. Ouni eis grouss Spiller (Oly an Sam) geet et schweier geint Spiller ewei Nelly an Muller ennert dem Kuerf. Trotzdem eng gudd Meiglechkeet fir Equipe Saachen anzestudeiern.
Upaff am Grimmler ass em 20h30.
Upaff am Grimmler ass em 20h30.
Verdingten Neierlaag
1.Veierel: 31-22; Gaanz schlechten Start an den Match. Seier 14-2 hannen misst den Hansen mat engem Time Out reageiern. Dono kumm ugedriewen vum Xavier eng Reaktioun an mer sin bis op 20-16 rukomm. Bei Walfer fallen dei glecklech Schess, dei bei eis na rausfallen.
Halbzeit: 56-35; Zweet Veierel ass eriwer... 21 Punkten Reckstand zur Paus... neischt leeft zesummen. Den eenzegen deen am Moment dogeint hält ass den Xavier. 9 vun deenen 13 dest Veierel, 12 vun 22 lescht Veierel mescht 21 vun 35 am Total.
3.Veierel: 70-53; Den Optakt war gudd, mir sin liicht rukomm mee dun kum eng schweier Verletzung vum Oly. Hien lung opeemol blärend um Bueden an huet sech den Knei gehaalen. Direkt war den Walfer Kine um Terrain an huet gehollef. En konnt vum selwen awer humpelnd vum Terrain. Et huet net gudd ausgesinn, nom Sam ass dat een weideren batteren Ausfall. Direkt Attack drop ass den Walfer Nesbitt onglecklech emgeknext, och hien misst vum Terrain.
Endstand: 92-75; Et war net eisen Daag. 3 Techniquen an eng Onsportlech goufen et haut geint eis (Tabb misst domadd och eischter duschen goen). Dylan an Xavier haalen mat 4 Feeler op. Mee dei schweier Blessur vum Oly, deen mat der Ambulance an Spidol gefouert gouf, geet dessen Match nach een faden Beigeschmaach. Mir wenschen him eng schnell an gudd Besserung an hoffen dass et net ze schlem ass. Och dem Charel wenschen mer eng gudd an seier Besserung, hien ass leider um Training emgeknext an k...ann eng Zeitchen net Spillen.
Scorer: Xavier 28, Tabb 20 (18 Rebounds), DJ 9, Luc 7, Oly 6, Dylan 4, Schumacher 1.

Föösweekend geint Walfer zu Hiefenech (18h30)
Opgepasst: Upaff ass Samsdes 10.02.2018 em 18h30 zu Hiefenech
No der Victoire am eischten Play Off Match konnten mir den Virsprong op den zweeten an veierten ausbauen. Hesper konnt hiren Match gewannen an domadder bleift den Virsprong op Net-Opstiigsplaatzen bei engem Match manner elo onverännert. Den zweeten Spilldaag fennt domadder op dessem Föösweekend Samsdes statt. Upaf ass am freien Owend em 18h30 an weinst den Hallenproblemer zu Walfer geet dessen Match bei eisem Nopper zu Hiefenech gespillt.
Walfer konnt leschten Samsden no der Victoire zu Contern erem opotmen an steet elo zesummen mam Racing op den Net-Ofstiigsplaatzen. Op dessen Plaatzen leit Punktgläich Contern an mat schon 3 Punkten Reckstand USH.
Eng Victoire Auswäerts bei enger vun den Total League Equipen hät vill Wert an der Tabell an onmeiglech ass et net no den Leeschtungen dei Equipe dest Joer gewissen hun.
Op dessem Föösweekend hun all eis Jugendequipen spillfräi, am Asatz sin just nach eis Dammen. Sie Spillen Freides Owes em 20 Auer zu Kielen an hoffen erem een Match erfollegräich ze gestallten.

Next Playoff Games
Eischten Play Off Match war erfollegräich
1.Veierel: 28-25; Wat een eischt Veierel! Direkt am Ufang war et hetzeg! Den Bivins kruet 3 Feeler, den Tabb an Neves krueten Techniquen no enger Rangelei an den Neal kruet och eng Technique no Diskussioun. Dofir war den Dylan hellwakreg an konnt 2 Dreier rasetzen an eis eng Feierung gin. Dono kum Kordall erem run an war een ausgeglaachenen Match. Mat engem Buzzer Beater vum Tabb huelen mer eng drei Punkte Feierung aus deenen 10 eischten Minutten mat.
Halbzeit: 54-48; Staarken Optakt an zweet Veierel. Direkt konnten mer eis 10 Punkten Virsprong erausspillen an dei och iwert dat gaanzt Veierel bal haalen. Den Xavier ass erwescht an konnt mat gudden Drives zum Kuerf eis Offense leeden. Den Charel an Pedro waren direkt am Ufank mat Dreier erfollegräich. Kordall konnt iwert Fautenlinn drun bleifen. Den Bivins kruet trotzdem sein 4ten Feeler gepaff.
3.Veierel: 83-74; Erem konnten mir op 10 Punkten fortzeihen awer des Keier konnten mer deen Virsprong bid an Veierelpaus haalen. No der Zäit konnt den Neal nach 2 Fauten verwandeln. Den Xavier kruet eng Technique an nierwend dem Bivins huet elo den Neves 4 Feeler an den 11 ass mat 5 Feeler raus. 19-16 Feeler steet et geint eis. Den Tabb stung dest Veierel oft op der Fautenlinn konnt se awer leider net all verwandeln.
Endstand: 118-108; Dat lescht Veierel war een Shootout! 35-34 geet dat aus. Direkt am Ufank kum den Jovet ran an huet no 2 Meint Verletzungspaus sein Comeback gin. Mam eischten Ballkontakt konnt en, wei mer et vun him gewinnd sin, direkt een Dreier verwandeln. Dono war den Bivins zimlech seier mam 5ten Feeler raus, wat eis natierlech an Kaarten gespillt huet. Bis zu 15 Punkten konnten mer den Virsprong ausbauen an et haat een nie Gefill dass Kordall dest ophuelen keinnt. Offensiv war et eng Galavirstellung mee Defensiv war et ausbaufäheg. Highlight vum Match war den Tabb, deen am Fastbreak een Windmill vum feinstens ausgepaakt huet an domadd Hall zum ausflippen bruescht huet. Hien war och kloer den MVP vum Match mat 45 Punkten an em dei 20 Rebounds.
Scorer: Tabb 45, Xavier 29, Dylan 12, Charel 7, DJ 7, Luc 7, Jovet 6, Pedro 3, Schumacher 2.

windmill_tabb.mp4 | |
File Size: | 603 kb |
File Type: | mp4 |
Road to Total League
Elo geet et eescht. Play Off time. No enger ongeschloener Qualifikatioun heescht et elo fir Equipe déi lescht Etapp an Ugrëff ze huelen an am Play Off ze weisen dass se den Opstig an Total League verdéngt hunn.
Am Ufank geet et dann direkt géint de Matopstiigsfavorit, de Kordall Steelers.
Eréischt virun 3 Wochen hunn mer géint se gespillt an do an engem extrem spannende Match mat 102-101 Iwwerhand gehalen. An MVP Form hat sech deen Dag de Xavier Pollard presentéiert, mee mer misste leider och den Ausfall vun eisem Kapitän Sam Ferreira bekloen.
Des Kéier geet et erëm bei 0 lass an Kordall well sécher beweisen, dass se eis schloe kennen. Mir wëlle probéiere weider ongeschloen ze bléifen a besonnesch am Play Off doheem am Filano Géigner a Knéien zwéngen.
Virum Härenmatch sinn ab 13 Auer nach weider Matcher am Filano, vu Pre Poussins B bis Damme geet et vill Basketaction ze gesinn.

More matches
Dëse Weekend ass erëm vollgepaakt mat Basketball Action. Ausser ons Dammen hat all Equipe mindestens ee spielfräie Weekend a wëllen elo erëm no zwou Trainingswochen um Match attackéieren.
Besonnesch en Samschden ass Action am Filano iwwer de ganzen Dag garantéiert.
13h00: Pre Poussins B vs Etzella B
14h15: Pre Poussins (A) vs Zolwer
15h30: Poussins vs Musel Pikes
17h00: Fillettes vs Käerjeng
18h30: Dames vs Miersch
20h30: Hären vs Kordall
Sonndes stinn dann nach 2 Matcher um Programm:
15h00: Grengewald vs Minis
17h30: Hären B vs Musel Pikes B
Iwwert Hären A geet et een eenzelen Artikel mee fir eis Häre B steet och vill um Spill, fir sie geet et géint de punktgläichen Tabelleleader em Tabellespëtzt. Den Hinmatch konnten eis Häre mat Ënnerstëtzung nach Auswäerts 98-84 gewannen.
Alleguer Equippen hoffen op Ënnerstëtzung a mir drécken hinnen all Daumen dass se Victoire an der Fiels halen, oder fir eis Minis, Victoire mat a Fiels bréngen. Bonne Chance!

Tageblatt Artikel zum Play Off
Play Off Matcher sin festgeluescht
Play Off Matcher vun der eischter Equipe sin dann och all elo mat Datum an Auerzäit festgeluescht.
E puer wichteg Infoen zu verschiddenen Matcher:
Dei anner Matcher sin ewei gewinnd Samsdes Owes em 20h30 (zu Hieffnech 20h).
Ännerungen kennen natierlech nach kurzfristeg stattfannen, dei gidd dir awer vun eis gewuer.

- Den Match geint Walfer ass Fösssamsden zu Hieffnech em 18h30.
- Op der Mess spillen mer Sonndes, den 18.03. Dessen Match ass Sonndes, well Samsdes Coupe Finale an der Coque stattfennt.
- Den Macth geint den Kordall zu Deifferdeng (Foussbann) fennt Freides Owes statt.
- Am Tramschapp geint de Racing ass Upaff schon Samsdes em 18h30.