Welcome Vic Heuschling

Breaking News
Nodeems mir Iech geschter matdeelen konnten dass bal all eis Jicl Spiller fir eng weider Saison an der Fiels bleiwen, sin mir stolz Iech haut den eischten Jicl Transferts matdeelen ze kennen.
Mam Vic Heuschling, huet de Kapitän vum Zolwer Basket fir dei nei Saison bei eis an der Fiels ennerschriwwen.
No 8 Saison'en, an knapps 180 Matcher fir Zolver an Walfer, wäert den Vic als nächst alles fir Arantia um Terrain gin.
Lescht Saison kum hien an 28 Matcher fir ronn 32 Minutten zum Asatz, konnt knapps 13 Punkten am Schnett scheissen an haat 5 Matcher mat 20+ Punkten.
Mir sin houfreg, dass de Vic sech bereed erklärt huet, eisem Projet vertrauen ze schecken an hoffen zesummen mat him an dem Rescht vun der Equippe eng weider erfollegräich Saison ze spillen.

New Home

E grousse Merci der Gemeng Fëschbech fir dat neit Doheem fir eis ukrainesch Spiller.
JICL News

Eischt Gudd Norichten gin et op eisen JICL Säiten. Nierwend dem Laurent Majerus, deen während der Saison opgehaaln huet, ass et just de Francis Kneip deen eis no 2 Saison zereck Richtung Schieren verleist.
Mir soen hinnen zwee Merci fir hiren Asatz op all Match an Training.
All eis anner Jicl Spiller bleiwen un Board an greifen eis Ziller mam neien Trainer Chris Wulff an der neier Saison un.

Tournoi Armand Diedert

Gëschter um Feierdag waren mir mat 3 Jugendéquipen um Tournoi Armand Diedert vun der Résidence Walfer vertrueden.
Dobäi hunn eis Fillettes, Poussins a Prépoussins moies an nomëttes vill Mätcher gespillt an sech ganz gutt an hieren Kategorien geschloen.
Merci un dëser Plaz un d'Résidence Walfer fir deen flotten Tournoi!

BBQ @ Anglevert

En Samschden huet de BBC Arantia e flotten Dag bei eisem Sponsor, dem Angle Vert zu Jonglenster verbruecht. Mir soen hinnen een grousse Merci fir hir Ennerstetzung.
Ënnerstëtzt de Fielser Basket!
Bei eisem langjähregem an tréien Sponsor, am Proxycenter an der Fiels kennt dir ab haut den Fielser Basket ënnerstëtzen, des Aktioun dauert 5 Wochen.
Bei all Akaf vun 20 Euro kritt dir een Jeton, den kenn dir dann beim BBC Arantia ageheien.
De Comité an all Kommissiounen soen elo schonn een decken Merci fir är Ënnerstëtzung

Porte Ouverte AngleVert - 13.05

Eisen treie Sponsor den "Angle-Vert" ZAC Laangwiis vu Jonglënster, luet Samschdes, den 13. Mee de ganze Veräin ob hier flott "Porte-Ouverte" an, wou si wéi d'lescht Joer vun 12-14 Auer grillen. Jiddereen vun der Arantia ass häerzlechst agelueden en Maufel do ziessen, ze drénken an hier flott Ausstellung ze kucken.
Hären C - Season Over
Eis Hären C hunn e sonndeg hire leschte Match gespillt an dësen mat 92-65 géint de Kordall C gewonn.
No 18 Matcher stinn si mat enger Bilanz vun 13-5 gläich mat North Fox op der 2.Plaz an der 4.Divisioun.
Dëst ass dat beschten Klassement vun eisen Hären C an deene leschten Saison'en.

Weekend Games

De leschten Weekend Fielser Basketball fir Saison 2022/2023 steet virun der Diir.
Samschdes, 06.05.2023:
Diddeleng 14h00 Scolaires
Etzella B 14h45 Minis B
Racing 16h15 Filles Scolaires
Musel Pikes 16h45 Minis
Racing 17h45 Cadettes
Sonndes, 07.05.2023:
Sparta 09h45 Pre Poussins
Pre Poussins B 10h00 Pirates
Contern 10h15 Fillettes
Musel Pikes 13h30 Poussins
Käldall 16h00 Poussins B
Cadets 16h30 Walfer
Hären C 18h00 Kordall C
Mir drecken all eisen Equippen eng leschte Keier Daumen.

Hären B - Season over
Mat enger 67-84 Auswäertsvictoire beim Staater Racing, geet d'Saison fir eis Hären B op en Enn.
Mat 12 Victoiren um Stéck an dem Gewënn vun der Coupe FLBB schléissen si domadder eng erfollegräich Saison op enger gudder 2.Plaz of.
Och nächst Saison wäerten eis Hären B weiderhinn an der Nationale 3 spillen.

Internationalen Pre-Poussins Tournoi
E Samschdeg, den 29. Abrëll waren eis Pré-Poussins de ganzen Dag zu Arel op engem staark besaten internationalen Tournoi fir U10 vertrueden an si hunn den Tournoi mat enger excellenter 3. Plaz ofgeschloss.
Breaking News! - New Coach
No der Saison ass bekanntlech virun der Saison. Dofir si mir ganz houffreg iech matdeelen ze kënnen, dat mir mam Chris Wulff ee neie Coach fir eis Seniorsekipp fonnt hunn.
Mam Chris wëlle mir déi exzellent Entwécklung déi d’Ekipp ënnert dem Christophe Ney kannt huet, wéiderféieren.
Fir net nëmmen d'Kontinuitéit am Seniorsberaich mä och an der Jugend ze assuréieren, iwwerhëllt de Chris och d'Leedung vun eisen Cadets- an Espoirsekippen.
De Chris ass am Lëtzebuerger Basket alles anescht wéi een Onbekannten. De fréiere Nationalspiller huet zu Dikrech mam Basket ugefangen, an huet ënner anerem zu Miersch, Bartreng an zu Ettelbréck gespillt. Mat der Sparta ass hien dräi mol Champion ginn, an huet mat der Etzella eng Coupe gewonn.
Als Trainer huet de Chris och scho ganz vill Erfahrung gesammelt. Ugefang huet hien als Interim um Grengewald bevir hien seng éischt Erfahrungen als Dammentrainer um Grengewald an zu Walfer gemach huet.
Am Häreberäich huet säi Wee no zwee Joer als Assistant zu Diddeleng bei d’Musel Pikes gefouert, wou heen als Headcoach erfollëgraich war. Rezent war de Chris zwou Saison’en bei der Sparta Bartreng Headcoach.
Och am Jugendberäich vun der Nationalekipp war éisen neien Headcoach ganz aktiv. Hien huet d’U12, U14 an U16 als Headcoach betréit, an war bei der U18 als Assistant mat dobäi.
Mat der U16 huet heen als Headcoach d'FIBA European Championship an der Divison C gewonnen.
De Chris huet souwuel eng B an C Trainerlizens ewéi och en FIBA FECC (Fiba Europe Coaching Certifcate).
Mat senger grousser Erfahrung am Hären- an Jugendberäich war de Chris eisen absoluten Wonschkandidat op der Trainerpositioun, an mir sin emsou méi houfreg, dass dat geklappt huet! Mir soen dem Chris Merci fir säi Vertrauen an éise Veräin, an freeën eis immens op eng super Zesummenarbescht!
Welcome Chris!
Allez Arantia!

Och dessen Weekend geet et weider mat enger Reih vun Matcher.
Samsdes, 29.04.2023:
Sparta 13h45 Cadets
Poussins B 14h30 Steesel B
Hiefenech 15h30 Cadets B
Minis B 16h00 Iechternach
Racing B 20h00 Hären B
Sonndes, 30.04.2023:
Pre Poussins 10h00 Racing
Poussins 11h45 Iechternach
Schieren 14h00 Pre Poussins B
Esch B 14h15 Fillettes B
Minis 14h30 Etzella
Scolaires 16h00 Etzella
Mir wenschen all den Equippen vill Gleck op dessem Weekend.

Thanks to Coaching Staff
Minis Win @ Zolver
No gudder Leeschtung kennen eis Minis sechen an engem spannenden Match zu Zolver duerchsetzen.