Auswaerts zu Diddeleng
No der Neierlaag zum Optakt geint Esch geet et net mei einfach virun. Eischten Auswäertsmatch vun der Saison ass zu Diddeleng.
Upaff ass Samsdes, 29.09.2018 em 20h30 am Grimler.
Diddeleng konnt sech den eischten Spilldaag knapp zu Stadtbredimus geint dezimeiert Musel Pikes duerchsetzen. An der Virbereedung gouf et schon een Openeen treffen bei eisem Tournoi d'Ouverture wou sech Diddeleng durchsetzen konnt.
No der Neierlaag geint Esch, wellen eis Jongen et besser maachen. Dofier fuert all mat op Diddeleng an ennerstetzt eis Equipe.

Weekend Games
Lues a lues geet Saison fir all eis Equipen un. De Weekend stin nierwend den Hären zu Diddeleng nach 4 weider Matcher um Programm.
Samsdes, 29.09.2018:
15h00 Scolaires - Racing B
18h30 Beetebuerg - Dames
Sonndes, 30.09.2018:
13h30 Dikrech - Minis
17h30: Hären B - Sparta B
Samsdes, 29.09.2018:
15h00 Scolaires - Racing B
18h30 Beetebuerg - Dames
Sonndes, 30.09.2018:
13h30 Dikrech - Minis
17h30: Hären B - Sparta B
Journée de l'arbitrage
Den 29. an 30. September 2018 geet den Weekend vum Arbitrage gefeiert – eng gemeinsam Initiative vun der FLBB (Basketball), FLF (Fussball), FLH (Handball), FLVB (Volleyball) an FLTT (Dëschtennis).
Trailer Journee de l'arbitrage | |
File Size: | 24075 kb |
File Type: | mp4 |
Coupe zu Walfer
Den 17 oder 18ten Oktober kennt et dann an der Coupe 1/16tel Final zum Auswärts Match geint Residence vu Walfer.
Hären B starts with a W
Eischten Match fir eis Hären B, eischte Victoire.
Am freien Sonnden Owend konnten eis Hären B sech ouni Problemer zu Diddeleng 58-78 duerchsetzen. War et am eischte Veierel nach een knappen Match hun sie ab dem 2ten Veierel een Laach gemaach an dest am 3ten emmer mei vergreissert. Am leschten Veierel war de Match schon decideiert an sie hun näischt mei ubrennen geloos.
De Mike Jones konnt bei sengem Comeback am Fielser Trikot 21 Punkten markeiern. Och zweestelleg Punkten konnten den Dylan (18) an de Pedro (15).
Scorer: Jones 21, Dylan 18, Pedro 15, Weckering 7, Mendes 6, Elisio 6, Steven 5.

Eng Neierlaag zum Optakt
1.Veierel: 13-24; Eischt Veirel eriwwer an Equipe ass na net am Match. Esch spillt just mat engem Amie mee erkennt een keen Ennerscheed, sie sin dei kloer besser Equipe. Den Gro vun eisen Punkten hun mer eis op der Faute Linn erkämpft.
Halbzeit: 31-45; 2t Veierel huet besser ugefang mee gaanz schlecht opgeholl, op 5 erugekämpft ass erem een Broch an Spill komm. Näischt geet ran an dei Escher vergreissern den Virsprong emmer mei. An der zweeter Halschent muss vill änneren fir dass dat hei na eppes sollt gin!
3.Veierel: 45-68; Gesäit net gudd aus. Esch spillt dat souverän rof an mir kennen keen Run starten.
Endstand: 69-87; Um Enn ass et eng verdengten Neierlaag!
Scorer: Bealer 23, Dexter 12, DJ 12, Sam 9, Elch 6, Malik 4, Dylan 3.

Trainerdebut fir Mike Jones
Beim Trainerdebut vum Mike Jones hatten eis Scolaires zu Rodange keng Problemer geint Kordall Steelers. Sie setzen sech um Enn kloer duerch.
De President am groussen Interview
Virum Upaff vum eischten Match an der neier Saison, hun mer eis nach mam President um Fielser Basket, Mirko Martellini zesummen gesaat an hien huet eis eng Vrschau op dat folgend Joer gin. Net nemmen iwwert Härenequipe, mee och iwert Dammen an Hären B Equipe gof geschwaat. Donierwt gouf och iwert Aarbeschten nierwend dem Basketterrain geschwaat.
1. Paus war laang mee muer geet et endlech erëm lass. Frees du dech op déi nei Saison?
''Laang'' ass relativ, vir d'Spiller an zemools vir d'Zuschauer war et eng laang Paus, vir den Comité an all déi Leit déi sos nach engagéiert sinn, war et wei all Summerpaus, vill Preparatioun an Organisatioun, mais dofir freeën mir eis soumei dass et lo endlech erëm lass geet.
2. Virun der Saison goufen et puer Spillerwiessel bei eiser Härenequipe, no enger erfollegräicher Saison an der Nationale 2, kruten si mam Malik an Elch koumen 2 weider jonk Spiller als Verstäerkungen. Och bei eisen Damme koum déi eng oder aner Spillerin bei. Eis Häre B kréien ënnert anerem Hëllef vum Mike Jones. Wat sinn deng Erwaardungen an Ziler un déi jeeweileg Equippen?
Fir bei der Härenequipe unzefänken, muss ech soen, dass mir eis, denken ech, gutt verstäerkt hunn. Jonk motivéiert Jongen déi mir un Bord gezunn hunn, sinn genau déi, déi an den Arantia Schema passen. Ech denken eisen Kader ass wesentlech méi staark ewéi lescht Saison, dat well mir op verschiddenen Positiounen duebel besat sinn. No etlechen Blessuren lescht Saison, ass et wichteg den Kader souvill ewéi méiglech opzefëllen, wat natierlech och net ëmmer einfach ass. Mam Malik kruten mir een jonken Spiller bei, deen deenen aneren Spiller vill Aarbecht ofhëlt an sou probéiert et jidderengem méi einfach ze maachen um Terrain. Mam Pit, hunn mir och eng jonk Alternativ fonnt, déi eis sou gutt am defensiven ewéi am offensiven ënnert dem Kuerf wäert hëllefen. Natierlech sinn déi zwee nach jonk, mais ech denken dat sie schnell wäerten Erfahrung sammelen an eis sou gutt wei et geet hëllefen den richtegen Wee ze goen. Ziel ass et hei mol ganz kloer onverletzt, gesond an fit ze bleiwen. an dann Match vir Match kucken ewéi et weider geet. Nom wiessel vun eisem Ami, ass erëm een groussen Changement an dat ganzt Erakomm. Ziel ass et vir eis, ganz kloer dran ze bleiwen. Als Opsteiger ass dat ëmmer ganz schwiereg, well et een ganz aneren Rhytmus ass, mais ech sinn zouversiichtlech dass mir et packen, an denken dass mir vir déi eng oder aner Iwwerraschung wäerten suergen.
Kommen mer bei Dammenequipe, wou ech zouversiichtlech sinn, dass et och do Joer vir Joer besser gëtt. Och hei gouf den Kader verstäerkt mat puer neien Gesiichter déi wäerten dozou bäidroen dass och des Saison méi Matcher gewonnen ginn. Mat engem engagéierten Trainer an enger Jonker Equipe kann ech mir virstellen dass des Saison villes dran ass. Vir mech, Top 4 ass hei dran. Ouni lo wëllen iergendeen ënner Drock ze setzen ;)
Eis 2 Equipe huet schonns lescht Saison, eng gutt Saison gespillt. Lo mam Mike Jones dobäi, denken ech dass et kéint spannend ginn, wann et em den Championstitel geet. Vill Equipen an der Divisioun spillen mat hirem 3 Ami, also denken ech dass mir eis lescht Saison do schon gutt geschloen hunn. Mais nach soll do vir mech, den Spaass am Virdergrond stoen. 2 Equipe ass och eng Chance vir déi Spiller, deit net esou vill Minutten kréien bei der 1 Equipe, déi do kennen Erfahrung sammelen an fir et dann iergendwann an déi 1 Equipe ze packen. Ziel ass et hei ganz kloer, top 3.
3. Am Summer gouf vill geschafft, am Comité goufen et puer Ännerungen an et geet vill niewend dem Basket Terrain organiséiert (Letz Metten, Weldiessen, Deckkäpp...). Ewéi gesäis du Entwécklung vum Veräin?
Ech denken wann mir den Ënnerscheed maachen an kucken ewéi den Veräin virun 4-5 Joer do stoung, an wei en elo do steet, ass dat een Ënnerscheed tëschent Daag an Nuecht. Deen Ënnerscheed kennt awer net vun naicht. All déi fräi Minutten déi vun all Comitésmember drop ginn, vun all Member deen eis Fräiwëlleg hëlleft, all Benevole deen eng Hand mat upeckt, ass vir een Veräin goldwäert. An nach muss een soen, geet et heiansdo net duer. Fir als Beispill ze huelen, bei engem Heemmatch, ab September normalerweis all 2 Weekend, brauchen mir +- 15 Fräiwëlleger déi eis eng Hand mat un packen, ouni déi wier sou een Match guer net méiglech. Ech sinn dovunner iwwerzeegt dass d'Entwécklung vum Veräin an näcksten Zukunft nach wäert ant Luucht goen, woubäi een vun engem Verain bal net méi kann schwätzen, et ass un sech vir vill Comitésmemberen an och vill aner Memberen eng 2 Aarbechtsplaz. Eent ass awer flott ze gesinn, wei den verain Joer vir Joer méi grouss gëtt. Am Jugendberäich, leen mir vill wäert drop, op professionell an organiséiert Traineren. Wat mir och des Saison erëm hunn. Denken wann mir do sou weider fueren, dann hunn mir an den necksten Joren néirens méi een Lach tëschent den verschiddenen Kategorien.
Nieft dem Spillereschen , organiséieren mir nach puer aner Manifestatiounen, sief dat Weldiessen den 11 November, Hierkefest, oder Déckkapp dei den Wee erëm ant Fiels fannen. Och hei ass erëm vill Aarbescht gefrot, déi mir awer gären maache. Esou laang mir dat alles nach mat Passioun an Freed maachen, vergeet och kengem Loscht beim schaffen, och wann et heiansdo vill nerven kascht. Hei een groussen Merci, un all déi Leit déi eis, Joer vir Joer, Saison vir Saison ënnerstëtzt hunn. An mir hoffen och dëst Joer erëm op är hëllef, zeckt net ze froen. An wei soen se emmer: Ohne Schweiss kein Preis.
4. Als Lescht dann nach eng kuerz Virschau op déi nei Total League Saison. Wien ass däi Meeschterschaftskandidat a wien gesäis de des Saison éischter ënnen am Ofstigskampf?
Vir mech perséinlech, denken ech, dass Ettelbréck oder Esch et wäert packen. Mais och am Basket weess een ni wat kann geschéien. Et goufen vill Changementer an all den Equippen an sou dierft een gespaant sinn, wat dobäi Enn der Saison eraus kennt. ech denken, dass et mäi eng spannend Saison wäert ginn, wei déi virdrun, well vir mech vill Equipen gläichstaark sinn. mol ofwaarden.vir den Ofstigskampf ass et ëmmer schwiereg eng Prognose oofzegin, opallefall hoffen ech dass mir et packen dran ze bleiwen. Mat eisen Holygäns am Réck, wëllen mir et kenger Equipe Heiheem einfach maachen. ech wënschen all Equipe bonne chance vir déi nei Saison 2018/2019.

Kine
Fir dei nei Saison, siichen mir een engageierten Kine (M/W) fir eis op eisen Matcher ze begleeden an den Spiller bei hiren Blessuren ze hellefen.
Wanns du motiveiert bass oder een motiveierten Kine kenns dann einfach bei engem Comitésmember mellen.
Weider Detailer weini een misst do sin an wat et als Geigeleeschtung geet gin et dann!
Merci fir all Hellef.
Dierf gaeren weidererzielt gin!

Save the dates
Och nierwend dem Basketsterrain organiseiern mir vill Aktivitäiten. An dei eischt stinn schon fest.
Weider geet et den 22.07 mam Stroosseverkaaf an der Fiels (mei Infos en Meinden an enger Woch).
Dann um Weekend vum Season Opening ass eisen Letzebuerger Mëtten, Sonndes den 23.09.
Enn vum Joer, um deitschen Fuesoptakt (11.11) organiseiern mer fir zweet Weldiessen am Centre Culturell.
Ufank vum Joer 2019 ass direkt den eischten Weekend (06.01) eist traditionellt Hierkefest.
An Altweiber Donnesden (28.02) kommen Deckkäpp an Fiels an mer laachen zesummen an Föös 2019.
Weider Fester gidd dir hei gewuer.
Save the dates..

Virschau Zeitungen
Total League Optakt
Et ass endlech esouweit, 6 Wochen Virbereedung sin em an en Samsden steet den Optakt vun der neier Total League Saison virun der Diir.
Lass geet et mat engem Heemmatch am Filano geint den lescht jähregen dretten Basket Esch. Upaff ass ewei gewinnt em 20h30.
Dei Escher hun dessen Summer op Kontinuiteit gesaat an keen Wiessel am Kader (och net bei den Non-Jicl) oder am Coaching Staff gemaach. No enger erfollegräicher Saison wellen sie do weider maachen an den nächsten Schratt no fir maachen.
Virbericht vum RTL
Facebook Veranstaltung
Trotzdem huet dei jenger Geschicht gewissen, dass et fir sie bei eis am Filano net liecht ass. Gaeren erennern mer eis un dat lescht Duell virun knapp 18 Meint zereck wou mer eis an engem enken Match durch speit Dreier vum Duke Mondy an Jean Ketter duerchsetzen konnten.
Mir si gespannt ewei et dest Joer zum Optakt ofleeft an mer hoffen op all Ennerstetzung an eng voll Haal.
Den Fielser DJ Flex Diamond wärd virum an während dem Match fir dei neideg musikalesch Ennerhalung suergen.
Och dest Joer huet een erem Meiglechkeet fir eng Members oder Heemmatch Dauerkaart ze kaafen. Mei Infoen ennen am Communiqué vum Comité.
P.s. Opgepasst: Wichteg Information: weinst der Ufaahrt zur Hall. Mierscherstrooss ass fir eng länger Zäit gesparrt.

Letzebuerger Metteg
Och dest Joer ass erem eisen traditionnelen Letzebuerger Metteg Enn September, genauer gesoet den 23.September.
Eng perfekt Meiglechkeet fir de Weekend wou Total League (Samsdes doheem vs Esch) ugeet ofzeschleissen.
Lass geet Fest mat traditionellen Kascht mam Aperitif ab 11 Auer am Centre Culturell.
Dono kann een sech zweschent engem Letzebuergeschen an engem alternativ Menu auswielen:
Judd mat Gaardebounen 17€ (mat Sauermous 18€)
Spaghetti 13€ (fir Kanner 9€)
Mettes geet dat gaanzt dann mat Letzebuerger Musek ofgeschloss.
Dir wellt elo mat eis een flotten Sonnden Metten verbrengen, ma dann mellt iech bei engem vun dessen 2 Hären un:
Mirko Martellini - +352 691 867 393
Sven Dhamen - +352 691 661 603
Umellung geet bis den 16.09.2018.

Hären A Kader 2018-2019
Virum Season Opening géint Esch (Samschden 20h30 @ Filano) presentéiere mer Iech eise Kader fir déi nei Saison.
Et goufe 5 Neizougäng a 6 Ofgäng géigeniwwer vu leschter Saison.
Nei dobäi op den Non-Jicl Positioune sinn ewéi gewosst den Dexter Werner a Gabe Bealer.
Vun Ettelbréck krute mer Verstäerkung a Form vum DJ sengem jéngere Brudder Malik Wilson, esou ewéi vum Pit Elcheroth.
Zeréck an der Fiels no enger Saison beim Black Star Miersch ass een ale bekannten, den Elisio Delgado.
Leider verletzt, trotzdem nach bei der Equipe dobäi ass den Josh Williams.
Verlooss hunn eis dofir de Sebastien Jovet, Christophe Torres, Jean Ketter (Miersch) an eis 2 Amerikaner Ladarius Tabb (London Lions) esou ewéi de Xavier Pollard an d'Schwäiz bei Tigers Lugano. Hinne wënsche mer vill Gléck fir hir weider Saison.

Den Dj Wilson, eelere Brudder vum Malik, trëtt seng 2 Saison fir eise Veräin un. An sengem éischte Joer wou en Starter war a Verantwortung iwwerhuele misst, huet en mat staarker Defense an ëmmer besseren Offensivqualitéiten (12-5-3) iwwerzeegt.
Weiderhin an der Fiels ass och den Dylan. An sengem éischte Joer an der Nationale 2 (koum aus der Nationale 3) huet en sech no staarker Virbereedung an Traininger a Starting 5 eragespillt a war mat senger Defense a sengem Asaz net méi doraus ze denken. Besonnesch staark war en Auswäerts zu Miersch (20 Punkten).
Leider lescht Joer schwéier blesséiert um Knéi, awer weiderhi fir déi 3 Saison am Kader an um Wee vun der Besserung ass de Philippe Oly. Ëmmer vollen Asaz weess en seng Gréisst anzesetzen a konnt och mat engem wichtege Kuerf um Kordall iwwerzeegen. Och ass hien de Kreateur vun dëse Spillerprofillen.
De Charel Goetzinger, fir hien ass et schonn déi 4t Saison (mat engem Joer Paus), leider verpasst hien Virbereedung wéinst der Uni, mee mir wëssen eweieng Qualitéiten hien vun der Dräierlinn huet wann et wichteg geet.
Weider geet et mat eise Fielser Jongen an engem Nowuesstalent.
Säit klengem un an der Fiels kämpft de Luc Kirpach onermiddlech wärend de Matcher. Beléift ass hien well hien ëmmer mat vollen Asaz esou ewéi mat Häerz a Séil dobäi ass.
Och säit Joren dobäi ass de jéngere Brudder vum Rui, de Pedro Nunes. Säit 14 Joer bei der éischter Equipe, ëmmer all Training a Match dobäi, trainéiert hien och eis klengst.
Jonk an talentéiert ass de Steven Sequeira, all Joer mëscht en méi Fortschrëtter a geet besser. Mat vill Trainingsfläiss a vu Verletzunge verschount mëscht hien säi Wee weider.
Als Nowuesstalent koum lescht Joer den Tiago Monteiro. Lues a lues geet hien méi no un éischt Equipe ugefouert. Een Spiller fir Zukunft.
Coach ass weiderhin eisen Opstigstrainer a Coupe FLBB Gewennertrainer Jérôme Hansen. Mat enger impressionnanter Bilanz als Trainer well hien och des Saison erfollegräich sinn an Zill Klassenerhalt packen.
Lescht Joer Capitän an all Joers méi wichteg geet de Sam Ferreira. Eng Stütz vum Veräin an der Offense an Defense huet hien eng wichteg Roll am Kader.
No knapp 18 Méint Verletzungspaus attackéiert de Rui Nunes op en Neits Total League. Berüchtegt fir seng gutt Dräierquote well hien der Equipe mat senger Erfarung um Terrain hëllefen.
Nei als Co Trainer mee en ale bekannten an der Fiels ass de Mike Jones. Hien iwwerhëlt Jugendequippen a probéiert dem Hansen esou gutt et geet ze hëllefen. Och als Motivator wäert hien gefrot ginn.
Domadder ass eise Kader komplett a mer wënschen hinne vill Gléck an eng erfollegräich Saison.

Equipevirstellung
Leschte Sonnden war op eiser scheiner Fielser Buerg bei engem flotten Sponsorsevent och Virstellung vun den Equipen an der neier Teambekleedung vum Freelanders. Bei flotter Ambiance an guddem Wierder gouf den Sonnden Nometten verbruescht.
Merci dem Ray Hoffmann an Ren Spautz fir Fotoen.

Pre Season is over
Leider huet den Dexter dei 2t Halschent weinst enger klenger Blessur um Fouss ausgesaat. Zum Schluss huet Equipe dun den Virsprong leider nach aus der Hand gin.
1. Veierel: 35-21
Halbzeit: 54-40
3. Veierel: 61-55
Scorer: Bealer 23, Malik 21, DJ 13, Elch 11, Dylan 5, Sam 4, Dexter 3.

Groussen Exploit vun eisen Minis
Bei eisen Minis gouf et dann de Metten eng Coupe Iwerraschung. Als 4 Divisionär hun sie den Exploit faerdeg brueschr den 1 Divisionär Diddeleng aus der Coupe ze geheien. Groussen Respekt un eis Minis fir des Leeschtung.
Ersatzgeigner Zolwer
Nodeems Hiefenech fir leschte Samsden ofgesoet haat, hun mer seier een Ersatzgeigner fonnt.
Desse Match ass awer Donnesdes, 20.09.2018 em 20 Auer am Filano.
Op Besuch kennt 2 Deeg virum Optakt an Saison Zolwer. De Geigner wou mer virun knapp 10 Deeg an der Final heich verluer hun. Des Keier well Equipe et besser maan an mat engem gudde Gefill an Saison goen.

Testmatch vun Samsden
Leider mussen mer Iech matdeelen, dass de geplangten Match geint Hiefenech vun Samsden vun der Gaaschtequipe aus diverse Grenn ofgesot gouf. MIr bedaueren dës Entscheedung wëll dëse Match usech sollt d'Generalprouf fir eis nei Saison sollt duerstellen an de Match tëscht béid Ekippen emmer vill Leit unzitt.
Domadder huet d'Equipe stand elo, keen Testmatch méi an et geet domadder lass mat der Total League en Samsden, 22.09 em 20h30 am Filano geint Esch.

Staark 2t Halschent
Iwer 35 Minuten een spannendeen Match wou Treier emmer knapp fir war an eis Equipe awer drun bliefen ass. Den neien Amerikaner hat haut besse Pech mam Schoss mee huet sech gudd drun gin an vill probeiert. De Rui huet haut no laanger Verletzungspaus sein Comeback gin an dest direkt mat engem Dreier samt Foul gekreint.
Bei eis konnt nierwend deenen 2 Amien och den DJ iwer 20 Punkten markeiern. Gefeelt hun den Luc (verletzt),Tiago (verletzt),Malik (Uni), Elisio (Trainingsréckstand), an Charel (Uni).
1. Veierel: 22-20
Halbzeit: 41-41
3. Veierel: 67-60
Scorer: Dexter 24, Gabe 23, DJ 20, Sam 8, Rui 7, Elch 2, Pedro 2, Dylan 2.

Mamer hat keng Chance
Ausgeglaachen eischt Halschent, dominant zweet Halschent. Den zweeten Match vum Weekend konnt eis Equipe och gewannen. Eisen neien Amerikaner Bealer huet emmer besser an de Match fonnt an huet zum Schluss 3 Dreier hannerteneen geschoss. Besonneg erfirzehiefen sin eis Letzebuerg, vun deenen 93 Punkten sin just 37 vun eisen Amerikaner, also kloer mei ewei Halschent vun eisen Letzebuerger. Ee gudde Match vun all eenzelen agesaatenen Spiller.
1. Veierel: 20-24
Halbzeit: 41-48
3. Veierel: 58-65
Scorer: Bealer 23, DJ 19, Dexter 14, Elch 10, Dylan 9, Sam 8, Steven 4, Pedro 3, Rui 3.

Een Match zum vergiessen
Keen gudden Match vun eiser Equipe zu Zolwer geint Lokalequipe!
No gaanz schwacher eischter Halbzeit, huet Equipe am 3ten Veierel eng kleng Reaktioun gewissen mee sou richteg drun kummen sie nie. Zolwer huet sech emmer mei an een Rausch gespillt an gewannen um Enn och an der Heicht verdengt.
1. Veierel: 23-12
Halbzeit: 48-29
3. Veierel: 65-51
Scorer: Dexter 21, Bealer 16, DJ 16, Rui 6, Sam 4, Elch 4, Dylan 1.
Nächste Match an leschten Pre Season Match, den Derby en Samsden em 20h am Filano geint Hiefenech!

Tournoi Zolwer (Samsden + Sonnden)
Ewei lescht Joer sin mir och desse Weekend erem zu Zolwer op hirem Tournoi d'Ouverture agelueden.
Den Tournoi erziet sech iwer 2 Deeg mat den Halleffinalen um Samsden an den Finalen um Sonnden.
3 verschieden Opsteiger goufen vum Organisateur agelueden, den Opsteiger an Nationale 2 Mamer an dei zwee Total League Opsteiger Kordall Steelers, an eis der Fielser Arantia.
Den Optakt vum Tournoi maachen mir en Samsden em 16 Auer geint BBC Mambra Mamer, dei sech fir Saison an der Nationale 2 op der Non-Jicl Posotioun mam Billy McDaniel an Marcus Neal extrem verstärkt.
Demno ewei dessen Match ausgeet, steet den nächsten Match dann Sonndes erem em 16 Auer oder em 18 Auer zu Zolwer am Sportikuss geint den Vainqueur/Verleierer vun der Partie Zolwer vs Kordall (Samsdes, 18 Auer) um Programm.

Treier kennt op Besuch
Freiden ass dann eisen 4ten internationalen Testmatch. Fir dei eischte Keier seit e puer Joer geet et erem geint eng deitsch Equipe.
Den MJC Treier kennt bei eis an den Filano op Besuch. Upaff vum Match ass em 20 Auer an Buvette wäerd erem op sin.
Mir hoffen dass eisen neien Amerikaner Gabe Bealer zum Asatz kommen kann an hoffen dass mer dei gudd Aarbescht vum Training an den Testmatcher bis elo weider feiern kennen.

Welcome Gabe Bealer.
Nom Verletzungsbedengten Saisonausfall vum Josh Williams missten mir op der Non Jicl Positioun reageiern. Mam Gabe hoffen mer de richtegen Mann fir des vakant Positioun fonnt ze hun.
Den Gabe ass 23 Joer jonk an 1m98 grouss. Hien huet dei lescht 3 Joer op der University of Utah sech een Numm als Shooter gemaach. Sein bis elo leschte Match fir seng al Equipe huet en am März gemaach an elo probeiert en seng Profi Karriär erfollegräich bei eis ze starten.
Um College huet den Gabe ennert annerem mat NBA Spiller ewei den Kyle Kuzma an Jakob Poeltl gespillt.
Highlight Video: https://youtu.be/DHUuGozTFDw
Mir wenschen dem Gabe eng gudd Urees an hoffen dass en eiser Equipe schon nächste Weekend um Terrain hellefen kann.
(Freides doheem Treier, Samsdes an Sonndes zu Zolwer)

Tournoi @ Joeuf
An engem enken an knappem Match geint Silvange em dei 3t Plaatz missten mer eis leider an den Schlosssekonnen geschloen gin. Equipe huet sech no engem manner gudden Match Moies geint Joeuf super eremgekämpft, mat 8 Leit am Kader fir 2 Matcher ass jidereen an der Equipe bis un seng Limiten gaan.
De Metten kruet den Dylan bei 2 haarden defensiven Aktiounrn jeweils eng um Kapp of, mir hoffen dass näischt graves an wenschen gudd Recup.
Scorer vs Joeuf: Dexter 19, Dylan 12, DJ 9, Sam 7, Luc 3, Pedro 3, Elch 2, Steven 1.
Entwecklung Veierel vs Silvange:
1. Veierel: 25-22
Halbzeit: 45-46
3. Veierel: 61-63
Scorer vs Silvange: Dexter 24, DJ 21, Elch 12, Pedro 9, Luc 8, Sam 6, Dylan 5, Steven 1.

Interessante Match zu Contern
Interessanten Match zu Contern wou Heemequipe sech zum Schluss duerchsetzen konnt. Op Conterer Säit huet durch een kurzfristegen Tosch haut op der Non-Jicl Positiiun mam Trent Weaver (lescht Saison Mondorf) och nemmen een Amerikaner gespillt. Bei eis huet den Sam sein Comeback gin.
1.Veierel: 27-18; Ufanksphas war ausgeglach, zum Schluss huet Contern ugefouert vum Trent een Gang no fir geschallt an een Virsprong erausgespillt.
Halbzeit: 51-42; Virsprong huet sech bei 10 Punkten ageschaukelt an beid Equipen huet flotten Basket mat vill Asatz gewissen.
3. Veierel: 73-58; Gaanz schlecht aus der Paus sin mer komm an hun laang gebraucht fir Punkten ze scheissen. Den Dexter huet haaptsächlech dogeint gehaaln.
Endstand: 90-82; Kampfgeescht hun mer gewissen. Bei Contern waren 3 Spiller mat 5 Feeler raus (dorenner den Amerikaner). Den Birenbaum huet den Match dogeint ouni Feeler beend. Leider war den Reckstand ze grouss an mer kumen net mei endgülteg run, trotzdem kann een op dat lescht Veierel an den Kampf obauen.
Weider geet et Sonnden, frei Moies em 9h15 zu Joeuf um Tournoi geint Heemequipe!
Scorer: Dexter 36, DJ 14, Malik 13, Sam 10, Dylan 3, Pedro 2, Steven 2.

Update on Josh Williams
Leider hunn mer säit gëschter déi traureg Gewëssheet, dass eisen neien Amerikaner Josh Williams sech beim éischten Testmatch géint Lonkesch, bei enger onglécklecher Aktioun, d'Kräizband am Knéi gerass huet. Et deet eis onheemlech leed fir de Josh, dee mat voller Tatendrang dobäi war. Mir wënschen him eng gutt Besserung an hoffen dass hien esou séier wei méiglech erëm op ee Basketballterrain zeréck kennt.
Tournoi @ Joeuf (France)
Genee ewei lescht Joer hellt eis Equipe och dest Joer zu Joeuf um Tournoi de la ville deel. Den Tournoi fennt en Sonnden den 02.09 statt an eis Equipe ass erem gaanz frei Moies am Asatz.
Em 9h15 ass den eischten Match geint Heemequipe vun Joeuf. Lescht Joer gouf et um nämleschten Tounroi em dei nämlescht Auerzäit eng knapp 90-84 Neierlaag. No enger ausgeglaachener eischter Halschent, hatten mir deemols am 3ten Veierel den Fueden verluer. Am leschten konnten mer eis zereck kämpfen mee war leider net mei duer gaan.
Weider Equipem am Asatz sin Kordall Steelers, den 2ten Opsteiger an Total League an Silvange aus Frankräich.
Geint eng vun dessen Equipen Spiller mir dann endweder em:
14h30 - Kleng Finall
oder em:
16h30 - Grouss Final
Adresse vun der Hall wär dei folgend:
SALLE MUNICIPALE DES SPORTS
1 Rue Eugène Bastien
F- 54240 JOEUF

Pre Season Hären A
No der Saison ass virun der Saison. Fir dass Equipe top virbereed an agespillt an Avwenture Total League goen kann stin eng Reih Pre Season Matcher um Programm:
Als eischt geet et direkt Sonndes den 19.08 geint Lonkesch (Rehon), lescht Joer nach bei hinnen kommen sie dest Joer bei eis. Upaff 17 Auer.
De Weekend drop, 25.08 ass dann Tournoi d'Ouverture an der Fiels. 3 Matcher gin do gespillt. 15h30 eis Hären geint Sparta. 17h Sparta geint Diddeleng an als lescht em 18h30 erem mir geint Diddeleng.
Dann den 30.08 geet et bei den Ofsteiger op Contern. Upaff ass em 20h30 um Donnesden. Auerzäit op der Foto ass leider falsch!
Sonndes, 02.09. geet et ewei lescht Joer an Frankräich op Joeuf op den Tournoi. Den eischten Match do ass em 9h15 geint Heemequipe vun Joeuf. Spill Em Plaatz 3 an Final wären em 14h30 respektiv 16h30 geint endweder Silvange oder Kordall.
Dann steet een stressegen Weekend um Programm.
Freides Owes kennt den MJC Treier an den Filano op Besuch. Upaff 20 Auer.
Samsdes an Sonndes sin mer erem agelueden um Tournoi d'Ouverture vun eisen Zolwer Kollegen. Samsdes am freien Nometten geet et geint den Nationale 2 Opsteiger Mamer mam McDaniel an Neal als Non-Jicl Spiller. Match ass em 16 Auer.
Sonndes waarden dann Zolwer oder den zweeten Opsteiger an Total League Kordall. Deen Match ass endweder em 16h oder em 18h.
Als Ofschloss vun der Präperatioun ass dann eng Woch virum Optakt den Highlight geint eisen Nopper Hiefenech.
Dono sin et dann na 7 Deeg bis eis Fielser Härenequipe Aventure Total League erem op sech huelen.

Results Tournoi d'Ouverture
Mat groussen Verletzungsproblemer gewannen mir den eischten Match vum Tournoi geint Sparta. Eng staark Leeschtung vun eiser Equipe!
1. Veierel: 19-9; den Elch hat dem Match sein Stempel opgedroen an huet zesummen mam Dexter Zone domineiert. Halbzeit: 34-30; Sparta kum besser an den Match an konnt den Virsprong lues an lues verkiirzen. 3. Veierel:49-50; Sparta huet den Match gedreint mee konnt sech keen Virsprong erspielen. Endstand: 63-58; no enger staarker Leeschtung wannen mir ugefouert vum Dexter an DJ verdengt geint Sparta. 3 Min virum Schluss nach hannen huet Equipe hannen näischt mei zou geloos an et fir roueg zu Enn gespillt. Net am Kader sin: Josh, Sam, Tiago, Elisio, Oly an Rui. Luc setzt ugeschloen op der Bänk. Scorer: Dexter 28, DJ 18, Elch 7, Malik 5, Dylan 4, Pedro 1. |
Am zweeten Match vum Nometten konnt Sparta sech erem kaafen. Sie wannen um Enn souverän mat 66-57 geint Diddeleng. Als lescht steet elo um Programm den Match vun eisen Faarwen geint den T71.
|
Zweeten Match haaten mer mat eiser 6-7 Mann Rotatioun leider näischt ze radetten. Eng Halschent konnten mer na gudd mathaalen mee dei zweet huet Diddeleng ugezunn. Trotzdem kann een positiv op dessen Tournoi zereck blecken.
Allen 3 Equipen hun een Match gewonn, um Enn wennt Diddeleng den Tournoi durch Punktedifferenz. 1.Veierel: 15-14 Halbzeit: 34-29 3. Veirel 60-42 Endstand: 79-60 Scorer: Dexter 22, DJ 13, Malik 11, Elch 6, Dylan 4, Pedro 2. P.s. mir sin Auswärtsequipe an dessem Fall |