Stroossemaart 2019
Och dest Joer sin mir erem mat eiser Basket Lounge um Stroossemaart present. Nom supper Erfolleg vum leschten Joer, hoffen mir och dest Joer erem op een flotten Daag.
Zäitgläich ass och nach Kiermes am Duerf.
Dest Joer hun mir och erem gudd Burger an lecker Cocktailer an eisem Angebot.
Mir hoffen op vill Leit dei eis besiichen kommen an kuerz stoen bleifen fir een klengen ze drenken oder eppes geint den klengen oder groussen Honger ze maan.
Mir freeen eis op Ären Besuch.
Facebook Event

Auswahl vun Beier fir muer um Stroossemaart.
Derbäi geet et na Aperol, Gin an Hugo.
Leit dei Hongen hun, kennen teschend 4 verschieden Burger auswielen.
Bis muer :)
Derbäi geet et na Aperol, Gin an Hugo.
Leit dei Hongen hun, kennen teschend 4 verschieden Burger auswielen.
Bis muer :)
FLBB 3x3 Championnat
Haut war den 3x3 Championnat vun der FLBB um Belval Plaza. Gewenner dest Joer sin 3 Fielser.
Gleckwonsch un den Philippe Oly, Dylan Rocha Pires an Malik Wilson.
RTL Reportage
Gleckwonsch un den Philippe Oly, Dylan Rocha Pires an Malik Wilson.
RTL Reportage
Xavier Pollard career
Gudd Norichten gin et dann aus dem internationalen Basket! Eisen Ex Spiller Xavier Pollard mat dem mir an Total League opgestiegen sin virun 2 Joer huet et iwert Zweschenstatioun Lugano Tigers elo bei Equipe vun Olympic Fribourg gepackt. Domadder spillt hien an der neier Saison och an der FIBA Champions League.
Mir sin immens houfreg op dem Xavier sein Wee deen hien ageschloen huet an stolz dass hien eng Saison fir eis Faarwen gespillt huet. Fir Zukunft wenschen mer him weider alles guddes.
Mir sin immens houfreg op dem Xavier sein Wee deen hien ageschloen huet an stolz dass hien eng Saison fir eis Faarwen gespillt huet. Fir Zukunft wenschen mer him weider alles guddes.
Schoulsportdaag an der Fiels
Weider geet et mat den Schoulsportdeeg. Des Keier deen aus eiser scheiner Fiels.
Merci un den Luc, Steven, d'Viv, d'Joelle, de Claude an den Wuerm fir hir Aarbescht an hir flott Ateliern dei se ugebueden hun.
Merci un den Luc, Steven, d'Viv, d'Joelle, de Claude an den Wuerm fir hir Aarbescht an hir flott Ateliern dei se ugebueden hun.
Wibbel an Dribbel
|
Um Wibbel an Dribbel dest Joer waren och erem 4 Leit vun eisem Veräin am Asatz.
Een groussen Merci un hir Aarbescht: Rita Nunes, Lynn Pletschette, Laura Pletschette an Gaby Hoffmann. Des weideren op der Foto Liz Gaul an Erina Galabov. |
Champes League 2019
Wei dei alljährlech Traditioun hun mir erem eng Equipe op der Champes League zu Uewerkuer.
Een groussen Merci un den Organisator FC Deifferdeng 03 fir deen flotten Fussballstournoi.
Equipe: Pedro Nunes, Pit Elcheroth, Gilles Weiler (Coach), Dylan Rocha Pires, Luc Kirpach.
Rui Nunes, Kevin Harpes, Micha Von Sayn Wittgenstein, Sven Dhamen.

Schoulsportdaag Angsber
|
Haut de Moien war Sportdaag vun der Angsber Schoul am Filano.
Groussen Merci un den Mike Smith, Rita Nunes, Gaby Hoffmann an Steven Sequeira fir hir Hellef an den Kanner den scheinen Sport Basket an der Fiels mei no bruescht ze hun. |
Programm Total League 2019/2020
Programm Nationale 2 Dames 2019/2020
Pit Hoffmann is back
Nierwend den Spillertransferts geet et dann och op enger Trainerposition een Neizougang. Et ass keen "Welcome to Larochette" mee een Welcome back home.
De Pit Hoffmann, freieren Spiller vun eis an der Total League, iwerhellt an der neier Saison eng Jugendequipe.
Seit sengem Karriärenn als Spiller huet hien eng Trainerausbildung ugefangen, mam B-Schäin an der Täsch war hien lescht Saison Trainer vun der Letzebuerger U-15.
Mir sin frouh hien nächst Saison erem am Veräin ze begreissen an wenschen him vill Gleck an Erfolleg mat senger neier Aufgab an Equipe.

Welcome Jo Freimann
Den eischten Transferts fir dei nei Saison ass perfekt. Vun der Ettelbrecker Etzella begreissen mer den 22 Jähregen Jo Freimann!
Lescht Saison huet den Jo, deen am leifsten op der 2 spillt, 22 Matcher bei der 2ter Equipe esou ewei den Espoirs gespillt. Mat der 2ter Equipe huet hien mat 20 Punkten am Schnett (32 Season High) während 12 Matcher een groussen Undeel um Opstieg an 1 Divisioun.
Bei den Espoirs ass hien 10 mol opgelaaf an konnt och do mat 14 Punkten (21 Season High) iwwerzeechen.
Mir wellen den Jo häerzlechst bei eis an der Fiels begreissen!

Welcome Jarn Pinto Sousa
Eisen nächsten Neizougang ass nach een jonken Spiller. Den Jarn Pinto Sousa ass 22 Joer al an huet an seng Karriär bei der Etzella ugefangen ehe hien weider op de Grengewald gewiesselt ass. Ab August/September wäert en dann fir eis Faarwen oplaafen.
Mir soen häerzlech Wellkomm Jarn.
Mir soen häerzlech Wellkomm Jarn.