Haard erkämpften Victoire
1.Veierel: 22-13; 9 Punkten Virsprong no 10 Minutten. Verletzungsbedengt spillen mer ouni DJ, Torres an Jovet. Et ass eng gudd Reaktioun op dei batter Neierlaag! Bis elo ass et een rouegen Match ouni besonneg Virkommnisser.
Halbzeit: 35-38; 2t Veierel war net gudd. Hesper trefft vun iwerall, bei eis leeft weineg zesummen. Zweschenzeitlech 5 hannen, gin mer mat 3 Punkten Reckstand an Paus.
3.Veierel: 52-55; Den Reckstand bleift konstant bei 3. Zweschenzeitlech 9 hannen hun Jongen zum Schluss erem Gas gin an kummen run! Nach sin 10 Minutten ze spillen, nach ass Chance do! Kämpfen heescht et elo!
Endstand:75-72; 3 Minutten virum Schluss konnten mer endlech erem an Feierung goen. Ouni DJ an Jovet, an mat seieren 3 Feeler belaaschtenen Dylan hun eis Amien den ganzen Match an Hand geholl an eis zur Victoire gefouert. Mir konnten eng Reaktioun weissen an bleifen ongeschloen.
Scorer: Xavier 28, Tabb 26, Luc 8, Dylan 5, Oly 2, Pedro 2, Sam 2.
Fotoen

Chreschtdaag ass no
No där batterer Neierlaag vun gescht geint Steesel ass muer den Ofschloss vum Joer doheem geint Hesper. Fir Play Offs schon qualifizeiert probeiert Equipe alles fir vun der Neierlaag an der Coupe erem opzeerstoen, weider ongeschloen ze sin an den Virsprong op net Opstiigsplaatzen ze erheichen (Hesper ass 3ten).
Et ass och den Ofschloss vun engem turbulenten Joer 2017. No net esou gudden eischten 6 Meint an dem Ofstiig zereck an Nationale 2, konnten mer dirch staark Transfers am Summer an dem haalen vun wichtegen Spiller konnten mer dei iwerragend lescht 6 Meint spillen. Et ass also muer nach eng Keier Chance der Equipe MERCI ze soen!
Bis muer erem am Filano!
Fielser dei gin niimols op!

Groussen Kampf, staark Leeschtung, keng Belounung
1.Veierel: 35-15; Wat een Start an den Match. Direkt den Xavier op Betriebstemperatur an no 4 Minutten stung et 25-4 dat konnten mer op 32-6 (no 6 Min.) ausbauen. Dun huet Steesel sech erkruet an konnt hiren Reckstand op 20 verkierzen. Sam huet leider schon 2 Feeler op sengem Compte.
Halbzeit: 62-39; Virun engem vollen Filano geet 2t Veierel esou weider wei dat eischt. Eis Jongen spillen stark! Defemsiv an Offensiv! Staarken Block vum Tabb geint den Koster, een Wahnsinn Dreier vum Xavier. Torres kennt vun der Bänk an scheisst direkt 2 Dreier hannerteneen!
Phasenweis fallen Schess net mee dann steet Defense ewei een Fiels an der Brandung! 45-26 no 14 Minutten; 59-36 no 17 Minutten. Mir spillen ewei Steesel mat enger klengen Rotatioun. Bis elo hun mer emmer eng Äntwert op Steeseler Aktiounen. Elo nach 2 Veierel Vollgas virun enger gudder Stemmung!
3.Veierel: 83-67; Equipe kämpft an geet net op! Den Pedro war elo an ouer Actiounen gaanz wichteg! Ganz Veierel den Virsprong em 20 gehaaln huet Steesel elo durch 3 Fauten (Feeler um Dreier gaanz knapps virum Veierel Enn) op 16 verkiirzen. Entscheed ass na neischt mee 10 Minutten elo alles gin, alles wat nach am Tank ass.
Endstand: 90-94; Durch 10 Fauten an der leschter Minutt gewennt Steesel dessen Match um Enn knapps mat 4 Punkten... et hät haut net sollten sin. Offensiv ass keen Ball mei rageschoss...27 op 7 geet dat Veierel fir Steesel op en Enn.
Merci Jongen fir dessen Match, dessen Kampf, des Leschtung! Mir zeihen eisen Hut. Och een decken Merci fir den Support!
Scorer: Xavier 33, Tabb 16, Sam 10, DJ 10, Torres 6, Dylan 3, Pedro 2.

Programm Hären A
De Match vum Joer
En Mëttwoch (20.12.2017 - 20h30) ass et sou wäit. De Showdown vum Joer. Coupe Véierelsfinall am Filano. Géigner kee gerengere wei den Doublé Gewënner vu Steesel. Keng einfach Affär mee mer wëllen Iwwerraschung packen an domadder de Final Four an der Coque erreechen.
De 6ten Mann op der Tribün an +10 zum Optakt op der Tafel sollen eis dobäi hëllefen.
Et geet net vill iwwert de Géigner ze soen, jidderee weess dass et déi beschten Equipe aus dem Land ass, an déi leschte Joer de Championnat dominéiert huet. Och huet all Mënsch matkrut dass mir eis no enger schwaacher leschter Saison verstäerkt a verbessert hunn a bis elo ongeschloe sinn.
Fir Leit déi vum Schaffe kommen an Honger hunn, oder fir Leit déi sech dobanne wärme wëlle servéiere mer an der Buvette eng gutt Gulasch Zopp. Des Gulasch Zopp kennt der da mat engem gudden zur Chrëschtzäit passenden Dikrecher Chrëschtbéier genéissen.
Nom Match geet et dann nach eng Kéier spannend. Direkt drop geet bei eis an der Hall de Final Four ausgeloust. Vue que dass déi 3 aner Véierelsfinall Begéinungen Dënschdes gespillt ginn, hätt all Equipe Méiglechkeet niewend dem Showdown um Terrain och d' Auslousung dono ze verfollegen.
Sidd all am Filano a supportéiert de BBC Arantia! All Stemm, all Support alles geet gebraucht fir Iwwerraschung ze packen.

Krimi zu Miersch
1.Veierel: 11-23; Eischt Veierel war Defensiv dat stärkst wat Equipe des Saison gewissen huet. All eenzelen huet sein Geigespiller bis zum Schluss gehaaln, sou dass Miersch nie zu einfachen Punkten kumm. Offensiv hun mer bis zum secheren Schoss gewaard an dei dann verwandelt. Eenzeg negativen Punkt, den DJ ass bei enger defensiver Aktioun emgeknext an misst verletzt raus. Gesäit fir de Moment net gudd aus.
Halbzeit: 48-48; at eischt Veierel nach gudd war, ass zweet Veierel net mei esou gudd gelaaf. Offensiv konnten mer erem 25 Punkten scheissen mee Defensiv hun mir der 37! zougeloos. Zevill fir een Match ze wannen. An esou kumm et och dass Miersch 10 Sekonnen virum Schluss dei eischte Keier a Feierung kum. Dest konnt den Xavier awer fir Paus ausgleichen. Vun Letzebuerger Säit ass et bei eis den Dylan deen an Attack Mode ass.
Zweet Halschent muss elo vill besser laafen! Esou wei eischt Veierel! Klengen Highlight gouf et, den Tabb mat engem Dunk wou hien iwert den Mierscher 11 sprengt an deen domadder op Poster hellt.
3.Veierel: 74-70; Eng Hiobsbotschaft no där annerer. 4 Punkten hannen, den Tabb an Luc bei 4 Feeler an elo och den Jovet verletzt um Fouss raus. Den DJ ass erem op den Terrain gaan an probeiert et, gaanz Ronn leeft en net.
4.Veierel: 92-92; Een absoluten Krimi zu Miersch...Overtime! 6 Punktem hannen bei 90 Sekonnen war et um Xavier mat Dreier! Defense stung dun an mer konnten eis an Overtime retten!
Overtime/Endstand: 98-101; Ongeschloen! 14-0! Play Offs! Wat een Match, dessen Match huet all Nerv kascht! An mat engem gudden Gefill geet et an den Coupe Match en Mettwoch! Matxhwinner war den Xavier mat 37 Punkten an engem Dreier nom anneren, mee och den Dylan huet sein Undeel un der Victoire! Lo gelt et fir dei Verletzten sech ze schounen an fit an den Coupe Match ze goen!
Traureg ze erwähnen ass, dass op Mierscher Säit 90 vun deenen 98 Punkten durch Ameriksner krueten! Mir wellen op dessem Wee dem Jovet nach eng gudd Besserung wenschen, leider hzet den Knöchel net mei gudd ausgesinn. Dem DJ wenschen mer och vill Rouh, en konnt zwa erem spillen mee en Mettwoch steet den wichtegsten Match bis elo um Programm! Mir gesinn eis all erem en Mettwoch an engem hoffentlech vollgepaackten Filano!
Scorer: Xavier 37, Tabb 27, Dylan 20, Sam 8, DJ 5, Luc 4.

Artikel Luxemburger Wort
Derby zu Miersch
Opgepasst: Upaff vum Match ass em 19h30
Dëse Weekend steet just 1 Fielser Match um Programm. Dëst ass den Derby vun eisen Häre géint de Black Star Miersch. No engem ganz schwaache Start a Saison (5 Néierlagen) hat de Black Star virum Bascharage Match decidéiert mat 3 Amerikaner opzelafen (bei 7 Leit am Kader). Si haten eng Siegesserie gestart, mee leschte Weekend géint Hesper huet et trotz 3 Amerikaner eng Néierlag op 28 gesat.
Bei eiser Equipe leeft et ëmmer besser. 13 Victoire an 13 Championnatsmatcher ( dobäi nach 2/2 an der Coupe) loossen sech opweisen. Eng zweet Halschent géint Mondorf wei een se ewell laang net méi gesinn huet (69 Punkten / 117 Gesamt am Match). Et ass och déi lescht Virbereedung virum Highlight vum Joer de Coupe Match géint Steesel. De Match géint Miersch geet awer zu 100% eescht geholl an net scho méi weit gekuckt. Well den Zolwer Match leschte Weekend ofgesot gouf duerch de Schnéi, kenne mir elo mat enger Victoire Play Offs selwer rechneresch kloer maachen.
Sidd dobäi zu Miersch an ënnerstëtzt déi Fielser Jonge wann se weider probéieren ongeschloen ze bléifen.

Weltklass zweet Halschent
1.Veierel: 23-21; Ausgeglachent eischt Veierel wou op beiden Säiten haaptsächlech Amerikaner scoren. Eis Equipe kum ouni Teamfeeler durch dei eischt 10 Minutten. Highlight war een Dunk vum Xavier.
Halbzeit: 48-40; Och dest Veierel war ausgeglach. Mondorf ass den erwaard schweieren Geigner. Hiren Amerikaner (13) hält sie am Match an trefft all Schoss.
3.Veierel: 81-53; Dest Veierel huet dun den Duechbroch bruescht. Equipe ass gudd aus der Paus komm an konnt vun Ufank un Avance emmer mei erheichen. Een direkten 10-0 Laaf huet eis Confiance bruescht an Munnerefer Geigenwier gebrach. 33-13 wannen ons Jongen dest Veierel. Den Xavier steet no 30 Spillminutten bei 30 Punkten den Tabb bei 27. Och zweestelleg treffen konnt bis elo den Sam (10). Sollt haut endlech den 100ter faalen?
Endstand: 117-77; Eng zweet Halschent wei een se well gesinn. Staarken Teambasket an den Geigner domineiert. Verdengten Victoire an dei 100 Punkten sin durch den Kapitän gefall. Um Enn stin der 117 op der Tafel an eng Victoire op 40. Zweet Halschent wannen mer 69 op 37! Staark! Steven trefft een 3er an den Jovet am leschten Veierel mat 2 Dreier hannerteneen. Aus engem Gus war dat! Während et dobaussem geschneit hat, huet et hei bannen Dreier gerennt. 17 Steck stin um Enn an det Statistik, alleng den Xavier huet der 6.
Scorer: Xavier 35, Tabb 32, Sam 18, Jovet 11, Dylan 5, DJ 5, Pedro 4, Steven 3, Schumacher 2, Luc 2.

Jean Ketter - Präsentatioun vun sengem Buch
Präsentatioun vum Buch war een vollen Erfolleg.
Wien dest Buch elo kaafen well, kann dest fir 25€ Steck an deenen meeschten Librairien maachen.
Wort Artikel iwer Präsentatioun (drop klicken)

All Matcher um Sonnden ofgesoet
Basket pur um Samsden Owend
En Samschden Owend ass am Filano de Programm voll mat Basket gelueden.
Während et dobaussen eiskaal ass an Chreschtdaag emmer mei no kennt ass dobannen Action pur. An fir dass et dem Zuschauer nach mei waarm geet, serveieren mir am Laaf vum Owend och nach eng gudd waarm Ennenzopp.
Lass geet dat ganzt em 17 Auer schonn.
Dann spillen nämlech zum Optakt eis Poussins géint déi zweet Poussins Equipe vun der Sparta Bartreng.
Dono ab 18h30 wëllen eis Dammen et besser maachen ewéi déi lescht Weekender. Fir si geet et géint Black Frogs Schieren. Keen einfache Match si Statistiken an dëser Saison genau ëmgedréint.
Während ons Dammen an 9 Matcher den Terrain 3 mol als Vainqueur verloos hun, huet Schieren der just 3 vun 9 verluer. Ee schweiere Match mee mam Heemvirdeel ass alles machbar.
Den Ofschloss maachen ons Hären da géint Mondorf. Munneref huet des Saison eréischt ee Match (géint Schieren) wanne kennen, trotzdeem sinn si net ze ënnerschätzen. Et ass fir jidderee schwéier géint si. Meeschtens verléieren si hir Matcher zimlech knapp, wei och mir missten auswäerts erkennen. Am Hinmatch gouf et just eng knapps 86-77 Victoire an domadder misste mir gewarnt sinn fir en Samschden.
Domadder wär de Samschden Owend mat guddem Basket vollgeplangt. Kommt och dir laanscht an ënnerstëtzt ons Equippen, fir dass si op hire Matcher den Terrain als Gewënner kenne verloossen.

Weekend Games
Niewent deenen 3 Match am Filano um Samschden Owend, spillen am freien Nomëtten eis Fillettes Auswäerts em 13h45 zu Contern géint hir Fillettes B Equipe.
Sonndes stinn da weider 3 Matcher um Programm, 2 doheem am Filano an 1 Auswäerts zu Esch.
Em 15 Auer spille Pre Poussins am Filano géint hir Alterskollege vum T71 Diddeleng, direkt am Uschloss um 16h30 dierf den neien Tabelleneischte vun de Reservenequippen sech géint Esch B beweisen. Natierlech wëllen si hir éischt Tabellenplatz verteidegen.
Auswäerts musse Minis zu Esch untrieden. Upaff vun dësem Match ass em 16h45.

Keng Problemer zu Schieren
1.Veierel: 17-23; Schwaachen Optakt, bim zum 15-15 stung et gläich. Dun huet den Tabb opgedreint an konnz mat 8 seieren Punkten eis eem Virsprong erausspillen!
Halbzeit: 28-51; 2t Veierel hun mer den Virsprong vergreissert. Jovet mat 3 Dreier konnt grouss dozou beideelen. No 6 Minutten haat Schieren ereischt 3 Punkten dest Veierel geschoss an konnt dei Punkten dono all vun der Fautenlinn scheissen.
3.Veierel: 42-70; No der Paus sin Jongen lues rankomm an Schieren konnt verklengern. Och erem vill Teamfeeler vun eis woudurch Schieren mat Fauten scoren konnt. Den Tabb mam Highlight aus dem neischt konnt en no engem Steal een Slam Dunk maan!
Endstand: 54-98; Leider ass et erem net dur gaan fir dei 100 voll ze maan. Mee Equipe huet zum Schluss mat 5 Letzebuerger um Terrain decke Gaass macheenmol gin. Am Ufang konnt den Tabb awer mat sengem nächsten haarden Dunk Zuschauer vun den Plaatzen reissen. Den Jovet huet och dest Veierel gewiessen dass en net nemmen Dreier scheissen kann, mee mat 3 LayUpen huet en och do seng Qualiteiten gewissen. Steven per Faute mat sengem eischten Punkt des Saison. Zum Schluss den Oly mat engem Fadeway Jumper a la Nowitzki deen rankomm. 5 Spiller konnten zweestelleg Scoren.
Witzeg Szene: een Schieren huet den Ball während dem Match mam Fouss gerannt dass en eng Technique kruet.
Scorer: Tabb 20, Xavier 16, Jovet 15, Dylan 12, Pedro 11, DJ 8, Schumacher 7, Oly 4, Sam 4, Steven 1.

Spitzenreiter Spitzenreiter hey hey
Eis zweet Härenequipe huet et der eischter gläich gemaach an feiert hir Tabell un! Fir eis zweet eng mei aussergeweinlech Leeschtung, sin sie am Moment op der eischter Plaatz an domadd dei best B-Equipe am Land.
Virum Spilldaag nach Punktgläich mat der zweeter vun Diddeleng an Bartreng, misst Diddeleng forfait mellen an domadder koum et zum Showdown am Centre Attert teschend der Sparta an der Arantia. Mee direkt an der eischter Halschent hun mer den Match kloer gemaach. Zur Paus lungen mer mat 17 Punkten fir an hun an der zweeter neischt mei ubrennen geloos.
Zum Spillverlaaf:
Am eischten Veierel konnten mer Avance dank dem Tom Becker (8) an dem Claude Weckering (8) esou wei dem Dylan Rocha Pires (6) ewell op 8 Punkten erheichen.
Am zweeten Veierel koum den Coach vun der eischter den Jerome Hansen zum Asatz an huet sech top motiveiert direkt mat 5 Punkten gudd afonnt. Den Claude huet weider gudd gescort an lung zur Paus ewell bei 19 Punkten.
Dat 3t Veierel war dun Ausgeglach an et war den Tom Becker mat 7 Punkten am dessen Veierel deen eis Faarwen heich gehaaln huet.
Dat leschte Veierel huet dun den Hansen mat engem Dreier agelaut. Um Een waren et 6 Spiller dei Scoren konnten, dovunner 5 mat jeweils iwer 10 Punkten.
Eng gaanz staark Equipeleeschtung huet des Victoire an domadder Tabellefeierung ermeiglescht.
No 9 Matcher goufen et 2 Neierlaagen leider doheem am Filano, auswärts sin mer weider ongeschloen!
Scorer: Claude 27, Pedro 19, Becker 15, Dylan 13, Hansen 10, Mendes 6.

Challenge accepted
Lousgleck war net op eiser Säit. An der Veierelsfinal vun der Coupe du Luxembourg treffen mir Mettwochs, den 20. Dezember op den Double Gewenner, der Amicale vu Steesel. Domadd hun mir dat schweiersten Lous gezunn wat do war. Den Match fennt bei eis am Filano statt an een + vun 10 geet et och fir eis.
Trotzdem wärd Equipe alles probeiern fir Iwerraschung ze packen an domadder den Wee zur Coque ze paacken!
Weider Match:
Hesper (+10) - Etzella
Sparta - Walfer
Musel - Esch

Den eischten geint den leschten
Spillen all dei anner Equipen aus der Fiels Sonndes, mussen eis Hären Samsdes Auswärts zu Schieren untrieden. Et ass deen Match mat den greissten Ennerscheeder statistesch gesinn. Mir, den ongeschloenen eischten an der Tabell treffen op Black Frogs dei ouni Victoire leschten sin.
Fir Black Frogs eng schweier Saison missten sie sech vun haut op muer emdisponeieren an fir Nationale 2 plangen.
Et dierf een awer keen Geigner ennerschätzen an besonneg net auswärts.
Upaff zu Schieren ass ewei gesott en Samsden em 20h30.

Games of the weekend
Desse Sonnden stin all dei anner Fielser Matcher um Programm. 5 Matcher am gaanzen an 2 dovunner doheem.
Et geet des Keier gaanz frei lass, Pre Poussins mussen schon em 9h30 zu Bartreng geint Sparta B untrieden.
Em 15 Auer sin dann zwee Matcher zäitgläich, am Filano treffen Fillettes op Musel Pikes an zu Beetebuerg spillen Damen geint Nitia.
Minis hun Rendez-Vous doheem em 16h15 geint Mamer an ewei gewinnd maan Hären B den Ofschloss.
Durch Victoire leschte Sonnden sin sie elo punktgläich mat der Musel an Sparta op der eischter Tabellenplaatz. Geint Musel konnten se schon wannen, elo steet zu Bartreng den Match geint Sparta um Programm. No engem laangen Basketdaag deen em 9h30 op der Sparta ugeet ass dest em 18h30 den Ofschloss.
Vill Gleck un all Equipen gewenscht.

Kleeschen am Filano
Video vun den Kanner ewei se dem Kleeschen bei senger Arrivée sangen fannt der hei op der rietser Säit an der Datei. Fotoen an eiser Gallerie.
|
|
RTL Rebound
Ewei schon geschter geschriefen war den RTL an der Lännermatch Paus op Besuch beim ongeschloenen Ofsteiger Arantia geint deen anneren Ofsteiger vun Käerjeng. Gesidd uerwen um Link den Rebound mat Interview vum Pedro Nunes an DJ Wilson. Des weider gin et hei nach Fotoen vum Match.
Decken Merci un den Luc Kappler vum Käerjenger Basket fir des Fotoen! Dei fannt der an eiser Gallerie.
RTl Rebound

Testmatch um Racing
An engem gaanz schwaachen Testmatch gouf et am Tramschapp eng Neierlaag. Beid Equipen hatten wichteg Spiller dei gefeelt hun, bei eis den Oly an DJ (Uni) esou ewei den Torres (verletzt) bei hinnen war deen neien Amie net am Kader (Grond onbekannt). Trotzdem konnten mer dat net ausnetzen. Et setzt eng batter Neierlaag, dei awer no souvillen Victoiren Equipe erem wakreg kann maan.
1.Veierel: 25-18; Racing war gaanz seier 15-7 fir an huet een Dreier nom anneren getraff (6 an dessem Veierel). 15-14 sin mer erem rukomm (schlussendlech dat nost wou mer rukomm sin) eh Racing weider Dreier getraff huet! An den Virsprong erem op 7 vergreissert.
Halbzeit: 47-38; Den Luc konnt direkt eisen eischten Dreier an der Partie verwandeln mee dest huet keen Opschwung bruescht. Den Jovet hat haut leider eng Keier guer keen Schossgleck. Staark dogeint gekämpft huet den Dylan. Mat Minus 9 gung et an Paus.
3.Veierel: 66-56; Xavier huet dest Veierel mat 12 Punkten domineiert. Mee rukommen konnten mir net an och einfach Punkten sin net gefall. (Tabb fastbreak Dunk laanscht).
Endstand: 82-75; Ouni Tabb mee durch eis Letzebuerger sin mer direkt 66-63 rukomm. Mee dun kum den Morton (3 Feeler belaascht) rem ran an mescht fir de Racing erem een greisseren Ecart. Pedro defensiv staark mat 4 Steals. Den Jovet konnt dem Braun, gaanz staark, kurz virum Fastbreak Lay Up den Ball klauen an den Tabb och deen nämleschten Braun nach blocken. Dono ass den Niveau vum Match gesonk, op beiden Säiten gouf een Lay Up nom anneren laanscht gesaat. 2 Minuten virum Schluss kruet Morton beim Stand vun 76-69 den 5ten Feeler mee mir konnten dat net mei ausnetzen. Den Racing mat 2 Dreier konnt dun alles decideiert.
Randnotiz: Eisen eischten Teamfeeler vun dessem Veierel gouf et 9 Sekonnen virum Schluss.
Scorer: Xavier 31, Tabb 20, Dylan 9, Luc 5, Sam 4, Schumacher 3, Pedro 3.

Jean Ketter - L'immigration dans le football luxembourgeois
Eisen Spiller Jean Ketter huet fir seng Uniofschlossaarbescht een Buch iwwert Immigratioun am Letzebuerger Fussball geschriefen.
Dest Buch geet dann och elo präsenteiert.
Dat gaanzt fennt Sonndes, den 3.Dezember em 16 Auer an der Buvette vum Stade Amadeo Barozzi
(Quartier Italie, rue Gare-Usines / rue Reiteschkopp, L-3481 Dudelange) statt.
Wien een Buch well kann dest fir 25€ Steck kaafen.
No der Veranstaltung geet et och nach een Patt zum beschten, ween well kann dono fir 9€ nach Spagetti Bolognese mat iessen goen.
Unmellung dofir, bis den 30. November, per Mail un den [email protected] oder Telefon un den +352 51 69 85 1.
Mir wellen dem Jean op dessen Wee fir dei flott Aarbescht begleckwenschen an hoffen dass hien nach oft den Fielser Trikot undeet.
Facebook Veranstaltung (drop klicken)
Tageblatt Artikel (drop klicken)