Jugendtraining geet erem un
Léif Elteren an Spiller,
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun (Covid-19) an den Mesuren vun der Regierung, waren mir als Veräin jo gezwongen, all eis Trainingen fir all eis Equipe ofzesoen (Jugend) Mir als Veräin wollten awer onbedéngt, datt eis Jugend weiderhin kann Basketball spillen.
Duerfir hun mir déi lescht Woch alleguer zesummen (Comité, Jugendkommissioun, Traineren) een Konzept ausgeschafft, dat all d'Mesuren vun der Regierung respektéiert an wat eis gläichzäiteg wäert erlaben, zumindest den Training bei der Jugend nees ze garantéieren.
Natierlech wäert deen Training net kënnen esou oflafen wéi bis elo an all Kand wäert och e bëssi manner Zäit kënnen pro Woch trainéieren, mä mir sinn awer als Veräin der Meenung datt et am Allerwichtegsten ass datt eis Kanner iwwerhaapt nees kënnen deen Sport maachen, deen si esou gären hunn.
Jiidereen geet separat vum jeweileg betraffenen Trainer ugeschriefen.
Bleift all gesond an sportlech!

Tageblatt Artikel mam Gaby Hoffmann
All Games canceled
|
All Matcher ofgesoet!!!
|