televie dag zu noumer
Mat eisen Local Heroes waren mir dann haut zu Noumer um Televie vertrueden. Bei vill Spaass ass et em de gudden Zweck gaan.
resultater vum weekend
weekend games
Télévie dag zu noumer
Den 20.04 ass zu Noumer groussen Télévie-Dag! An dem Kader spillen um 14h eng Promi-Ekipp mat „Local Heroes“ géint d‘Télévie „All Stars“ e Basketsmatch zu Noumer am Schoulhaff!
Eisen Kapitän DJ Wilson an sein Brudder Malik Wilson spillen bei den Local Heroes mat.
Fir de gudden Zweck ruffen mer eis Fielser Supporter op sech dessen Spektakel ukucken ze goen sou ewei Spiller an Spillerinnen unzefeiern.

merci chris
Nodeems eis Saison bei den Hären den leschte Samsdeg op een Enn gang ass, hu mir och schon eng éischt Nouvelle fir d‘Saison 24/25.
An de leschten Deeg huet eisen Headcoach Chris Wulff eis matgedeelt, dass hien d‘nächst Saison net méi zur Verfügung steet eis Seniors Ekipp weiderhinn ze leeden. Mir respektéieren an verstinn dës Entscheedung.
Dofir wollten mir mat dësem Post dem Chris villmols Merci soen fir seng ganz professionell an engagéiert Arbescht déi hien an der leschter Saison geleescht huet. Heen huet eis Ekipp bis an d‘Véierlsfinall vum Championnat a vun der Coupe bruecht, wou mir 2 mol ganz knapp un Walfer gescheitert sinn.
De Chris bleiwt de Cadets an Espoirs nach bis zum Schluss vun der Saison erhalen an probéiert, no der Finale vun den Espoirs, elo mat de Cadets een Titel mat an d‘Fiels ze brengen. Dat häss du an d’Ekipp verdengt Chris!
Merci fir Alles!

merci
Mir wollten op dëser Plaz nach eng Kéier ee ganz grousse Merci soen un all déi Leit déi eis geschter zu Walfer sou immens ennerstetzt hunn. Et war eng super Stemmung an och och wann et leider net duergang ass, si mir immens stolz wéi d‘Fielser Supporter eis Jongen duerno awer gefeiert hunn! Dat weisst op ee Neits, dass mir Fielser zesummen halen, op gewonn oder verluer!
Villmols merci Jongen fir déi 135 Minutten Krimi déi soubal kee wäert vergiessen. Dir hutt alles ginn an braucht de Kapp net hänken ze loosen! D‘nächst Joer attakéieren mir rem op ee Neits!
Schlussendlech gratuléieren mir der Residence fir d’2:1 Victoire an dëser historescher Serie. Mir wënschen iech vill Succès fir de Recht vun der Saison an hoffen dass är Nerven net nach eng Kéier sou mussen leiden.
Allez Fiels!

Arantia Castle Eastern Skill Camp
Eisen Camp war iwwer 2 Deeg ee riesen Erfolleg wou all Kanner vill Spaass haaten an och vill geleiert hun.
Merci un de Restaurant bei den Zwillingen fir Iessen an een groussen Merci un all Responsable, Trainer an Spiller dei zum Erfolleg vum Camp beigedroen hun.

Season over
1. Veierel: 15-18; Eischt Veierel ass riwwer an een nervösen Match wou Defense am Virdergrond steet. Trotzdem hun mer eis ee knappen Virsprong erauspillen kennen.
Halbzeit: 32-42; Staarkt zweet Veierel vun eiser Equipe, den Virsprong emmer weider ausgebaut an mat engem +10 fir eis Faarwen geet et an Paus.
3. Veierel: 57-57; Walfer ass mat engem komplett anneren Gesiicht aus der Paus komm an sie konnten den Match sugzer kuerz dreinen. Mat engem ausgeglachenen Stand geet et an dat lescht Veierel.
4. Veierel: 74-74; Ewei am eischte Match geet et och am drette Match zu Walfer erem an Verlängerung. Lescht Veierel war vun Spannung net mei ze iwwertreffen, mir waren kuerz fir, mee Walfer konnt de Match dreinen. 40 Sekonnen virum Schluss konnten mer ausgläichen. Mam Buzzer hat eisen Kapitän DJ Wilson Chance per Dreier op Victoire, mee de Ball wollt net ran.
1. Overtime: 87-87: Ween huet dat Dreibuch geschriwwen?? 2 Min virum Schluss 9 hannen, scheissen Maindron, Heuschling an Maindron 3 Dreier ran an gläichen aus. Walfer erem 2 fir, ass et den Maindron deen bei 19 Sekonnen nemmen 1 vun 2 Freiwerf trefft. Walfer spillt hiren Ballbesetz net clever aus mee maan een Turnover. Mat 1 Sekonn op der Auer ass et den Ogden op der Freiworflinn, trefft dei eischt mee verpasst dei zweet. Et gin nach eng Keier 5 Min Extra.
Endstand: 98-93; Et hät haut net sollen sin, Chancen waren do mee mir hun se net genotzt. Zu den entscheedenden Momenter sin Freiwerf net ragefall an Walfer steet no desser Victoire an engem extrem spannenden Match an der Halleffinal. Fir eis Equipe ass Rees eriwwer.
Scorer: Maindron 27, Ogden 19(17 Rebounds), Stith 14, Heuschling 12, Rocha 9, Wilson M. 9, Wilson D. 5.

finalneierlag
1. Veierel: 18-17; Spannenden Optakt zu Contern. Diddeleng huet sech eng frei Avance rausgespillt well bei eis Dreier net gefall sin, mee Equipe ass zereck komm an geet mat enger Avance vun 1 Punkt an Veierelpaus.
Halbzeit: 34-33; Zweet Veierel sin mer besser ragestaart an waren bis op 10 wechgezunn, mee Diddeleng ass no engem Time Out zereck komm an et bleift weiderhin een extrem spannenden Match.
3. Veierel: 44-47; Et bleift spannend, Diddel ass 3 fir virum leschte Veierel. Bei eis wellen Dreier weiderhin net rafaalen.
Endstand: 61-63; Et ass rop a rofgaan an Diddel huet sein Virsprong bei 5 gehaalen, an den leschten 15 Sekonnen war Chance do no engem Dreier erem runzekommen, mee ewei e Samsden wollten Freiwerf net rafaalen. No enger groussarteger Saison belounen sech eis Espoirs net an verleieren zu Contern an der Final geint den T71.

Espoirs FInal
Op Ouschtermeinden steet eng wichteg Final um Programm.
Em 17h00 ass Tip-Off an der Sportshall vum AB Contern fir Espoirs Final teschend eisem BBC Arantia an dem T71 Diddeleng.
No enger staarker Saison gellt et sech elo Belounung ofzehuelen. Am Championnat goufen et nemmen 2 Neierlaagen an 18 Matcher (dorenner eng doheem geint den Finalgeigner). Um Enn stung eng eischte Platz an der Qualifikatioun. An der Halleffinal huet Equipe sech dun geint Musel Pikes duerchgesaat an steet verdingt an der Final.
Dofir kommt all op dessem Feierdag op Contern, dot eppes Roudes un an ennerstetzt eis Faarwen an Espoiren bis zum Schluss, fir dass mer zesummen den Championstitel mat an den Filano huelen kennen.

Win or go home
No der Victoire geschter doheem geint Walfer ass e Samsden Owend em 20h00 den Entscheedungsmatch an der Walfer Sportshall.
Genee ewei lescht Joer hun mer eng Reaktioun gewissen an wellen elo erem den Wee an Halleffinal fannen.
Eng Victoire verlängert eis Saison an zesummen mat eisen Supporter am Reck wellen mer dest hikreien. Dofir kommt erem alleguer an Roud an Sportshall an ennerstetzt Equipe ewei dei lescht 2 Matcher och schon.

Mir erzwengen ee 3. match
1. Veierel: 21-19; Spannend eischt Veierel an dessem Match. Walfer ass besser rakomm, mee ugefouert vun engem staarken Maindron, deen vun der Bänk kum, konnten mer de Match dreinen.
Halbzeit: 42-36; Zweet Veierel huet Equipe weider gekämpft an alles gin. Een Steal an de leschten 5 Sekonnen an een Dunk vum Ogden hun de Virsprong op 6 erheischt. Deen Ogden, war et och, dee mat 11 perseinlechen Punkten am zweete Veierel glänzen konnt.
3. Veierel: 53-49; Et bleift ee spannenden Match, seier aus der Paus waren mer bis op 11 fort mee Walfer ass direkt zereck komm.
Endstand: 88-75; Wat ee Kampf a wat eng Leeschtung. Mat 88-75 kennen mir dessen zweete Match gewannen. Equipe huet nie opginn an haut alles rageheit, an Dreier sin rageflunn, besonneg vum Maindron. Den Entscheedungsmatch e Samsden Owend hun mer eis erkämpft an elo gellt et sech ze erhuelen an do erem alles ranzeleen!
Scorer: Maindron 24, Stith 19 (8 Rebounds), Ogden 17 (11 Rebounds; 8 Assists), Wilson D. 11 (6 Assists), Wilson M. 7, Heuschling 7, Rocha 3.