Dikricher Cavalcade 2020
D'Föös steet virun der Diir. Fir vill Leit dei scheinsten Joereszäit.
Dest Joer verkaafen mir Sonndes den 23.02.2020 op der Dikricher Cavalcade Entreesbilljet.
Dofir brauchen mir all eenzel Hellef.
Ween Zäit a Loscht huet eis do beim verkaafen ze ennerstetzen kann sech op eiser Facebook Säit, Instagram Säit oder direkt bei engem aus dem Comité mellen.
Des Tickets gin et och als Virverkaaf, ween also een Block well an dessen op der Aarbescht, an der Schoul, um Training oder am Café verkaafen well kann sech och gaeren bei den Uerwen geschriwwenen Meiglechkeeten mellen.

Een Match um Föösweekend
Föösweekend an steet just een Match um Programm.
Föössamsden spillen eis ongeschloen Hären B hiren Nodrosmatch (weinst Stuerm virun 2 Wochen ofgesoet gin) geint Racing B.
Upaff: 17h30 am Filano.
Eis Hären B probeiern ongeschloen ze bleifen, mee dass keen einfachen Match geint den Tabellenveierten, dei no 12 Matcher och nemmen 4 Neierlaagen hun.
Den Hinmatch am Tramschapp hun mir mat 88-70 gewonnen.
No der Neierlaag vun Sparta B bei der Etzella B, sin et 2 Victoiren Virsprong fir eis Jongen op Sparta B an dären 3 op Etzella B. Et gesäit gudd aus mam Zill Titelverdeedegung.
Also ween Föössamsden na neischt um Plang huet an virun den Fööspartyen nach no enger Beschäftegung siicht, deen ass häerzlech agelueden den Wee an den Filano op sech ze huelen.

An American Show
1.Veierel: 26-19; Een gaanzen schwachen Start an de Match! 3 Punkten no 5 Minutten an 10 hannen. Zweschenzeitlech stung et dun 7-19 fir Steesel mee een onbeschreiflechen 19-0 Run samt Buzzer Beater Dreier vum Davis hun eis hei an Feierung bruescht. Den Freimann vun der Bänk huet Fresch Loft rabruescht gehaat!
Ewei ugekennegt spillt Steesel mat 2 Non-Jicl!
Halbzeit: 49-39; Den Davis huet den Ufank vum Veierel geprägt. Een Dreier nom anneren huet hien getraff an se waren all weit hannert der eigentlecher Dreierlinn! Highlight war Virlaag hannert dem Reck vum Pedro Nunes op den Willett. Dono sin beid Equipen bessen ofgekillt an dass net mei vill gefall. Weinst jeweils 2 perseinlechen Feeler pro Amie huet Steesel den Schluss just na mat engem gespillt.
Een weider Buzzer Beater Dreier, des Keier vun eisem Kapitän Luc Kirpach huet Halschent ofgeschloss!
3.Veierel: 74-69; Steesel erem besser an Veierel gestart, mir konnten awer reageiern an aus +2 erem seier +10 maan. Trotz 4 Feeler op hirem neien Amie Perry huet sech den Virsprong bei 5 agependelt. Een heftegen Ankle Breaker Dreier vum Davis hun mer als Highlight ze berichten!
Endstand: 112-99; Wat een onbeschreiflech gäilen Match! Een Davis deen einfa net laanscht scheissen konnt (11 Dreier) an een Willett deen iwerall war mat sengem 40 Punkten Triple Double!
Steesel huet probeiert runzekommen mee Equipe hat emmer erem dei richteg Änwert. Besonneg eis Amien hun haut am Team, wahrscheinlech dat dei bescht Leeschtung als Duo gewissen dei Total League gesinn huet! Dat wichtegst ass dass mir eisen Virsprong kennen haalen/ausbauen!
2 Wochen Paus stin elo um Programm, ehe et den 29.02 erem am Filano geint Sparta Bartreng geet!
Scorer: Davis 45 (11 Dreier), Willett 43 (20 Rebounds, 10 Assists), Freimann 7, Wilson M. 5, Rocha 4, Nunes 3, Kirpach 3, Wilson D. 2.

Welcome Ar'mond Davis
Upaff zu Zolwer an mir hun nach eng wichteg Matdeelung ze maachen. An der klenger Paus, gouf et een Wiessel op der Non Jicl Positioun.
Den Adarius Avery ass aus privaten Grenn erem zereck Heem geflunn. Mir soen him Merci fir seng leeschtung an der Qualifikatiounsphase an wenschen him vill Gleck op sengem weideren Wee.
Nei an der Fiels ass den 1,98 cm an 24 Joer jonken Ar'mond Davis. Hien kennt vun der UC Santa Barbara. Virdrun hat hien bei Alabama Crimson Tide gespillt.
An sengem leschten Joer konnt hien 13 Punkten an 6 Rebounds bei 36 Prozent vun der Dreierlinn zum Erfolleg vun senger Equipe beidroen. Hien war och an all Match ausser engem an der Starting 5. Sein hechst Scoring Game lescht Saison lung bei 26 Punkten.
Mir hoffen mam Ar'mond eis Ziller am Play Down ze realiseiern an dass hien zesummen mam Shaun Equipe ufeiern kann.
Op dessem Wee wellen mer hien och nach eng Keier häerzlech bei eis begreissen.
Highlights Saison Alabamawww.youtube.com/watch?v=-wTnZRU3Gdk&t=173s&fbclid=IwAR3Rp4XnR50rM7MWIwT12b4v9cQlgIm4RNPsKAWzN5LsSyzkqZwGDmK_Cec
Highlights Santa Barbara

Eng Neierlaag zum Optakt
1.Veierel: 27-16; Eischt Veierel ass gespillt an duerch een Dreierreen vun Zolwer sin des mat 11 Punkten a Feierung.
Halbzeit: 48-46; Dest Veierel sin bei eis Dreier gefall. An mir konnten ugefouert vun eisen 2 Amien suguer a Feierung goen. Fir Paus konnt Zolwer sech dei awer zereck huelen.
3.Veierel: 71-63; Bis 55-55 war et een ausgeglachenen Match mee dono huet Zolwer erem een Laach gemaa an geet mat 8 Virsprong an dat lescht Veierel.
Endstand: 90-84; An engem Match wou bei beiden Equipen jeweils 2 Amerikaner um Terrain stungen, missten mir eis zum Schluss geschloen gin.2 mol waren mer 10 hannen, eng Keier kummen mer bis op 4 run, eng Keier suguer op 1 mat Chance a Feierung ze goen. Dreier sin gefall mer Schess no beim Kuerf sin net mei ragaan an domadd konnt Zolwer sech zum Schluss duerchsetzen.
Scorer: Willett 33, Davis 22, Rocha 10, Freimann 5, Ferreira 4, Wilson D. 4, Nunes 3.

Butzebasket zu Woltz
Geschter haat eis Butzebasketequipe een flotten Frendschaftsmatch zu Woltz. De Spaass stung am Virdergrond an deen huet een den Kanner ugesinn! Merci dem Rui,dem Gaby an dem Weltzer Basket fir deen flotten Daag!
Mettwoch vs Steesel
Et geet net vill Zäit fir Neierlaag zu Zolwer ze analyseiern, mee den Bleck muss gaanz seier no fir geriicht gin. Mettwoch Owend em 20h30 steet bei eis am Filano een direkt Duell um Programm. Amicale vun Steesel kennt op Besuch.
Konnten mir Sie des Saison well 2 mol schloen (eischten Spilldaag doheem an Auswäerts no Verlängerung) ass dat heiten een gaanz anneren Match. Vill diskuteiert am Land, huet Steesel en Samsden 3 Amerikaner geint Hesper opgestallt. Op Sie des 3 elo och en Mettwoch asetzen oder net, mat eisem 6ten Mann am Reck wellen mer hinnen weissen dass et och mat 2 Amerikaner an gudden Letzebuerger klappt.
Tabellaresch ass dese Match extrem wichteg, all Play Down Equipe ausser mir hun de Weekend gewonnen an domadder konnten Steesel a Contern op 2 Punkten jeweils verkiirzen. Et ass nach een laangen an harden Wee deen mer zesummen mussen goen!
Also komtm all en Mettwoch an den Filano an losst eis zesummen dei eischten Victoire am Play Down erreschen.

Ofsoen weinst dem schlechten Wierder
Wichteg Info fir all dei betraffend Matcher vun haut.
Fir dei, dei den Wee op Zolwer op sech huelen, maacht lues an passt op!

Play Down starts in Zolwer
Upaff: Sonndes, 09.02.2020 - 18h00
No engem Weekend Paus weinst den Coupe Halleffinalen, geet et den Weekend weider mam Optakt vum Play Down. 14 weider Matcher kämpfen stin dann nach virun eis. Een langen an harden Kampf fir an der Total League ze bleifen.
Lass geet et auswäerts bei der Nationale 2 Equippe vun Zolwer, wou mer eis an der Coupe des Saison missen geschloen gin. Zolwer huet hir Qualifikatiounsphase als 3ten ofgeschloss mat 5 Neierlaagen bei 18 Matcher.
Eng Heemstark Equipe dei no puer Joer an der Nationale 2 de Sprong erem an Total League wellen packen.
Ewei een et zu Zolwer gewinnd ass, wäert eng gudd Ambiance an der Hall sin an mir hoffen, dass eis Supporter op dessem freien Sonnden Owend zu där flotter Ambiance beidroen. Nemmen zesummen kennen mir eis Ziller erreschen.

Weekend Games
No enger Woch Paus, stin desse Weekend net manner ewei 14 Matcher um Prorgamm fir den Fielser Basket. De gro vun de Matcher fennt Sonnden statt.
Opgepasst: De Poussins Match ass net ewei um Bild em 16h30 mee schon em 10h45!
Samsdes, 08.02.2020:
Contern 14h45 Fillettes
Hiefenech 16h30 Minis B
Cadets 18h30 Diddeleng B
Pirates 18h30 Dames (@ Wasserbelleg)
Sonndes, 09.02.2020:
Contern C 09h30 Pre Poussins C
Zolwer 10h00 Minis
Poussins 10h45 Diddeleng
Zolwer 11h15 Scolaires
Pre Poussins 13h45 Sparta
Hesper 14h00 Filles Scolaires
Pre Poussins B 15h00 Mamer
Zolwer 18h00 Hären
Hären B 18h00 Racing B
Hären C 19h30 Bascharage B
Mir wenschen allen Equippen vill Gleck an hoffen op een erfollegräichen Weekend fir de Fielser Basket.

Et ass net duer gaan fir den Play Off
1.Veierel: 15-21; Een nervösen Optakt an dessen entscheedenden Match! Beid Equipen waren nervös gestart an hun net vill getraff! Dun konnten mer een eischten Racinger Run kontern an a Feierung kommen. No enger Technique weinst Flopping geint de Malik Wilson konnt Racing een Ecart rausspillen an geet mat 6 Punkten Feierung an 2t Veierel.
Halbzeit: 26-46; Racing konnt seier op 15 erheischen, dono haaten mir oft Chance zuzekommen 5 Freiwerf um Steck dei laanscht gaan sin an een Buzzer Beater Dreier vum Stater Miersch erheischen den Virsprong op 20 fir de Racing. Rui Nunes huet sein Comeback gin mee den Avery steet nach bei 0 Punkten. Zweet Halschent muss een groussen Turnaround kommen fir dass mir nach irgendwei an de Play Off kennen kommen.
3.Veierel: 49-69; Racing kum besser aus der Paus, mir konnten a Form vum Malik duerch 2 Dreier reageiern. Dono war et bei 25 Punkten bliefen! Eng Schlussoffensiv duerch Dreier huet et zerecl op 20 bruescht.
Endstand: 74-90; Trotz puer Comeback Versich mat back to back Dreier konnten mir de Reckstand net verkiirzen. Et hät haut net sollen sin. Lo gelt et all Energie erem zesummen ze kreien an zesummen duerch den haarden Play Down ze goen. 14 weider Matcher stin um Programm an duerch Qualifikatioun hun mer eis een klengen Virdeel geigeniwer vun Steesel an Contern kennen erkämpfen!
Scorer: Willett 30 (18 Rebounds), Avery 11 (15 Rebounds), Wilson M. 9, Rocha 9, Freimann 6, Ferreira 5, Wilson D. 2, Kirpach 2.

Knapp Neierlag geint den neien Tabelleneischten
1.Veierel: 12-18; Defensiv stung Equipe bis zur leschter Minut realtiv gudd mee offensiv ass neischt gefall. 6 Reckstand sin et nom eischten Veierel! Willett 2 Feeler.
Halbzeit: 29-33; Nach emmer leeft offensiv net gaanz vill mer Defense steet Gott sein Dank. Willett kruet seier sein 3te Feeler an mir konnten oft op Fautelinn goen. 3 Fauten hatten mer scho laanscht dun krueten mer bei 2 Reckstand 2 weider Fauten an treffen beid net. Miseler krueten keen offensiven geint sech gepaff an konnten treffen. No enger Feelpass eisersäits konnt Musel suguer erem bis op 6 fortzeihen.
Mat 4 Reckstand gin mer an Paus.
3.Veierel: 52-50; Offensiv leeft mee Defense stung net mei sou gudd. Den Garrett vun der Musel kum seier op 4 perseinlech Feeler. An Equipe bleift drun an konnt suguer zum Schluss a Feierung goen. Fans goufen mat an de Match geholl!
Endstand; 68-76; Um Enn ass Resultat mei deitlech ewei den Spillverlaaf. Bis 15 Sekonnen virum Schluss waren mer op 1 Kuerf drun.
Am leschte Veierel konnten mer bis 5 wegzeihen, haaten suguer puer mol Chance dest ze erheischen. Mee eng schlecht Freiworfquote an vill Turnover hun eis desse Match kascht.
En Sonnden em 17h30 steet dann den Do or Die Match am Filano un! Gewannen Play Off, Verleiern Play Down. Haal muss plaatzen an et gin keng Excusen net ze kommen. En Sonnden muss jidereen deen och nemmen bessen fir den Fielser Basket ass hannert der Equipe stoen!
Scorer: Avery 26 (13 Rebounds), Willett 21 (14 Rebounds), Rocha 7, Wilson M. 5, Wilson D. 5, Freimann 2, Ferreira 2.

Auswäertsvictoire fir eis Dammen
Eis Dammem setzen sech ouni Problemer am Dall duerch. Direkt am eischten Veierel (8-20) hun sie den Grondsteen vun der Victoire geluescht. War 2t Veierel (10-9) ausgeglach, hun sie am 3ten (15-25) den Match endgülteg entscheed! Lescht Veierel (7-7) ass et dono net mei em vill gaan an beid Equipen hun sech neutraliseiert. Iwerragend war Chiara Bettendorff.
Scorer: Bettendorff 26, Lynn P. 9, Laura P. 8, Majerus E. 5, Fuchs 4, Gomes E. 2, Braquet C. 2, Glodt 2, Nunes 2, Gomes M. 1.

Minis an der Halleffinal
History! They did it! Eis Minis, ennert hirem Trainer Duo Pit Hoffmann an Mike Jones konnten sech haut ouni Problemer doheem geint Musel Pikes duerchsetzen. Am eischten Tour na den Favorit vum Grengewald rausgeheit, stin sie elo an der Halleffinal vun der Coupe de l'Avenir. Een riesen Gleckwonsch hun Equipe an hiren Trainerduo! Respekt!
Pre Poussins Frendschaftsmatch zu Berbourg
De Metten war zu Berbuerg een Frendschaftsmatch teschend eisen Pre Poussins an deenen vun den East Side Pirates. Eis klengst konnten sech duerchsetzen mee den Spaass stung am Virdergrond!
Hären C back on winning track
Eischte Match des Woch an dei eischten Victoire. Eis Hären C setzen sech am klengen Derby geint Schieren duerch an beenden hir Negativserie vun 5 Matcher. Alles iwerragend war den Claude Weckering mat 36 Punkten an domadder bal Halschent vun den Punkten vun der Equipe.
Scorer: Weckering 36, Hansen J. 15, Henkel 11, Schmit 5, Nennig 4, Brancaleon 4, Muller 3.