Gedrenks aus dem depot ze verkaafen
Avis aux Amateurs Message vum Comité:
Moien Alleguer !
Mir verkafen e Samsten ab 10 Auer d' Saachen an der Hall fir den Akafspräis un déi, déi interesséiert sinn.
Dir kennt och am Virraus reserveiern.
Mei Infoen zu Präiser an Reservatiounen per PN un eis oder bei engem Comite Member.
Alles waat séier fort muss:
2× 30 Liter Fässer Béier gutt bis 28/07/20
1× 50 Liter Fass Béier gutt bis 12/08/20
8 Këschten Béier gutt bis 21/09/20
2 Këschten Fanta
2 Këschten Sprite
1 Këscht Cola
2× 8pack Hoegarden +3 Fläschen
8× 1/2 Liter Tonic
10 Tuten Salz Chipsen
10 Tuten Paprika Chipsen
An de Frigoen stinn och nach Softdrinks, Rosé a Weisse Wain
Dépot: (Alles Këschten)
4× Elbling
2× Rosé Saint-Laurent
2× Rouden Saint-Laurent
1× Rouden Pinot Noire
5× Fanta
3× Sprite
8× Cola
7× Viva
9× Rosport
8 Fäschen Orange Jus
4 Fläschen Äppel Jus
Denkt drun eng Mask opzesetzen.

Welcome chidi delhommais / all letzebuerger bleift
Zwou gudd Norichten op dessem Sonndeg:
1. Dei eischt gudd Noricht ass dass all Letzebuerger een weidert Joer bei eis an der Fiels bleift an ennert dem neien Trainer weider Geschicht schreifen wellen. Mam Pit Elcheroth hun mer just een Spiller deen weinst sengen Studien op der Uni eng Paus muss asetzen, mee soubaal et him meiglech ass, wäert hien eis erem zur Verfügung stoen.
2. Een weideren Neizougang hun mir Iech ue presenteiern. Vun der Ettelbrecker Etzella kennt den 19 Joer jonken Donovan (Chidi) Delhommais. Hien ass een interessanten Spiller mat Potential an war ennert annerem U16 Jugendnationalspiller. Lescht Joer ausgeleint bei den BBC Käldall ass hien op der 2 oder 3 asetzbar.
Mir begreissen den Chidi häerzlechst bei eis an der Fiels an sin frouh all eis Letzebuerger Spiller gehaalen ze hun!

welcome gilles poos
Nodeems mir Trainerdecisioun getraff hun, kennen mer haut eisen eischten Transferts bekannt gin.
Zesummen mam Trainer vun den East Side Pirates kennt den Gilles Poos an Fiels.
Den Gilles ass een jonken Spiller mat vill Potential an top motiveiert. Hien geet ausgeleint an kennt op der Positioun vum Point Guard zum Asatz.
Zesummen mam Christophe waren Sie mat den East Side Pirates an Nationale 2 opgestiegen. No Zweschenstation bei eisem Noper Hiefenech ass hien zereck op Berbuerg gewiesselt an konnt dest Joer 16 Punkten zur Coupe FLBB Victoire an der Final geint Mamer beisteiern.
Mir begreissen den Gilles häerzlech bei eis an der Fiels.

New head coach - christophe ney
Mir sin frou Iech den Christophe Ney als neien Chef Trainer vun eisen Hären A ze präsenteiern.
Den Christophe war iwer 6 Joer Chef Trainer vun den East Side Pirates Berbuerg/Wasserbelleg mat deenen hien den Opstig an Nationale 2 gepaackt huet.
Ewei schon ugekennegt geet hien vum Mike Jones assisteiert.
Zesummen wellen mer eis Ziller an Zukunft erreschen.
Welcome to Larochette Christophe!

Interview mam neien coach
Moien Christophe, wellkomm an der scheiner Fiels.
1.Wei ass de Kontakt zustaan komm? An firwat hues du dech schlussendlech fir Fiels decideiert?
Ney: "2017 haat den Rui mech kontakteiert fir schons mool eng Keier iwwert den Job als Head Coach ze schwetzen. Mir waren viirdrun emmer schons bessen an Kontakt gewiecht mee am Freijoer 2017 haaten mir dunn bessen mei konkret Gespreicher. Ech haat mech deemols awer dunn entscheed des Diskussiounen net weider ze verfolgen well ech zaitlech net genuch disponibel war an ech och nach eng Keier wollt probeieren mat den Pirates opzesteigen.
Arantia haat mech dunn lo virun e puer Wochen nees kontakteiert genausou wei och nach en aaneren Verain aus der Total League. Ech hun mat beiden Verainer gudd Gespreicher gehaat an beid Situationen wieren e gudden Challenge gewiecht. Deen een Verain wollt nach net sou seier eng Entscheedung huelen an am Ausland no weideren Optiounen sichen. Dohier war et fir mech dunn och net schweier der Arantia main OK ze gin.
Vun der Ekipp hier denken daat et en ganz gudd Potential get an den Droot zu den Verantwortlechen war och direkt ganz gudd. En plus wunnen ech an der Geigend an dohier war d'Arantia fir mech dei perfekt Situatioun fir eischt Erfahrungen an der Total League als Trainer ze sammelen."
2. Wat erwaards du dir virun denger eischter Saison mam neien Veräin an der Total League?
Ney: "Ech hun bis lo just an der N3 an eng Saison an der N2 gecoached. Dohier get Total League natiirlech eng grouss Erausfuederung fir mech.
Aktuell ass et schweier iwwer Ziiler um Niveau vum sportlechen Resultat eppes ze soen well nach net wirklech kloer ass wei dei nächst Saison ausgesait.
Fir mech als Trainer ass emmer d'Haaptzill all Spiller individuell an och an der Teamstruktur besser ze maachen, Spillverständniss ze verbesseren an daat d'Spiller op beiden Saiten vum Terrain dei richteg Decisiounen ze treffen.
Wann mer daat als Ekipp kennen ereechen, dann sin meng Erwaardungen als Trainer erfellt."
3. Et ass eng schweier Zäit, wei wells du den eischten Kontakt mat de Spiller opbauen?
Ney: "Mir haaten haut eng Videokonferenz mat all den Spiller wou ech mech kuerz viirgestallt hun. Mir werten lo iwwert dei nächst Deeg lauter individuell Gespräicher feieren fir daat ech dei eenzel Spiller besser kann kennenleieren.
Et ass fir mech wichteg ze verstoen waat dei lescht Joeren an den Aan vun de Spiller gudd an awer och net sou gudd geklappt huet. Dann kann een erausfannen wei een dei Saison viirbereed.
Et ass natiirlech schwiereg ouni direkten Kontakt an ouni Schaffen an der Haal eppes op d'Been ze stellen. Mir hun dohier awer genuch Zait fir am Hannergrond alles viirzebereeden fir daat mer pret sin wann mer och rem derfen an d'Haal goen."
4. Och de Modus an weieng Equippen nächst Saison Total League spillen ass na net secher. Wat ass deng Meenung zur Diskussioun?
Ney: "Daat ass en Thema iwwert daat een kann ganz laang schwetzen. Ech gin lo hei just meng perseinlech Meenung. Daat wichtegst fir de Letzebuerger Basket ass ze probeieren deen höchstmeiglechen Niveau an der Total League hierzestellen. Daat geet fir mech nemmen duerch eng Konzentratioun vun deenen beschten Spiller ob e puer Verainer. Dohier geif ech perseinlech eng Total League mat 8 Verainer gudd fannen.
An aaneren europäischen Länner mat mei Awunner wei bei ons gin et och just 10 Ekippen an der höchster Spillklass. An an sou enger 8er Total League hun ech och keen Problem domadder wann mat 2 Profien gespillt get.
Perseinlech fannen ech et net gudd wann an der N2 mat 2 oder mei professionellen Spiller gespillt get. Resultat dovunner ass daat dei lokal Spiller oft nach just minimal Rollen hun.
Op der aanerer Sait fannen ech et awer och emmer rem ganz traureg wann all non-JICL wei en Profi duergestallt gett. Mir liewen an engem Land mat baal 50% Awunner dei net dei letzebuerger Nationaliteit hun. Ech fannen et schlemm daat des Leit, wann se sech decideieren Basket ze spillen emmer rem an d'Kreizfeier gerooden an duergestallt gin wei wann si schold sin um Ennergang vum letzebuerger Basket. Mir sollten frou sin daat all dei Leit hei zu Letzebuerg liewen an wann si wellen Basket spillen, dann sollen si daat och dierfen an daat um höchstmeiglechen Niveau deen si erreechen kennen.
Dohier plaideieren ech schons laang fir d'Afeieren vun engem Profistatus an enger dementspriechender Limitatioun vun Profispiller.
Waat lo den Spillmodus ugeet, fannen ech Playoffs mat 8 Ekippen dei dann an engem klasseschen Best of 3 oder Best of 5 geinteneen untrieden am beschten."
5. Deng Ziller fir Zukunft?
Ney: "Meng perseinlech Ziiler sin et sou vill Spiller wei meiglech hellefen besser ze gin, an daat ob egal wei engem Niveau si sin. Daat ass fir mech daat wichtegst."
Mir soen dem Christophe Merci fir Zäit dei hien sech geholl huet fir dessen Interview mat eis ze maachen.
Foto: Robert Straus (RTL) / FLBB