17.Spilldag
No engem Weekend ouni Match, steet e Sonnden fir eis eischt Equipe den 17 Spilldag um Programm.
Den 28.01 ass em 17h15 Tip-Off an der Ettelbrecker Sportshal.
Am spannenden Kampf em Play-Offs oder eventuell engem Heemvirdeel an dessem geet et em all Victoire. Dofir kommt alleguer an Hall Frankie Hansen an ennerstetzt eis Equipe de gaanzen Match.

weekend games
rest in peace
De BBC Arantia trauert ëm säin laangjärege Member Emil Schlöder.
Den Emil war jorelaang eng dreiwend Kraaft am Comité vum Veräin an et konnt een sech ëmmer ob hie verloossen.
Mir wärten den Emil fir ëmmer a gudder Erennerung behalen.
Senger Famill a Frënn drécken mir eist déifsten Matgefill aus.

Cadets coupe 1/2 Final
Mat dëser Victoire am Tramschapp géint de Racing stinn eis Cadets an der Halleffinal vun der Coupe.
D'Halleffinal gëtt den 16/17.März gespillt an do treffen eis Cadets op d'Musel Pikes.

FILLETTES COUPE 1/2 FINAL
No de Cadets gëschter, qualifizéieren sech och eis Fillettes fir d'Halleffinal vun der Coupe!
An engem spannenden Match, gewanne si mat 44-39 géint Walfer an treffen den 16/17.März an der Halleffinal op d'Sparta.

programm
Batter Neierlag
Eis Hären verléieren mat 69-77 géint Contern. No engem starken 1.Véirel wou mir mat 25-17 a Féierung gangen sinn, ass Contern ëmmer besser an de Match komm a konnt 1 Punkt Virsprong mat an d'Paus huelen (37-38). Zum Schluss war de Match enk mä leider mam besseren Enn fir Contern.
1. Veierel: 25-17
Halbzeit: 37-38
3. Veierel: 58-51
Endstand: 69-77
Scorer: Ogden 17, Stith 16, Heuschling 13, Wilson M. 13, Wilson D. 10.

Resultater vum Weekend
weekend
16. spilldag
Desse Samsden steet am Filano em 20h00 den eischten Heemmatch vum Joer 2024 um Programm.
Et geet geint AB Contern, wou Equipe Neierlag aus dem Hinmatch erem well gudd maachen, awer och eng 7 Victoire um Steck an der Qualfikatioun vun der LBBL huelen well.
Fir dest ze realiseiern, hoffen mer erem op een Hexenkessel am Filano mat villen Zuschauer.
De Match géint Konter ass fir eis Hären an der Course ëm de Playoff e ganz wichtege Match. Wëll et gläichzäiteg den 1. Match vum Joer ass, offréiert de Comité vum BBC Arantia all den Elteren vun de Spiller a Spillerinnen déi bei eis aktiv sinn, fir dat neit Joer unzefänken e Samsten fräien Entrée.
De Match gëtt um 20 Auer am Filano ugepaff. Mir hoffen esou vill ewéi méiglech Leit e Samsdeg am Filano ze gesinn an d’Hal an den bekannten Hexekessel ze verwandelen.
See you there!

6 in a row
1. Veierel: 26-24; Eischt Veierel riwwer am neien Joer an et ass eng knapp Affair. Walfer war no 5 Min mat 7 Punkten fir mee mir konnten de Reckstand erem verkiirzen.
Halbzeit: 42-47; 12-2 Start an Veierel an mer konnten eis ee Virsprong erausspillen. Eng Copie vun der eischter Halschent just emgedreint, konnt des Keier Walfer de Reckstand verkiirzen.
3. Veierel: 61-63; Ausgeglachen 3t Veierel, de Virsprong bleift bei 2 Punkten. Et gellt elo nach 10 Min ze kämpfen an alles ze gin
Endstand: 75-86; Och dat neit Joer fänkt mat enger Victoire un, dei 6t hannerteneen. Eng staark an ofgeklärt Leeschtung, wou mer besonneg am leschte Veierel Nerven behaalen hun an Schlussphas kontrolleiert hun.
Scorer: Stith 32 (13 Rebounds), Ogden 28 (6 Assists), Maindron 12, Wilson D. 7, Heuschling 4, Rocha 3.

cadets / espoirs
Nierft den Hären déi lues awer sécher erëm an d’Spuer fonnt hunn, wollte mir awer kuerz no de Féierdeeg ee spezielle Bléck op éis Cadets-an Espoirsekippen werfen. Béid Ekippen hunn déi lëscht Méint nämlech super Basket gespillt a sinn an hiere Klassementer momentan ganz uewen an den Tabellen ze fannen.
D’Cadets hunn et fäerdeg bruecht an der 1. Divisioun 4 vun hiere 5 Matcher ze wannen a stinn domadder no der 2. Phase vum Championnat op der 1. Plaz a wäerte sëcherlech versichen dëst Konschtstéck am neie Joer ze widerhuelen an domadder ëm de Championstitel ze spillen.
Bei den Espoirs gesäit et ähnlech aus. Mat 9 Victoiren aus 10 Matcher stinn d’Jongen ganz uewen an der Tabell. Och si hunn also d’Chance ëm de Championstitel ze spillen wann si an der Réckronn esou weidermachen.
Béid Ekippen iwwerzeegen Woch fir Woch mat schéinem a séieren Ekippebasket an géife sech sécher freeë wann d’Fielser Supporter och mol bei hinne géife lanscht luuse kommen, wëll d’Jongen hunn et definitiv verdengt!
Déi nächst Matcher vun de Cadets sinn den 13.1. um 17:30 Auer Doheem géint d‘Musel Pikes. Eng Woch méi spéit, den 20.1. méi spéit spillen si d‘Véirelsfinal vun der Coupe des Jeunes um 15:30 Auer um Racing.
De nächsten Heemmatch vun den Espoirs ass den 19.2 um 20:15 géint d‘Sparta.
Wéi gewinnt, fannt dir alleguer d‘Matcher op flbb.lu
Macht wéider esou Jungs, mir si stolz op iech!
Allez Arantia!

15. Spilldag
Feierdeeg sin riwwer an den eischte Weekend am neien Joer geet et direkt weider mam 15. Spilldag an der LBBL.
Samsden Owend ass em 20h00 Tip Off zu Walfer an der Sportshall.
No 5 Victoiren zum Ofschloss vun 2023, steet elo een schweieren Match zum Optakt vum neien Joer op der Agenda. Am Hinmatch gouf et eng knapp Neierlag, an der Coupe eng mei heich. Beid Matcher waren am Filano, beim 3ten openeen treffen wellen mer et Auswäerts besser maachen.
Fir dest ze realiseieren brauchen mer och am neien Joer all Zuschauer.