Amerikaner sin gudd an der Fiels ukomm
Eis zwee Amerikaner sin haut gudd zu Letzebuerg ukomm. Sie sin bei der Equipe an der Hall. Mir wenschen hinnen zwee vill Gleck an der Saison an dass se secher seier hei alierwen.
Welcome Xavier Pollard an Welcome back Ladarius Tabb.

Pre season game added for Saturday
Kurzfristeg erakomm ass een Frendschaftsmatch fir en Samsden am freien Nometten. Et ass den domadder den eischten Pre Season Match vun der neier Saison an et geet doheem am Filano geint den Total League Opsteiger, de Stater Racing.
Upaff vum Match am Filano ass em 17 Auer an vläit fannen puer Leit den Wee an Hall fir dei nei Spiller an Equipe fir eischt spillen ze gesin.
Bis en Samsden am Filano.

UPDATE: Pre McGregor vs. Mayweather Party at Bistro 46 am Turm (Cine Scala Dikrech)
UPDATE:
Gudde Moien léif Boxfrënn,
Leider hunn mir eng ganz schlecht Noricht. Et ass nämlech esou, dass mir onerwaard ee Strech duerch dësen Event gemach kruuten andeems mir leider leider ab dräi Auer de Bistro 46 mussen zoumaachen. Mir hu bis zum Schluss probeiert den Event sou wei en geplangt war ze retten mä leider ouni Succès. Et deed eis immens Leed, dass et kuerzfristeg lo sou komm ass mä mir haaten mat allem gerechent mä net mat sou eppes. A sou Sachen kann een awer LEIDER n...äischt machen.
Den Event wäert also lo just als Pre-Mrgregor/Mayweather Party duerchgeszunn ginn, wou um 3 Auer dann Dieren musse gemach ginn. Mir sinn eis awer secher, dass nom Event Leit sech zesummendoen fir zesummen de Kampf ze kuken, sou dass mir iech awer invitéieren bis lanscht kuken ze kommen an ee Patt bei super Musek mat eis ze drenken.
Am Numm vum Bistro 46 an dem BBC Arantia entschëllegen mir eis bei iech. Mir haaten ee flotten Event geplangt mä et sollt leider net sinn.
Mir hoffen op äert Verständnis,
Villmols merci
⚜️⚜️⚜️THE MONEY FIGHT ⚜️⚜️⚜️
BBC Arantia Larochette & Bistro 46 ( Ciné Scala Diekirch) bring the biggest Fight of the century to Diekirch! Together with the Fresh Fingaz DJ CREW and DJ ILAIS we bring the best Oldschool vs. Newschool HIP HOP sounds to the North. So from 23.00 o'clock until 03:00 o'clock you can come party with us.
All Infos:
⚜️FREE ENTRY⚜️
⚜️OLDSCHOOL VS. NEWSCHOOL HIP HOP with DJ ILAIS ⚜️
⚜️HAMBURGERS ALL NIGHT LONG ⚜️
It's going to be "GANZ GROUSSE KINO" at the new Ciné Scala in Diekirch.
See you there for a legendary night.
Facebook Veranstaltung (drop klicken)

Wichteg Ännerung fir Nationale 2
Eng wichteg Nouvelle fir eis Supporter. Dest Joer wäert et awer net op Woltz goen, mee op Schieren. Op den Spillplang na geännert geet oder et esou bleift wei et ass gidd dir hei op eiser Säit gewuer.
Stay tuned!
Stay tuned!
Pre Season
No enger laanger Paus sin Plannungen vun der Pre Season voll am Gaan, an dei eischt Datumer vum Trainingsufank esou wei Testmatcher sin eraus.
Den eischten Training ass fir den 17. August festgeluescht, eis Amerikaner kommen den 22.08 un an fänken domadder den 24.08 am Teamtraining un.
Dann steet den 03.09 den eischten Härtetest um Programm. Zu Joeuf am Frankreich huelen mir Sonndes un engem Torunoi deel.
Dono ass Pre Season vollgepaackt, Mettwoch den 06.09 spillen mer an der Belsch geint Longwy.
Direkt den Weekend drop huelen mer um Tournoi vun Zolwer deel. Een Tournoi deen sech iwert 2 Deeg erstreckt (09.09-10.09.2017).
Eng Woch virun Saisonstart, Freides den 15.09, ass dann den groussen Season Opening am Filano, an zwa messen mer eis an engem Derby mam Noper vun Hieffenech.
Stand elo wär den 22.09 den leschten Training virum Championnatsoptakt den 23.09 doheem geint den Grengewald geplangt.
Ännerungen vun den Matcher, esou ewei genau Auerzäiten an Geigner gidd der am zur Zeit op eiser Säit gewuer.
Der Equipe wenschen mer vill Gleck an der Pre Season an hoffen dass se seier zesummen fannen, an Form kommen an eng gudd Saison kennen spillen.

Welcome back Tabb
♪♪ Tabb Tabb Tabb Darius Tabb Tabb Darius Darius Tabb Tabb Tabb.. ♫♫
Ladarius Tabb is coming back to Larochette.
Mir si frou Iech kenne matzedeelen dass den Tabb och nächst Saisohn ënnert eise Faarwe spille wäert. Domadder geet hien de Wee mat an Nationale 2, probéiert wei lescht Saison während deene 6 Méint erëm ee groussen Impakt der Equipe ze bréngen an domadder zeréck de Sprong an Total League ze packen.
Konnt den Tabb lescht Saison direkt vum éischte Match un iwwerzeegen an huet zesumme mam Duke an der Equipe ee Laf gestart wu een erëm hoffe konnt dass mer dra bléifen, hat hien sech leider zu Esch um Knéchel verletzt a misst bësse mei kuerz trieden. Trotzdeem huet den Tabb op Zänn gebass an ëmmer alles fir Equipe ginn.
Hien huet et fäerdeg bruecht Liga a ville Kategorien unzeféieren. Éischten an der Kategorie Punkten (27.5), éischten an der Kategorie Rebounds (14), éischte bei Feeler un him (6), zweete bei Steal (2.4) an zweeten am MVP Race (27.7; 0.3 hannert dem Rugg) ze ginn.
Et war impressionnant, säi beschte Match, samt Career High an de Punkten hat hien doheem am Derby géint Hiefenech 49 Punkten a 17 Rebounds. Wieder staark Leeschtungen hat hie mat 37 Punkten an 22 Rebounds (Career High) doheem géint Esch. Awer och fir déi, déi do waren, bleift säin Dunk géint de Racing an Erënnerung.
https://www.youtube.com/watch?v=kI394ci7ZmY
Mir hoffen dass hien och an der neier Saison (senger éischter kompletter als Profi) un seng Leeschtungen uknäppe kann an dem Xavier eng Stëtz ass sech hei am Land anzeliewen.
Welcome back Tabb!!

Nationale 2 Hommes - Spillplang 2017/2018
Den Spillplang vun der neier Saison, dem Abenteuer Nationale 2 ass raus. Sin Datumer nach net all mat Auerzäit festgeluescht, wessen mer awer schon geint ween mer weieen Weekend wou untrieden.
Lass geet et den Weekend vum 23.09.2017 mat engem Heemmatch geint Grengewald an 2 alen Bekannter. Mike Jones an Karel Achten kommen domadder direkt op Besuch. Weider geet et dann direkt mat engem duebelen Spilldaag, treffen mer Freides Auswärts op den Matofsteiger Käerjeng, kennt Sonndes den Opsteiger aus der Nationale 3, Wolz, op Besuch an den Filano.
Dono geet et dann bei den 2ten Opsteiger Mondorf, eh et doheem zum Derby geint Miersch an dem Elisio Delgado kennt.
Dann kommen 2 Auswärtsmatcher, fir eischt op Hesper, dono bei eis Kollegen op den Zolwerknapp.
Ofschloss vun der Hinronn maachen 2 Heemmatcher, Kordall dei den Opstiig knapps net gepaackt hun an dem BC Mess eisen Dauerkonkurrent an den leschten Joeren.
Fir Reckronn sin Matcher dann emgedreint, et geet keen duebelen Spilldaag mei. den Ofschloss vum Joer 2017 ass 2 Deeg virun Chreschtdaag doheem geint Hesper, den Optakt an Joer 2018 ass doheem geint Zolwer.

Nationale 2 Dames - Spillplang 2017/2018
Dei nei Saison brengt dann och Verännerungen bei den Dammen. Nationale 3 gouf weinst Equipemangel ofgemellt an Equipen sin dofir all an der Nationale 2, dorenner och eis Dammenequipe. Eng schweier Saison steet virun hinnen, dei se awer mat vill Engagement an Loscht ugoen wärten. Sie wärten keen Match verluer gin, och wann gudd Equipen mat Amerikanerinnen an staarken Letzebuerger als Geigner um Terrain stinn.
Fir sie geet et doheem lass geint den Dall eng anner Equipe dei mat aus der Nationale 3 kennt, den eischten Auswärtsmatch ass weiderhinn am Norden vum Land, zu Woltz.
Dono geet et dann geint Berbuerg (H), Miersch (A), Kehlen (H), Zolwer (A), Kayl (A), Kordall (H), Mess (H), Beetebuerg (A), Schieren (H) an Racing (A). Weekender vum 18.11 an 10.03 sin Spielfrei, well et 13 Equipen an der Liga sin.

Welcome to Luxembourg Xavier Pollard
Den éischten Non-Jicl Spiller huet seng Ënnerschreift ënnert de Kontrakt gesat. De 25 Järege Xavier Pollard vun der Kent State ass mat sengen 1.93 m virgesinn op der 1 eis Spill ze dirigéieren.
Den 20 Dezember 1991 zu New York (Bronx) als ee vun 8 Kanner gebuer, huet de Xavier 4 Joer op College verbruecht (3 bei Maine an säi lescht Joer bei der Kent State). Bei Maine huet en sech Joer fir Joer verbessert an eng Feierungsroll ageholl, op der Kent State konnt en dunn säi gutt Jo...er och bei engem neie Veräi widderhuelen. Mat knapps 15 Punkten am Schnëtt (Trefferquote 45%) huet en seng Scorerqualiteiten ënner Beweis gestallt, mee och seng 4 Assists weisen dass hien seng Matspiller gutt a Szene brénge kann.
Seng Highilghts: https://www.youtube.com/watch?v=Eu-Llx27_3E
Mir hoffen dass de Xavier ee gudden Impuls fir Equipe bréngt an eng Feierungsroll anhëlt. Mir wenschen him vill Gléck a sengem éischte Joer am Ausland an hellefen him su gutt et geet sech hei anzeliewen.
Seng Bio: http://www.kentstatesports.com/roster.aspx…
Welcome to the Arantia family Xavier.
Domadder mussen mer Iech awer leider och matdeele, dass eisen alen Amerikaner Duke Mondy net mei zeréck a Fiels kennt, hien huet sech décideiert eng nei Erausfuerderung unzehuelen. Mir soen him nach eng Kéier Merci fir die lescht 6 Méint a wenschen him vill Gléck op sengem weidere Wee.

Stroosemaart an der Fiels
Kommt all an Fiels op den Stroossemaart, drenkt een Patt mam BBC Arantia an iesst een gudden Türinger mat Fritten. Donierwend kennt der och nach eng Keier eng Ronn Soccer Darts spillen. Bis gläich an der Fiels!
Groussen Gleckwonsch un Gebridder Dhamen (Ronny an Gilles) fir den Gewenn vum eischten offiziellen Fielser Soccer Darts Tournoi.
Ween elo nach well kann gaeren bei eis eng Keier probeiern kommen an kucken den HighScore am Eenzel (3 Schess) vun 100 oder Zesummen (203) ze knacken!
Den Beier steet kaal, Türinger an Fritten sin prett, bis gläich!
Op eiser Facebook Säit ass och een kelnegn Video ze fannen vum Soccer Darts Tournoi.

Mir siichen Miwwel
Mir siichen Leit dei al Miwwelen hun an dei net mei brauchen. Wann se nach an guddem Zoustand sin an dir se awer lass wellt gin dann mellt Iech w.e.g. bei eis. Fernseher, Descher, Schierf, Still, Couchen, Better, Bettbezich, Nuetsdescher.... egal wat der nach su iergendwu stoen huet an der et net mei braucht, einfa bei eis per Privatnoricht, hei an den Comments oder per Mail op [email protected] . Merci fir all Är Hellef!
Een klengen Veräin,
Eng grouss Famill!
Een klengen Veräin,
Eng grouss Famill!