Densdes Testmatch geint Silvange
Knapps vu Köln zereck steet den nächsten Testmatch um Programm. Ewei dei lescht Summeren och, spillen mir een Testmatch geint US Silvange aus Frankräich. De Match ass bei eis am Filano an geet em 20h30 ugepaff.
Wichteg: Ab dessem Match kennt dir an der Hall mat der Kaart bezuelen

Neierlag zu Köln
Mat 89-72 mussen mir eis zu Köln geint Rheinstarts geschloen gin! Ouni Wilson Bridder an ouni de Rocha wat et ee schweieren Match wou Resverespiller hir Chance kruten!
Scorer: Overton 31, Julian 11, Maindron 8, Delhommais 7, Genoud 6, Majerus 4, Kneip 4.

Internationalen Testmatcher
Den zweeten Testmatch desse Weekend ass een internationalen. Ewei lescht Joer geet et op Köln geint Rheinstars.
Upaff ass Sonndes em 18h00 am Basketball Campus Köln.
Laut hirer Website laafen hir Testmatcher leider ouni Zuschauer of.

Eischten Testmatch gewonn
Eischte Frendschaftsmatch ass eriwwer an war ee flotte Match. Eis nei Spiller konnten sech gudd weissen an et huet een schon eng gudd Chemie gesin. Doropp leist sech weider opbauen!
Scorer: Overton 29, Julian 18, Maindron 13, Majerus 10, Wilson D. 9, Semchenko 6, Bosdijk 4, Genoud 4, Rocha 3, Delhommais 2, Tymi 2.

Pre Season starts on saturday
5 Méint si vergaange säit dem Aus an de Play Offs géint Etzella. Mat zwee neien Amerikaner an zwee neie Jicl Spiller gin mer an déi nei Saison. Eng éischte Chance déi nei Spiller an Action kennen ze gesinn ass schonn dëse Samschden, wann em 20h00 an eisem Filano den éischten Testmatch virun der Saison 22/23 um Programm steet.
Op Besuch kennt eisen Ex Co-Trainer Nigel Tolentino mat senger Equipe, dem Coupe FLBB Gewënner an Opsteiger an d'Nationale 2, de Black Frogs Schieren.

Pre Season Schedule
De Pre Season Programme vun eiser eischter Equippe ass raus. Lass geet et den 20.08 mat engem Heemmatch geint Nationale 2 Equippe vu Schieren mat eisem Ex Co Trainer Nigel Tolentino. Dono gin et puer International Matcher. Pre Season Ofschloss, 1 Woch virum Optakt vun der neier Saison, doheem geint de BC Mess.
Ännerungen um Programm gidd dir op all eisen Säiten gewuer.

Youth News
Nodeems mir scho méi lang ugekënnegt haten, dass mir de Joao Osario an der Jugend engagéiert hunn, kënne mir och lo annoncéieren wen eis d’Trainerteam an der Jugend kompletéiert.
Fir d’Saison 22/23 iwwerhëlt den Ted Kartheiser den Training vun eisen Filles Scolaires a Cadettes, nodeems hien 2021/22 de Philip Dejworek bei der Mondorfer Härenékipp assistéiert an d‘Schierener Dammenékipp 2020/21 gecoacht huet.
Am Kader vum A-Trainerschein 19/20 woar hien 3 Méint am Stage beim Hermann Paar am Gréngewald. Virdrun huet hien noeneen d‘Härenékipp vu Kehlen, HU14 vun d‘Zolwer an d’Escher HU16 trainéiert.
Seng eischt Trainerbreveten an Erfahrungen am Jugendtraining huet hien als Spiller vun der Sparta gemaach (Sparta, ISL, Lycée R. Schumann) spéider HU14-Trainer bei der US Hiefenech.
Wéinst dem Beruf an d‘Schweiz geplënnert, fängt 2008 seng Trainerausbildung do an bei PGC (USA) un, mat Trainerjobs bei den Dammen vun Erlenbach/Küssnacht, HU14 & HU19 vun GC Zürich a vun Aarau.
Nierwt dem Ted si mir och frou dass de Philippe Oly eis Minis Ekipp iwwerhëllt. De Philippe ass scho säit 6 Joer wichtegen Deel vun der Seniors Ekipp. Obwuel hien ganz vill mat Verletzungen ze dinn huet an doweinster net méi wieklech kann um Terrain agréifen, ass de Philippe ëmmer do fir d’Jongen ze motivéieren an ze ennerstëtzen.
Dofir si mir immens frou, dass de Philippe dëst elo och am Jugendberäich wäert kënne machen. Zesummen mam Rui Nunes, deen de Philippe wäert als Assistant ënnert d’Ärm gréifen, wäerten si allebéid probéieren un déi fantastesch Minissaison vum lëschte Joer unzeknäppen.
De Philippe mëscht am Moment säi Bachelor fir Sportsprof ze ginn an wäert do probéieren vill vu senge Kenntnisser unzewenden. Gespillt huet hien bei der Etzella, zu Miersch an natirlech an der Fiels.
Mir wënschen souwuel dem Ted ewéi och dem Philippe ganz vill Spaaß a Freed bei der Arbescht mat eiser Jugend a mir freeën eis si am Asaz ze ennerstëtzen. Domadder ass an der Jugend och alles prett fir an déi nei Saison ze starten.
Allez Arantia!

It's Showtime
Mir sinn ganz frou iech matzedeelen, dass mir eisen 2. Non-Jicl Spiller fir nei Saison fonnt hunn.
Mam Steven Julian hu mir ee ganz athletesche Spiller enner Kontrakt geholl dee mat sengen 198cm fir ganz vill Highlights suerge wäert. Net fir näischt ass säi Spëtznumm och “Showtime“! Fir déi déi sech wellen ee Bild machen, kënnen dëse Video als klengen Avant-Goût scho mol kuken.
De Steven kënnt vun der Cornell University an huet duerno a Portugal gespillt.
Welcome Steven! 🤝
Mam Steven ass eise Kader dann och elo komplett fir déi nächst Saison! Well mir ganz bewosst op dee Wee ginn fir just mat 2 Non-Jicl ze spillen an net den Trend vun anneren Ekippen matginn fir mat 3 ze spillen, heescht dat och dass mir mam Tyrell an Duane getrennte Weeër ginn. Den Duane huet ee Kontrakt an der 2. Israelescher Liga ennerschriwen an den Tyrell wäert och deemnächst een neie Veräin kënnen annoncéieren.
Mir wënsche hinnen zwee nemmen dat Bëscht a ganz vill Gléck op hierem weidere Wee. Villmols merci fir alles!

Welcome JJ Overton
Mir sin frouh Iech kennen den JJ Overton als neien Non-Jicl Spiller an der Fiels virzestellen.
Den JJ kennt vun der Weber State University wou hien mat sengen 1m98 op der 2 oder 3 zum Asatz kum.
An der Saison 2020/2021, huet hien fir Utah Valley Wolverines gespillt, wou hien all Match an der Starting five stung. Bei den Punkten (15.6) an Steals (1.4) huet hien Equiope ugefouert an war domadder een vun den Schlesselspiller vun senger Equippe
Lescht Saison ass hien dann bei Weber State Wildcats gaan, do kum hien och all Match an der Starting 5 zum Asatz an war mat 12.4 Punkten am Schnett drett beschte Scorer vun senger Equippe. Hien huet an senger Equippe Kategorien Steals an Blocks ugefouert.
Highlight Video
Mir hoffen mam JJ den richtegen Choix getraff ze hun an dass mer eis Erfolleger vun den leschten Joeren zesummen bestätegen kennen. Mir begreissen den JJ häerzlechst bei eis an der Fiels an freeen eis op dei gemeinsam Aufgaben dei virun eis stin.