Derbyneierlaag

1.Veierel: 14-22; An engem Match wou am Ufank beid Equipen neischt getraff hun ass et Hiefenech dei dat bescht draus gemaa hun an eis Feelcersiich ausnotzen konnten.
Halbzeit: 46-38; Wat een Turnaround. Kampf an Dreier brengen eis des 8 Punkte Feierung nodeema et schon 9 Reckstand waren. De Shaun ass mat 2 Dreier endlech an de Match komm, Freimann Dreier mam eischten Ballkontakt, Kirpach vun der Bänk an direkt Dreier, Pedro direkt mam eischten Ballkontakt Dreier ran an Goetzinger 2 Ballkontakter 2 Dreier eiskaal vun der Bänk. Fans goufen an de Match ragezunn ewei na nie! Elch leider mat Kappverletzung zweschenzeitlech raus. Kirpach Onsportlech.
3.Veierel: 62-53; Bis op 14 sin mer wechgezunn mee dun huet Equipe komplett den Fueden verluer an Hiefenech ass bis op 2 rukomm. Mee Equipe ass erem erwescht an duerch een Buzzer Beater Dreier vum Avery sin et 9 Punkten Virsprong bei na 10 Minutten.
Endstand: 76-81; Um Enn kann sech Hiefenech duerchsetzen. 14 Punkte Virsprong sin net durgaan. Bei 2 Punkten Virsprong krueten mir eng zesummen Onsportlech an Technique geint eis gepaff, dest war dono leider den Turnaround vum Match.
Scorer: Willett 22 (10 Rebounds), Avery 21 (16 Rebounds, 9 Assists), Goetzinger 6, Rocha 5, Wilson D. 5 (9 Rebounds), Elch 4, Freimann 3, Nunes 3, Kirpach 3, Ferreira 2.

Derby virun Chreschtdaag

Kuerz virun Chreschtdaag steet Freides Owes den leschten Total League Match vum Joer 2019 um Programm. An et ass een speziellen Match. Um Programm steet den Derby geint Hiefenech am Filano.
Upaff ass ewei gewinnd em 20h30 mee ewei erwähnt Freides Owes schon.
Mir sin weider gudd am Rennen fir Play Off Plaatzen. Och wann Auswäerts weiderhin de Wuerm dran ass, gelt et elo doheem erem an Spuer ze fannen. Fir dest ze packen, zielen mer op all eenzelen Supporter.
Dei lescht 3 Derbyen konnt Hiefenech wannen an dofir wär et erem un der Zäit, dass mir dest Duell fir eis entscheeden.
Dofir heescht et Freiden fir jidereen (Spiller, Coach a Supporter) eng leschte Keier am Joer 2019 alles ze gin. Een staarkt Joer positiv op en Enn ze brengen an mat engem gudde Gefill an Joer 2020 ze starten.

Auswäerts weider mat Problemer

1.Veierel: 25-18; 7 hannen no 10 Minuten, mee 3 Feeler um Shaun, propperen Ankle Breaker Step Back Dreier vun him mee den Arbitter huet offensiven Feeler gepaff. Den Dreier deen rangaan war zielt net mee den Shaun hat sein 3ten perseinlechen Feeler. Soss war et een Freiworf Match, 15 Teamfeeler goufen gepaaf.
Halbzeit: 43-38; Eng eischte Keier 11 hannen konnten mir duerch een propperen Run verkiirzen, dessen gouf awer duerch 2 Techniquen geint Dylan an Malik ennerbrach! Dun konnt Sparta erem op 10 erheischen mee eng Onsportlech geint sie an een Pedro Dreier hun et erem bis op 3 verkiirzt. Dun war Chance do fir mat engem Reckstand an Paus ze goen, Chance verpasst an Sparta erheischt op 5. De Shaun steet leider bei 4 perseinlechen Feeler.
3.Veierel: 74-59; Scheisst Sparta ee laanscht stin se mam Offensiv Rebound do an kennen hir zweet Chance netzen. Dest ass et och wat eis hei de Reckstand zimlech seier mei grouss uwuessen geloos huet.
Endstand: 103-84; Um Enn eng verdengte Neierlaag. Et war een komeschen an schwachen Match vun 3 Parteien.
Scorer: Avery 38, Wilson M. 12, Willett 11, Wilson D. 7, Rocha 5, Elch 5, Ferreira 3, Nunes P. 3.

Leschten Auswäertsmatch vum Joer

No der eischter Auswäertsvictoire zu Steesel, gouf et leschte Weekend dei eischten Heemneierlaag geint Esch. Als nächst stin 2 extrem wichteg direkter Dueller am Kampf em Play Off Platzen virun eis.
Lass geet et desse Samsden (14.12) em 20h30 zu Bartreng geint Sparta.
Sparta ass op engem negativ Run an huet sech dei lescht 5 Matcher missen geschloen gin. An der Tabell sin Sie elo no der Neierlaag leschte Weekend zu Contern Punktgläich mat deenen Tabelleleschten.
Mam Dean Gindt huet een wichtegen Akteur no bal engem Joer Verletzungspaus (Kreizbandress) sein Comeback gin, dofir spillt awer den Aaron Rodgers als Amerikaner am Plaatz vum Jarvis Williams.
Bei eis kum leschte Weekend fir dei eischte Keier den Shaun Willett zum Asatz, hien huet bekannterweis den Terry Winn ersaat.
Den Hinmatch an der Fiels, konnten mir virun enger extrem gudder Stemmung gewannen. Fir dass dest och um Reckmatch klappt geet all Zuschauer gebraucht. Sparta huet seit dem Enn vun leschter Saison een neien Supporterclub deen fir Stemmung suergt.

Weekend Games

Een rouegen Weekend virun der Diir mat nemmen 2 weideren Matcher nierwend dem Hären Match. All Matcher gin um Samsden auswäerts ugepaff.
Samsdes, 14.12.2019:
Racing 14h15 Poussines
Contern C 17h30 Hären C
Sparta 20h30 Hären
Samsdes, 14.12.2019:
Racing 14h15 Poussines
Contern C 17h30 Hären C
Sparta 20h30 Hären
Welcome Shaun
An der Woch gouf et dann bei eis een Wiessel op den Non Jicl Positioun.
Mir soen dem Terry Winn een groussen Merci fir sein Asatz dei lescht puer Meint an wenschen him vill Gleck op sengem weideren Wee.
Nei an der Fiels ass elo den 23 Jähregen Shaun Willett. Mat sengen Ronn 190cm kennt hien vun der Queens University wou hien dei lescht 2 Joer gespillt huet.
Seng Statistike vum leschten Joer lossen sech weissen. Vun 36 Matcher stung hien der 36 an der Starting five an huet Ronn 32 Minutten um Terrain ageiert. Während deenen 32 Minutten pro Match konnt hien mat 20 Punkten an 12 Rebounda am Schnett iwerzeecht. Fir seng Start Leeschtungen gouf hien mat enger Nomineierung am All American Division II Team belount.
Highlights
Leschte Mount war den Shaun, genee ewei den Daeshon Francis lescht Joer, nach an der NBA G-League bei den Iowa Wolves am Trainingscamp.
Mir begreissen den Shaun häerzlech an eiser scheiner Stadt an hoffen dass hien der Equipe fir de Rescht vun der Saison weider hellefen kann Ziller ze erreschen.

Eischt Heemneierlaag

1.Veierel: 19-17; Top Start an desse Match! Besonneg duerch eisen neien Amie deen mam eischten Versuch direkt een Dreier verwandelt huet! Dono haaten mer na puer seier Steals an den Escher Trainer misst no enger Minut mat engem Time Out reageiern. Esch gaanzt Veierel mat engem Amie, eisen dei lescht 3 Minutten op der Bänk. Bei Esch ass bis elo just den Rugg an Topform!
Halbzeit: 36-39; Esch na emmer ouni Jackson Cartwright mee trotzdem sin se fir well den Rugg erem ent MVP Performance ofliewert. Mir haalen awer dogeint an et ass och een Duell op der Tribün wou dei Escher mat Zuschauer an Fiels komm sin!
3.Veierel: 50-55; Freimann mam Buzzer Beater. Esch, alleng durch den Rugg, konnt bis 10 erheischen. Mee mir bleifen am Match! 10 Minutten ze goen!
Endstand: 71-81; Och mat just engem Amie huet Esch gewissen dass sie des Joer Näl mat Käpp wellen maan! Een Clancy Rugg an absoluter MVP Form huet hei den Ennerscheed gemaa! Trotzdem kennen mir stolz op Equipe sin, mir sin no 11 Spilldeeg na emmer total am Play Off Rennen an mat nach 2 Matcher um Prozgramm am Joer 2019 (14.12 op der Sparta / 20.12 Freides Owes heiheem geint Hiefenech) hun mer alles an eegener Hand!
Scorer: Avery 29 (11 Rebounds), Willett 22 (19 Rebounds), Freimann 4, Rocha 3, Goetzinger 3, Ferreira 2, Wilson D. 2, Wilson M. 2, Kirpach 2, Elch 2.

Spetzematch bei den Hären B

Wat een Krimi! Et war een Topduell op Aaenheischt. Beid Equipen waren no 9 Spilldeeg nach ongeschloen an et sollt nom Match just nach eng Equipe ongeschloen bleifen. Eis Hären B setzen sech in extremis 87-84 geint Sparta B duerch.
Nom eischte Veierel war et nach een ausgeglachenen Match (24-22) mee am 2ten Veierel konnten eis Hären B sech lues a lues een Virsprong erkämpfen an sin mat engem +8 an Paus gaan.
3t Veierel war dun komplett de Wuerm dran, an Sparta B huet eis komplett domineiert. 10 Punkten Reckstand waren et zum Ufank vum leschten Veierel an Equipe hat eng Herkules Aufgab ze bewältegen. Des hun sie ugeholl an och gewissen dass sie net wellen Equipe sin dei haut hir eischten Neierlaag kriet.
An deenen leschten 2 Minutten war er een verreckten Match. 75-82 stung et an de Rui konnt mat engem 3er den Reckstand verrengern. Dun mat 50 Sekonnen op der Auer an engem Spillstand vun 80-82 kruet Sparta B eng onsportlech geint sech. 1/2 Fauten getraff konnt de Pedro mam fällegen Ballbesetz per Dreier eis no laanger Zäit erem a Feierung brengen. Sparta B konnt dest nach eng Keier ausgläichen, mee eng getraffen Faute vum Mike Jones an een weideren Kuerf vum Pedro hun 3 Punkte Feierung bruescht. Zäit war ofgelaaf an wei der um Video gesidd huet Equipe schon gefeiert, mam Geigner ofgeklappt an Hären C sin zum Warm Up gaan. No kuerzer Decisioun hun Arbittern awer decideiert dass nach 1.5 Sekonnen ze spillen wären. Dorausser konnt Sparta, wann och knapp, net erem ausgläichen an eis Equipe geet als Gewenner vum Terrain an bleift domadder ongeschloen.
Scorer: Jones 30, Nunes P. 19, Ferreira 12, Nunes R. 11, Mendes 6, Becker 4, Rocha 3, Schumacher 2.

Eng Serie geet zu Enn

Den ongeschloenen Tabelleneischten Esch ass Samsden Owend zu Gascht bei eis an der Fiels. Ewei Wort en Meinden schon geschriffen huet wäert eng Serie op en Enn goen. Endweder dei Escher verleiern hiren eischten Match, wat mir hoffen, oder mi kreien eis eischten Neierlaag am Filano.
Den Hinmatch zu Esch, war eng vun eisen besseren Auswäerts Performance. Knapp missten mer eis an leschter Minutt geschloen gin. Nodeems Equipe awer leschte Weekend dei eischten Auswäertsvictoire feiern konnten, gin sie mat breeder Broscht an dessen Match.
Et ass och de Retour am Filano no drei Auswäertsmatcher um Steck an mir hoffen dass vill Leit den Wee rop op den Plateau Birkelt fannen an eis Equipe ennerstetzen.
Viurm Härenmatch kennt dann och mat engem Daag Verspeidung den Kleeschen an eis schein Haal. Ab 19h00 kennen Kanner mat hiren Eltern laanscht kommen an deen een oder anneren Cadeau vum Kleeschen entgeint huelen.
Eltern kreien mat hiren Kanner freien Entree op de Match, Jugendkommissioun mescht waarm Wirschtecher an mescht och erem hir berühmten Cocktailbar op.
Virbericht mam Jo Freimann an dem Escher Ben Kovac

Wocheplang

De Weekend stin erem eng Reih Matche rum Programm, fir eis Dammen steet den eischten awer schon e Mettwoch um Programm. Keen normale Match, well et ass den Derby geint Hiefenech. Bis op Hären Samsdes Owes an Fillettes Samsdes Mettes zu Deifferdeng, steet all Match Sonndes op der Afiiche.
Um Sonnden steet dann och den absoluten Top Match bei den Hären B un, dei beid ongeschloen Equipen, eis Fielser an Sparta Bartreng treffen do openeen.
Mettwoch, 04.12.2019:
Dames 20h00 Hiefenech
Samsdes, 07.12.2019:
Kordall 15h45 Fillettes
Hären 20h30 Esch
Sonndes, 08.12.2019:
Contern 9h30 Pre Poussins
Contern B 10h45 Pre Poussins B
Scolaires 13h30 Diekrech
Poussins 15h00 Pirates
Esch 15h30 Minis
Kielen 16h00 Dames
Hären B 16h30 Sparta B
Hären C 18h00 Mamer C

Eischt Auswäertsvictoire

1.Veierel: 18-28; Gudde Start an de Match! Leeschtung an dessem eischten Veierel erennert un een Heemmatch! Eischt 12 Punkten vun Steesel goufen duerch 4 Dreier geschoss. Mir hun duerch gudd Drives zur Zone eis een Virspront vun Maximal 12 erspillt. Vill verschossen Freiwerf an een Dunk deen laanscht gaan ass hun eng mei heich Feierung verhennert.
Halbzeit: 35-41; Zweet Veierel an Equipe huet een eischten Steesler Comeback Versuch ofgewiert. Vun +11 war de Virsprong just na bei +2. Avery steet awer leider bei 3 perseinlechen Feeler. Weider goufen och zevill Freiwerf net verwert.
3.Veierel: 53-57; Eng ennerierdesch Freiwerfquote mescht dessen Match weider spannend. Nemmen 12 vun 31 Freiwerf konnten mir verwandeln an trotzdem sin mer nach emmer a Feierung. Equipe kämpft an well des Victoire. Steesel konnt kuerzfristeg ausgläichen mee mir hun dei richteg Reaktioun gewissen.
4.Veierel: 73-73; No 39 Min war Steesel dei eischte Keier an Feierung gaan, dun war et den Dylan mat engem extrem wichtegen Dreier deen änwerten konnt. No engem Defensiv Stopp goufen et Fauten wou mir nemmen 1/2 verwandeln konnten. Eischten Steesler Dreier geet na laanscht, sie bleifen an Ballbesetz an mat 5 Sekonnen kennen sie duerch een weider probeierten Dreier ausgläichen. Dei lescht Aktioun konnt Avery net verwandeln. Overtime ouni Winn, 5 Feelern.
Endstand no Verlängerung: 77-82; Oh my gott! Endlech dei eischten Auswaertsvictoire an dat geint een direkten Konkurrent. Et ass eis ennerirdesch Freiworfquote dei desse Match onneideg spannend gemaa huet (24/48). Mee an der Verlängerung hun mer den Wee zum Kuerf zou gemaa an mat 4 Spiller out (Schmit, 2 Amien an Theisen) misst Steesel an der Verlängerung deif an Bänk goen. Dest huet een gemierkt an mer konnten duerch 3 verwandelt Fauten (no Onsportlecher an Technique geint Steesel) den Saack hei zou maan.
Scorer: Avery 23 (17 Rebounds; 2 Steals), Winn 18, Ferreira 11 (3 Steals), Rocha 10 (3 Dreier, 2 Steals), Wilson M. 9 ,(2 Steals), Wilson D. 6 ,(10 Rebounds), Elch 4, Freimann 1.

Derbysieger Hären B

Derbysieger! War er nom eischten Veierel nach eng Hiefenecher Feierung hun ons Jongen doni opgedreint! Dono huet Equipe dat gaanzt Kloer gemaa an deenen Hiefenecher keng Chance mei geloos! Hären B bleifen ongeschloen an gin sou nächste Weekend zum absoluten Topmatch geint Sparta B!
Scorer: Jones 34, Nunes R. 22, Nunes P. 22, Sequeira 10, Weckering 9, Mendes 3, Hansen 2.